Bengt Strömgren

Vu Wikipedia
Bengt Strömgren
Gebuertsnumm Bengt Georg Daniel Strömgren
Gebuer 21. Januar 1908
Göteborg
Gestuerwen 4. Juli 1987
Kopenhagen
Nationalitéit USA, Schweden, Dänemark
Educatioun Universitéit vu Kopenhagen
Aktivitéit Astronom, Astrophysiker, Physiker, Universitéitsprofesser
Member vun Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften, Kinneklech dänesch Akademie vun de Wëssenschaften, Peepstlech Akademie vun de Wëssenschaften, American Academy of Arts and Sciences, Däitsch Akademie vun den Naturfuerscher Leopoldina, International Astronomesch Unioun, Koninklijke Nederlandse Akademie van Wetenschappen, National Academy of Sciences
Famill
Papp Elis Strömgren
Mamm Hedvig Strömgren

De Bengt Georg Daniel Strömgren, gebuer den 21. Januar 1908 zu Göteborg a Schweden a gestuerwen de 4. Juli 1987 war en däneschen Astronom an Astrophysiker.

Aus sengem Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Seng Eltere waren d'Hedvig Strömgren an de Svante Elis Strömgren, dee Professer fir Astronomie op der Universitéit Kopenhagen an Direkter vum Observatoire zu Kopenhagen war. Schonn als Jugendlechen huet sech de Bengt Strömgren mat astronomeschen a physikaleschen Theeme befaasst, an Erfarungen an der Quantemechanik am Niels-Bohr-Institut fir theoreetesch Physik gesammelt. Hien huet op der Universitéit Kopenhagen studéiert an 1929 huet hien do seng Dokteraarbecht zu engem Theema aus der Himmelsmechanik ofgeschloss. Säin Intressi louch an der Verbindung vun astronomeschen Observatioune mat der mathematesch-physikalescher Theorie, mat Schwéierpunkt op geneeër numerescher Analys.

No zwee Joer Openthalt op der University of Chicago an dem Yerkes-Observatoire an den USA, koum hien 1938 zeréck an Dänemark, wou hien eng Professur fir Astronomie op der Universitéit Kopenhagen iwwerholl an 1940 Nofollger vu sengem Papp als Leeder vum Kopenhagener Observatoire gouf. Well hien net genuch vu staatlecher Säit gefërdert gouf, huet de Bengt Strömgren 1951 Dänemark verlooss a gouf Direkter um Yerkes-Observatoire an dem McDonald Observatoire. 6 Joer méi spéit, 1957, gouf hie leedende Professer fir theoreetesch Astrophysik um Institute for Advanced Study zu Princeton, wou hien dem Albert Einstein säi Büro iwwerholl huet. Am Joer 1967 ass hien nees zeréck an Dänemark gaangen, wou hien e puer Joer Direkter vun NORDITA war. De Strömgren war och vun 1948 bis 1955 Generalsekretär vun der Internationaler Astronomescher Unioun a vun 1975 bis 1977 hire President.

De Bengt Strömgren huet onschätzbar Bäiträg zu der Astrophysik geliwwert. Sou huet hien déi cheemesch (atomar) Zesummesetzung vu Stäre méi genee bestëmmt, déi staark vu fréiere Schätzungen ewech louch. Hien huet d'Physik vun der no him genannter Strömgren-Sphär, d'H-II-Gebitt ëm e ganz waarme Stär, an deem de Waasserstoff an ioniséierter Form virläit, ënnersicht. Hien hat e photometrescht System entwéckelt, dat duerch geschéckt Ofstëmmung vu senge véier Bänner an dem Hβ-Index, d'Bestëmmung vu villen Eegenschafte vu waarme Stären, eleng aus dëser Photometrie déi einfach gemooss ka ginn, erlaabt.

No him benannt[änneren | Quelltext änneren]

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]