Benediktinerabtei Maria Laach

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, Sich
Maria Laach

Maria Laach (vu lat. Maria ad lacum - Maria beim Séi) ass eng mëttelalterlech Abtei an där Benediktiner liewen. Se läit an der däitscher Äifel, um westlechen Ufer vum Laacher Séi, engem Maar.

Geographesch Koordinaten: Gnome-globe.svg 50° 24’ 8.45’’ N 7° 15’ 10.49’’ O

Mosaik aus enger Säitenapsis
Graf vum éischten Abt an der Krypta
Krypta ënnert der Kierch

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Geschicht

  • 1093 grënnt de Pfalzgrof Heinrich II. vu Laach d'Klouschter.
  • 1112 bestätegt de Pfalzgraf Siegfried vu Ballenstedt d'Stëftung an iwwergëtt se der Abtei Affligem am Brabant zur Besidlung.
  • 1802 gëtt d'Abtei an der Säkularisatioun opgehuewen.
  • 1820 keeft d'Famill Delius d'Klouschter als Landwirtschaftsbetrib.
  • 1855 gi bei engem Brand d'Gebaier zerstéiert.
  • 1863 riichten d'Jesuiten hire Collegium Maximum op.
  • 1892 kommen d'Benediktinermönchen aus der Erzabtei Beuron Maria Laach besidelen.
Apsismosaik: Christus Pantokrator
Graf vum Stëfter

[änneren] Interessantes

  • Op engem Sailekapitell bei der Entrée fir an d'Kierch ass eng Duerstellung vun der Eva déi op engem Däiwel reit. Dësen Däiwel hue eng Narrekap un, dëst ass déi eelst bekannt Duerstellung vun esou enger Kap.
  • D'Skulptur aus Holz um Graf vum Stëfter ass déi eelst erhale polychroméiert Statue.
  • D'Sailen an de Fënstere am Agank vun der Kierch bestinn aus Kallek dee sech a réimesche Waasserleitungen ofgesat hat.
  • An der Krypta stoung schonns virun dem 2. vatikanesche Konzil an der Liturgiereform e mobilen Altor, deen et erlaabt huet d'Mass esouwuel mam Reck ewéi mam Gesiicht zu der Assistenz ze feieren. Tatsächlech ass Maria Laach eng Plaz wou d'Liturgiereform préparéiert a virugedriwwe gouf.
Sailekapitell mat Eva an Däiwel
Aganksberäich vun der Kierch

[änneren] Kuckt och

[änneren] Um Spaweck

Commons: Maria Laach – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim
Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
Aner Sproochen