Benjamin Markarjan

Vu Wikipedia
Benjamin Markarjan
Gebuer 29. November 1913 jul.
Shaumiani
Gestuerwen 30. September 1985
Eriwan
Nationalitéit Russescht Keeserräich, Sowjetunioun
Educatioun Staatlech Universitéit Jerewan
Aktivitéit Astronom, Universitéitsprofesser
Partei Kommunistesch Partei vun der Sowjetunioun
Member vun International Astronomesch Unioun
Famill
Geschwëster Maro Marġaryan

De Benjamin Markarjan, gebuer den 29. November 1913 zu Schulawer, haut Schahumjan a Georgien a gestuerwen den 29. September 1985, war en armeeneschen Astrophysiker.

De Markarjan huet vun 1946 un am Byurakan-Observatoire geschafft an Theorien iwwer d'Stäregenesis, Galaxiëkéip a Superkéip opgestallt. Allgemeng huet hie sech mat Stärenassociatioune befaasst an den éischte systematesche Katalog mat O-Associatioune publizéiert. Fir déi Aarbechte krut hien 1950 zesumme mam Viktor Hambarzumjan de Stalinpräis.

An den 1960er Joren huet hien eng Grupp vu Galaxië mat aktive Kären, déi e besonnesch hellt, blot Liicht mat engem héijen UV-Kontinuum aus dem Zentrum ofginn (Seyfertgalaxien, Blasaren a Quasaren) intensiv observéiert. Hien huet sou Objeten an engem Katalog zesummegefaasst, deen haut den Numm Markarjan-Katalog huet a ronn 1500 Objete faasst.

An den 1970er Joren huet hien en ettlech Galaxië vum Virgo-Galaxiëkoup observéiert, déi spéider den Numm Markarjan-Kette kruten.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]