Benoît Majerus

Vu Wikipedia
Benoît Majerus
Gebuer 5. November 1975
Lëtzebuerg
Aktivitéit Historiker, Auteur, Professer, Filmregisseur
Famill
Papp Mill Majerus

De Benoît Majerus, gebuer de 5. November 1975 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergeschen Historiker. Hien ass de Bouf vum Mill Majerus a vun der Simone Majerus-Schmit.

Formatioun a Karriär[änneren | Quelltext änneren]

No sengem Secondairesstudium (C classique), am Lycée Hubert-Clément zu Esch-Uelzecht, huet de Benoît Majerus op der ULB zu Bréissel Geschicht studéiert. Seng Diplomaarbecht huet sech mat den Ortsgruppenleiter am duerch Nazi-Däitschland besate Lëtzebuerger Land beschäftegt. Duerno huet hien, ëmmer nach op der ULB, eng Dokterthees gemaach (2004). Haut ass hie weiderhin an der historescher Recherche aktiv, an zwar zu Bréissel beim FNRS an op der Uni Lëtzebuerg.

Seng Fuerschungsgebidder si virun allem d'Geschicht vun der Psychiatrie, d'Belsch a Lëtzebuerg wärend der Occupatioun am Zweete Weltkrich an d'Wiesselwierkung vum Ausbau vun engem Nationalstaat a senge Lieu-de-mémoiren op d'Historiographie.

2013 huet hien zesumme mat der Regisseurin Anne Schiltz den Documetaire Orangerie iwwer de Centre hospitalier neuropsychiatrique vun Ettelbréck realisiéiert.

2013-2014 huet hien un der Virbereedung vun enger Ausstellung zum Theema Lëtzebuerg am Éischte Weltkrich matgeschafft; D'Regierung Bettel-Schneider huet d'Subventioune fir d'Realisatioun dovun awer gestrach, soudatt d'Ausstellung net gemaach gouf.[1]

Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • (mam Michel Margue, Sonja Kmec a Pit Péporté) Inventing Luxembourg - Representations of the Past, Space and Language from the Nineteenth to the Twenty-First Century ; erauskomm beim hollännesche Verlag Brill, 2010; 388 Säiten http://hdl.handle.net/10993/2052. ISBN 978-90-04-18176-2
  • Lieux de mémoire au Luxembourg - Usages du passé et construction nationale / Erinnerungsorte in Luxemburg - Umgang mit der Vergangenheit und Konstruktion der Nation ; erausgi vun: Sonja Kmec, Benoît Majerus, Michel Margue, Pit Péporté; Lëtzebuerg, Sankt-Paulus Verlag, 2007 (= éischt Ausgab; 2008 koum eng verbessert an erweidert Ausgab eraus); 383 Säiten. ISBN 978-2-87963-669-6. N.B.: 3 Bäiträg si vum B. Majerus.
  • Kollaboration in Luxemburg: die falsche Frage? ; in: ...et wor alles net esou einfach - Questions sur le Luxembourg et la Deuxième Guerre mondiale ; Ausstellungsbuch, erausgi vum 'Musée d'Histoire de la Ville de Luxembourg', Bd. X; Lëtzebuerg, 2002; Ss. 126-140 (ill.). http://hdl.handle.net/10993/635
  • Parmi les fous - Une histoire sociale de la psychiatrie au XXe siècle ; Rennes (PUR - Presses universitaires de Rennes), 2013. https://web.archive.org/web/20140116103848/http://orbilu.uni.lu/handle/10993/10296
  • (mam Charles Roemer an Gianna Thommes, dir.): 1914-1918: Guerre(s) au Luxembourg - Kriege in Luxemburg. Lëtzebuerg: Capybara Books, 2014. ISBN 978-99959-751-9-7.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Abgesagte Ausstellung sorgt für Unmut." lessentiel.lu, 27. März 2014 16:27; Akt: 27.03.2014 17:08.