Benennung vun Asteroiden a Koméiten

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Benennung vun Asteroiden a Koméiten leeft no enger zweestufeger Method of. Kuerz no hirer Entdeckung kréie si e sougenannte provisoreschen Numm aus Zuelen a Buschtawen, deen am Allgemengen den Entdeckungsdatum no engem vun der Internationaler Astronomescher Unioun (IAU) festgeluechte Schema enthält. Nodeem déi genee Ëmlafbunn vun engem neientdeckten Asteroid bestëmmt an duerch onofhängeg Observateure bestätegt gouf, huet den Entdecker d'Virschlagsrecht fir en Numm op deen Objet, deen da vun der IAU ënner Rücksicht vu verschiddene Critèren offiziell vergi gëtt. Koméite ginn haut ëmmer no hirem Entdecker genannt.

Provisoreschen Numm[änneren | Quelltext änneren]

Dat aktuellt Benennungsschema gouf aus méi ale Systemer duerch Erweiderung geformt, sou datt eeler Bezeechnunge mat méi neie konsistent sinn.

Zesummesetzung[änneren | Quelltext änneren]

De provisoreschen Numm vum neientdeckten Asteroid oder Koméit gëtt vun der IAU unhand vum Entdeckungsdatum aus folgende Bestanddeeler geformt:

  1. D'Observatiounsjoer
  2. En Eidelt Zeechen
  3. Ee Buschtaf bezeechent den Hallefmount vun der Entdeckung. Vum 1. Januar bis de 15. Januar gëtt de Buschtaf A benotzt, vum 16. Januar u bis Enn Januar de B asw. bis schliisslech an der zweeter Dezemberhallschent den Y gebraucht gëtt. Dobäi gëtt de Buschtaf I iwwersprongen.
  4. Eng Zuel fir e Koméit resp. een zweete Buschtaf fir en Asteroid als Duerchnummeréierung vun der Neientdeckung. Fir Koméite gëtt dobäi einfach eng fortlafend Zuel gebraucht. Fir d'Asteroiden dogéint gëtt d'Alphabet widderholl vun A bis Z onënnebrach (och hei gëtt den I ewechgelooss), woubäi d'Zuel vun den Duerchleef duerch d'Alphabet mat enger ugehaangener déifgestallter Zuel ugefaange bei Null fir den éischten Duerchgank bezeechent gëtt. D'Null fir den éischten Duerchgank gëtt ewechgelooss, sou datt déi déifgestallt Zuelen eréischt vun der 1 un, fir den zweeten Duerchgank ufänken. Wéinst der Beschränkung vum ASCII-Zeechesaz (an aus Kamoudheet) gëtt allerdéngs dacks op déi Déifstellung vun der Duerchlafszuel verzicht.
  5. Koméite gëtt zousätzlech nach e weidere Buschtaf ugeschloss mat engem schréie Stréch virdrun, soubal wéi d'Bunnelementer genee bestëmmt sinn (kuckt d'Tabell dozou).
  6. Objeten, déi een ufanks als Asteroid ugeholl hat an déi sech méi spéit als Koméiten erausstellen, behalen hir éischt Bezeechnung. Et stellt een hinne wéi all den anere Koméiten de Buschtaf virdrun deen d'Bunn charakteriséiert.

Tabelléiert Buschtawenkodéierung vum Benennungsschema:

Buschtawekodéierung vun den Hallefméint
éischt Moundhallschent A=Jan C=Feb E=Mäerz G=Abr J=Mee L=Juni N=Juli P=Aug R=Sep T=Okt V=Nov X=Dez
zweet Mounthallschent B=Jan D=Feb F=Mäerz H=Abr K=Mee M=Juni O=Juli Q=Aug S=Sep U=Okt W=Nov Y=Dez
  I=ausgelooss Z=onbenotzt
Buschtawekodéierung vun de Koméitebunnen
P d'Ëmlafzäit ass méi kleng wéi 200 Joer (Periodesche Koméit)
C d'Ëmlafzäit ass méi grouss wéi 200 Joer
X d'Bunn ass net ze bestëmmen
D Periodesche Koméit, dee verluer goung oder net méi existéiert
A nodréiglech gëtt festgestallt, datt et sech net ëm e Koméit, mä ëm en Asteroid handelt

