Benediktinerabtei St. Matthias (Tréier)

Vu Wikipedia


Basilika vun der Abtei

Op der Héicht vun der Konrad-Adenauer-Bréck zu Tréier läit d'Benediktiner-Abtei St. Matthias mat hirer Geschicht déi déif an d'Réimerzäit zeréckgeet. Warscheinlech ass hei déi éischt chrëschtlech Communautéit vu Gallien entstanen.

Grad sou wéi St. Paulin Kierch am Norde vun Tréier, louch si am Süde baussent der réimescher Stadsmauer a just puer Foussminute vun de Barbarathermen ewech. De Bau a senger haiteger Form geet zeréck an 12. Joerhonnert. Dobäi sinn d'Iwwerreschter vum Apostel Matthias fonnt ginn, déi virdrun zum Schutz viru Plënnerer gutt verstoppt goufen. Zanterhier ass d'Apostelgraf eng beléift Pilgerplaz an eenzegt nërdlech vun den Alpen.

D'Sarkophage vun de Bëscheef Eucharius a Valerius

D'Abteikierch, eng romanesch Basilika, an där déi éischt Tréierer Bëscheef Eucharius a Valerius veréiert ginn, steet an der Mëtt vun der aler Klouschteranlag. An der Schatzkummer gëtt eng Staurothéik mat engem Stéck vum hellege Kräiz versuergt, déi d'Holzpartikelen ze gesi léisst. Si ass mat enge vun de wichtegste Reliquien iwwerhaapt, eent vun de schéinsten Tréierer Konschtwierker.

D'viischt Fassade vun der tuermgekréintener Basilika spigelt déi laang Baugeschicht iwwer e puer Joerhonnerten zeréck. Déi ëm 1150 fäerdeg gebaute festungsaarteg viischt Front gouf am 18. Joerhonnert zum Deel vun engem barocke Portal verstoppt. An der Mëtt vum Portal stinn d'Statue vum Apostel Matthias, vum Uerdensgrënner Benedikt an deem seng Schwëster Scholastika.

Südlech vun der Basilika sëtze sech Gebaier vum Klouschter mam Refektorium an dem dräischëffegem Dormitorium fort, déi am 13. Joerhonnert ënner zisterzienseschem Afloss entstane sinn. Zesumme mam Westflillek ëmschléisse si deen deelweis erneierte romanesche Kräizgank. D'Arkade vum Kräizgank sinn zum Gaart hin aus massive romanesche Béi a lafen am Verwëllef aus zu gotesche Spatzbéi. Si sinn ënnerdeelt duerch e puer Reie Béi (Triforien) déi uewen duerch Rosetten ofschléissen.

Geschichtleches[änneren | Quelltext änneren]

Schonn zanter dem 3./4. Joerhonnert huet sech virun der réimescher Stadmauer um Griewerfeld ëm d'Grafkierch vun den éischten Tréierer Bëscheef Eucharius a Valerius eng chrëschtlech Communautéit niddergelooss, déi 977 Benediktreegel iwwerholl huet.

Mëttelschëff vun der Basilika
Gnadenkapelle (Chapelle-de-Grâce)

Eng Héichzäit huet d'Abtei a romanescher Zäit erlieft, wéi 1127 beim Bau vun der haiteger Kierch Reliquie vum Apostel Matthias fonnt gi sinn. Zanterhier vu ville Pilger besicht, dréit dat ursprénglecht nom Hl. Eucharius benannte Klouschter den Numm St. Matthias. 1148 ass déi bis dohin nach net fäerdeg gebaute Kierch vum Poopst Eugen III. bei sengem Besuch zu Tréier geweit ginn. Tëscht 1421 an 1435 huet den Abt Johannes Rode eng Reform zur geeschtlecher an ökonomescher Erneierung duerchgefouert, déi iwwer Tréier eraus Bedeitung sollt kréien. Well Grënnung vun enger eegener Congregatioun allerdéngs schif gaangen ass, huet d'Abtei sech 1458 bis zu hirer Opléisung am Joer 1802 der Bursfelder Benediktiner-Congrégatioun ugeschloss.

Kräiz-Reliquie

Eréischt 1922 gouf d'Klouschter vu Seckauer a Maria Laacher Benediktiner ënner dem Abt Laurentius Zeller nees nei besat, dat an Tëschenzäit a Besëtz vum Geschäftsmann Christoph Phillipp Nell war. Nodeem de Konvent 1941 vun der Gestapo opgeléist gi war, sinn d'Benediktiner no Krichsenn nees zeréckkomm.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: St. Matthias (Trier) – Biller, Videoen oder Audiodateien