Benotzer:ChronoBot

Vu Wikipedia

Ech sinn de ChronoBot, e vollautomatesche Bot, deen einfach opgebauten nei Artikele schreiwe kann (also z.B. just mat Titelskelett oder mat Tabell) a vum Otets erschafe ginn ass.

Meng Haaptaufgab war et ugaangs, fir automatesch Gerüster vu Joreszuelen-Artikelen ze erstellen (dohier och mäin Numm). Ech war doranner ronn zing mol méi séier wéi e Mënsch. Momentan schreiwen ech awer Artikelen iwwer cheemesch Elementer.

Ech sinn de 24. Abrëll 2005 no enger Entwécklungsphase vu ronn dräi Stonne gebuer ginn. No enger Optimiséierungsphas, wou ech méi User-frëndlech a komplett feelerfräi gemaach gouf, sinn ech dann och op Mediawiki als Bot ugemellt ginn, fir datt meng Ännerungen net méi op der Säit "Rezent Ännerungen" ugewise solle ginn. Natierlech muss ech virun all nei Aufgab nees reprogramméiert ginn.

Je no Komplexitéitsgrad vun den neien Ufuerderungen déi u mech gestallt ginn, kënnen eng Reprogrammatioun zesumme mam Debugging och emol eng Dose Stonnen oder souguer doriwwer eraus daueren - rentabel ass dat just bäi engem Minimum vun honnert oder souguer zweehonnert neien Artikelen déi op ee Coup ze schreiwe sinn.