Beispiller[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 2004 gouf also ugefaange beim 1. Januar den éischten entdeckten Asteroid 2004 AA genannt. Dat Schema leeft da bis 2004 AZ duerch, dat da vum nächsten Duerchlaf 2004 AA1 gefollegt gëtt. Et gëtt soulaang duerchgaangen, bis de 16. Januar (no UTC-Zäit) ufänkt; den éischte Buschtaf wiesselt domat op B, an d'Ziele gëtt mat 2004 BA fortgesat.

E Beispill fir d'Reiefolleg vun de Bezeechnungen an enger Mounthallschent, um Beispill vun der zweeter Septemberhallschent 1995: 1995 SA, 1995 SB, …, 1995 SY, 1995 SZ, 1995 SA1, …, 1995 SZ1, 1995 SA2, …, 1995 SZ9, 1995 SA10, asw.

Dee mëttlerweil ënner dem Numm (90377) Sedna bekannten Himmelskierper hat déi provisoresch Bezeechnung 2003 VB12. Hie gouf also an der éischter Hallschent vum November 2003 entdeckt (V) a war déi 302. Entdeckung an deem Zäitraum (B12 → 2 + 12*25 = 302).

Koméitenentdeckunge ginn ähnlech genannt: 2004 A1 ass den éischten entdeckte Koméit am Zäitraum vum 1. bis 15. Januar 2004, 2004 A2 den zweeeten asw.

De Koméit Hyakutake zum Beispill gëtt och ënner der Bezeechnung C/1996 B2 gefouert. Hyakutake war also den zweete Koméit, deen an der zweeter Hallschent vum Januar 1996 entdeckt gouf. Seng Ëmlafzäit ass, wéi den C uweist, méi grouss wéi 200 Joer.

Dauerhaften Numm[änneren | Quelltext änneren]

Asteroiden[änneren | Quelltext änneren]

D'Nimm vun den Asteroide setze sech aus enger virdrugestallter Nummer an engem Numm zesummen. D'Nummer gouf fréier d'Reiefolleg vun der Entdeckung un. Haut ass si eng reng numeresch Zielform, well si eréischt vergi gëtt, wann d'Bunn vum Asteroid geséchert ass (d. h. wann den Objet jiddwerzäit nees opzefannen ass). Dat kann och eréischt Joren no der éischter Observatioun geschéien.

Den Entdecker huet an der Zäit vun zéng Joer no der Nummeréierung d'Virschlagsrecht fir en Numm ze ginn. Dee muss awer duerch eng Kommissioun vun der IAU bewëllegt ginn, well et Riichtlinne fir d'Nimm vun Himmelskierper gëtt. Dementspriechend existéiere vill Asteroiden zwar mat Nummer, awer ouni Numm, virun allem an den ieweschten Zéngdausender.

Den éischten Asteroid gouf 1801 vum Giuseppe Piazzi um Observatoire Palermo op Sizilien entdeckt. De Piazzi hat den Himmelskierper op den Numm „Ceres Ferdinandea“ gedeeft. Déi réimesch Gëttin Ceres ass d'Patréinesch vun der Insel Sizilien. Mam zweeten Numm wollt de Piazzi de Kinnek Ferdinand IV., den Herrscher iwwer Italien a Sizilien éieren. Dëst hat der internationaler Fuerschervereenegung net gefall an den zweeten Numm gouf gestrach. Déi offiziell Bezeechnung vum Asteroid ass deemno (1) Ceres.

Bei de weideren Entdeckunge gouf d'Nomenklatur bäibehalen an d'Asteroide goufen no réimeschen a griichesche Gëttinne genannt; dat waren (2) Pallas, (3) Juno, (4) Vesta, (5) Astraea, (6) Hebe, a sou weider. Ufanks hat och dat ongeschriwwent Gesetz gegollt, datt Asteroiden ëmmer weiblech Nimm kruten; dat gouf fir d'éischt beim Asteroid (334) Chicago gebrach.

