Benennung vu verännerleche Stären

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Fir d'Benennung vu verännerleche Stäre gouf e System entwéckelt dee sech op d'Bayer-Bezeechnung stäipt. Dobäi gëtt en Identifikator gebraucht hanner deem de Genitiv vum Numm vum Stärebild steet.

Well a fréiere Joerhonnerten nëmme wéineg Verännerlecher bekannt waren, war et normal, déi laténgesch Groussbuschtawe vun R un als Identifikator ze gebrauchen, also beispillsweis R Lyrae. Doduerch sollt eng duebel Bezeechnung vu grousse laténgesche Buschtawen, déi och bei de Bayer-Bezeechnungen am Stärebild Cygnus bis Q gebraucht goufen, ausgeschloss ginn. Bis 1836 war d'Benennung fir d'éischt an engem Stärebild, dem Serpens, beim Buschtaf S ukomm.

Mam Opkomme vun der Fotografie am 19. Joerhonnert ass allerdéngs d'Zuel vun den entdeckte Verännerleche séier geklommen. Amplaz vu laange visuelle Moossreie konnt een elo dozou iwwergoen, a verschiddenen Ofstänn opgehollen Himmelsfotoe mateneen ze vergläichen. Den Nummsystem hat awer beim Buschstaf Z seng Grenz, obschonn a ville Stärebiller nach weider Verännerlecher ze benenne waren. Ähnlech war et fréier och de Bayer-Bezeechnungen ergaangen. D'Benennungssystem gouf dofir mat Duebelbuschtawe vergréissert, am Ufank vun RR bis ZZ'', dann nach eemol vun AA bis QZ.

Wéi dat net méi duergoung, huet den hollänneschen Astronom A. A. Nijland virgeschloen, de System vun der Benennung vu Grond op nei anzeriichten an einfach d'Bezeechnunge V1, V2, V3, … ze gebrauchen: de V fir verännerlech, gefollegt vun enger fortlafender Nummer. Well verschidden Nimm awer schonn fest etabléiert waren, wéi z. B. d'RR Lyrae-Stären an W-Ursae-Majoris-Stären, gouf dat neit System eréischt vun der Nummer V335 agesat.

Dat aktuellt Benennungssystem fir verännerlech Stären heescht dofir fir all Stärebild:

  1. Et fänkt ee bei R un a fiert weider bis Z.
  2. Duerno geet et weider mat RR, RS, … RZ, dann SS, ST, … SZ, TT, … TZ, asw. bis ZZ.
  3. Da gëtt AA, AB, … AZ, BB, BC, … BZ, asw. bis QZ gebraucht. D'Kombinatioune JJ bis JZ ginn dobäi ausgelooss.
  4. Nodeem all déi 334 méigleche Buschtawekombinatioune gebraucht goufen ass déi alphabetesch Benennung um Enn ukomm an da gëtt mat V335, V336, V337 a.s.w weidergefuer.

Beispiller fir sou benannt Stäre sinn: R Leonis, VY Canis Majoris a V373 Scuti.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie