Benjamin Baillaud
Den Édouard Benjamin Baillaud, gebuer de 14. Februar 1848 zu Chalon-sur-Saône, a gestuerwen den 8. Juli 1934 zu Paräis, war e franséischen Astronom.
Seng akademesch Ausbildung krut hien an der École Normale Supérieure an op der Sorbonne.
Vun 1878 bis 1907 war hien Direkter vum Observatoire vun Toulouse, an duerno Direkter vum Paräisser Observatoire bis zum Joer 1926.
Hie war besonnesch mat der Fuerschung vun de Saturnmoundbunnen beschäftegt. Während senger Aarbecht zu Toulouse war hie mat der Opstellung vum 50 cm-Teleskop am Observatoire vum Pic du Midi de Bigorre um Pic du Midi bedeelegt. Spéider gouf hien den éischte President vun der Internationaler Astronomescher Unioun (vun 1919 bis 1922).
Éierungen[änneren]
De Moundkrater Baillaud gouf no him genannt. Dat 50-cm-Teleskop um Pic du Midi krut och säin Numm. Haaptsächlech huet säi Jong, de Jules Baillaud, och Astronom um Pic du Midi geschafft a war vun 1937 bis 1947 Direkter vum Observatoire um Pic du Midi.
Nom Jules Baillaud gouf den Asteroid 1280 Baillauda genannt.