Wéi ëmmer méi Asteroiden entdeckt goufen, goungen den Astronome déi antik Gottheeten aus. Sou goufen d'Asteroiden ënner anerem no der Fra vum Entdecker, zu Éiere vun historesche Perséinlechkeeten oder Perséinlechkeeten aus dem ëffentleche Liewen, Stied a Mäerchefigure genannt. Beispiller dofir sinn d'Asteroiden (21) Lutetia, (216) Kleopatra, (719) Albert, (1773) Rumpelstilz, (5535) Annefrank, (17744) Jodiefoster. D'Praxis hat och kurious Bléien. Sou ass beispillsweis den 1935 entdeckte Planetoid (1372) Haremari zu Éiere vun de Mataarbechterinne vum Astronomesche Recheninstitut vun Heidelberg genannt, als Harem vum ARI. E weidert kuriéist Beispill ass den Asteroid (2309) Mr. Spock, deen net nom Star Trek-Charakter, mä nom Entdecker senger Kaz, mam selwechten Numm, genannt gouf. Dat hat dozou gefouert, datt d'IAU d'Benennung vun Asteroiden no Hausdéieren onerwënscht erkläert huet.

Nieft Nimm aus der griichesch-réimescher Mythologie kommen och Nimm vu Gottheeten aus anere Kulturkreesser zum Gebrauch, besonnesch fir nei entdeckt grouss Objeten, wéi (20000) Varuna, (50000) Quaoar an (90377) Sedna.

Nodeem 2006 déi nei Kategorie vun Zwergplanéiten agefouert gouf, konnt den Ceres d'Nummer 1, behalen an de bis dato als Planéit klassifizéierten Pluto wéi och Eris kruten nei Nummeren aus dëser Rei.

Koméiten[änneren | Quelltext änneren]

Normalererweis gëtt e Koméit no sengem Entdecker genannt, sou ass zum Beispill de Koméit Shoemaker-Levy 9 den néngte Koméit, deen Eugene an Carolyn Shoemaker zesumme mat David H. Levy entdeckt haten. E puer periodesch Koméite sinn awer och no deenen Astronome genannt, déi als éischt hir Bunn berechent haten: Den Halleysche Koméit ass beispillsweis nom Edmond Halley genannt, deen als éischten erkannt hat, datt e puer Koméitenobservatioune aus der Vergaangenheet zu engem Koméit gehéieren, deen a regelméissegen Ofstänn vu 76 Joer zréckkënnt.

Duerch systematesch automatiséiert Himmelsduerchmusterunge, besonnesch no potentiell geféierlechen Äerdbunnkräizer, ginn nieft villen Asteroiden (dofir och déi héich Duerchlafzuele vun neien Entdeckungen) och vill nei Koméiten mat deem Programm fonnt. Dem provisoreschen Numm gëtt dann zousätzlech den Numm vun der Observatiounsgrupp a Klameren ugehaangen, an der Traditioun vun der Benennung no den Entdecker. Sou hunn all d'Koméiten déi vum vum Sichprogramm LINEAR opfonnt ginn den Nummdeel ‚LINEAR‘, oder, wann d'Entdeckung zäitgläich mat aneren Observateure geschitt, ee kombinéierten, wéi z. B. ‚LINEAR-NEAT‘. Sou zum Beispill de Koméit mat der Bezeechnung C/2002 T7 (LINEAR), deen de 14. Oktober 2002 entdeckt gouf, an am Mee 2004 eng Visuell Magnitude vu ronn 2mag erreecht hat.

Periodesch Koméiten, déi op d'mannst bei hirem Zréckkommen observéiert goufen, kréie schliisslech eng permanent Nummer, gefollegt vun der Buschtawekodéierung vun hirer Bunn an dem Numm vum Entdecker respektiv Bunnberechner. Sou ass beispillsweis den 2P/Encke den zweete (nom Halley) vun am Ament 173 Koméiten (Stand: 18. November 2005), déi sou eng permanent Nummer kritt hunn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]