Beniamin Pawlowitsch Schechowski
De Beniamin Pawlowitsch Schechowski (Вениамин Павлович Жеховский), gebuer am Joer 1881 zu Warschau, deemools Russland a gestuerwen 1953, war e russesch-polnesch-franséiseschen Astronom.
Seng wëssenschaftlech Aarbechten huet hie no 1934 ugefaangen als Benjamin de Jekhowsky. De Minor Planet Center huet seng Entdeckungen geéiert ënnert dem Numm "B. Jekhovsky" (mat engem v). An der moderner englescher Iwwersetzung géif een hie mat Zhekhovskii oder Zhekhovsky schreiwen.
No senger Léier op der Universitéit vu Moskau, huet hie vu 1912 un am Paräisser Observatoire geschafft. Spéider goung hien no Algerien wou hien um Observatoire vun Algier beschäftegt war. Deemools war Algerien nach eng Kolonie vu Frankräich. Do gouf hien en unerkannte Spezialist fir Himmelsmechanik.
De Schechowski entdeckt 12 Asteroiden. Den Asteroid 1606 Jekhovsky krut him zu Éiere säi Numm.