Benalmádena

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Spain stub.svg Dëse Geographiesartikel iwwer Spuenien ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
De Puerto Marina vu Benalmádena

Benalmádena ass eng Stadgemeng an der spuenescher Regioun Andalusien. Se ass eng vun den 100 selbststännnege Gemenge vun der Provënz Málaga.

D'Stad Benalmádena huet 52.217 Awunner (Stand: 2007) op enger Fläch vu 26,58 km². Dat entsprécht 1.964,5 Awunner pro km². Déi an dräi Deeler opgegliddert Gemeng ass also gekennzeechent duerch eng héich Dicht vu der Populatioun. D'offiziell Sprooch ass Spuenesch (Kastilesch).

[änneren] Geographie

Benalmádena läit ronn 566 Kilometer vun der spuenescher Haaptstad Madrid ewech un der Südküst vun der iberescher Hallefinsel, 22 Kilometer südwestlech vu Málaga un der Costa del Sol.

D'Stad erstreckt sech laanscht d'Küst déi südlech a südëstlech verleeft. Nopeschgemengen sinn am Westen Fuengirola a Mijas, am Norden Alhaurín de la Torre an am Nordosten d'Gemeng Torremolinos. D'Uertschaft läit am Schnëtt op enger Héicht vun 280 Meter iwwer dem Mieresspigel.

[änneren] Um Spaweck

Commons: Benalmádena – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen