Benotzer Diskussioun:195.46.241.231

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia
Stopp ! Dëst ass Är lescht Warnung. Déi nächst Kéier wou Dir duerch Vandalismus opfaalt, gëtt Äre Kont gespaart.



Dëst ass d'Diskussiounssäit fir en anonymme Benotzer deen nach kee Kont opgemaach huet oder en net benotzt. Dowéinst musse mir d'IP-Adress benotzen, fir de Benotzer z'identifizéieren. Sou eng IP-Adress ka vun e puer Benotzer gedeelt ginn. Wann Dir en anonymme Benotzer sidd an Dir irrelevant Kommentare krut, maacht wgl. e Kont op oder loggt Iech an, fir weider Verwiesslunge mat anonymme Benotzer ze verhënneren.
Nei Messagen op dëser Diskussiounssäit stinn ënner dem Begréissungstext.
Moie Benotzer mat der IP-Adress 195.46.241.231,

wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Villmools Merci fir Äert Intressi un der Wikipedia! Mir schaffen hei zesummen dorun, eng fräi zougänglech, gratis, neutral a méiglechst ausféierlech Enzyklopedie a Lëtzebuerger Sprooch op d'Been ze setzen. All Mataarbecht ass wëllkomm, déi dat Zil méi no bréngt: sief dat, en Tippfeeler ze verbesseren, eng Informatioun derbäizesetzen oder z'aktualiséieren, oder carrement en neien Artikel ze schreiwen!
Fir datt d'Artikelen e Minimum un Eenheetlechkeet hunn, an och, fir Krittären ze hunn, wat heihi gehéiert a wat net, hu mer eis eng Rëtsch Reegelen oder Konventioune ginn.
Wann Dir hei ganz nei sidd, huelt Iech wgl. een Ament Zäit, fir hei drënner ze liesen, wéi een déi éischt Schrëtt mécht. Loosst Iech awer net doduerch ofschrecken: et ass manner komplizéiert, wéi et op den éischte Bléck ausgesäit! Aner Mataarbechter paken och am Ufank gär eng Hand mat un, wat Formatéierungen oder Zweiwele mat der Orthographie ubelaangt. Et gëtt keen hei gestengegt, wann e sech iert ;-). Déi wichtegst "Reegel" ass: "Sief kéng!"
Éischt Schrëtt

An e puer Schrëtt léieren, wéi een en Artikel uleet oder ännert.

Sandkaul
Fir mam Layout z'experimentéieren, ouni "richteg" Säiten op d'Kopp ze geheien.
Reegelen a Konventiounen
Rotschléi fir dëst an dat.
Staminee
Fir Froen oder Commentairen iwwer d'Wikipedia.
Wat Wikipedia net ass
Dacks gemaachte Feeler oder Mëssverständnesser.
Dacks gestallt Froen (FAQ)
Äntwerten op déi heefegst Froen.
Wéi ee Lëtzebuergesch schreift
Eis Schreifweis einfach an an e puer Punkten erkläert.
Är Kontributioune gi mat Ärer IP-Adress gespäichert. Sech Umellen huet eng Rëtsch Virdeeler, dorënner d'Méiglechkeet, Biller eropzelueden. Dir hutt no véier Deeg dann och d'Méiglechkeet, semiprotegéiert Säiten z'änneren.

Dës Säit ass Är perséinlech Diskussiounssäit. All Mataarbechter huet sou eng, an et ass d'Plaz, fir Messagë vun anere Mataarbechter ze kréien, resp. ze hannerloossen. Wëllt Dir engem anere Mataarbechter schreiwen, maacht dat op senger Diskussiounssäit, an ënnerschreift mat 4 Tilden (sou: ~~~~) oder klickt op e Knäppche wéi deen hei: . Ofgeschéckt gëtt da mam Klicken op "Säit späicheren".
Vill Spaass, an op eng gutt Zesummenaarbecht!

Gudde moien,

D'Redirecte sinn net do fir eidelgemaach ze ginn. --Les Meloures (Diskussioun) 08:09, 10. Abr. 2012 (UTC)[äntweren]

Remoien
An den Artikelen op der Wikipedia sinn d'Frae keng Hatten. Mir hu jo d'Kéi net mat hir gehutt. --Les Meloures (Diskussioun) 08:12, 10. Abr. 2012 (UTC)[äntweren]
Ass dat ze schwéier fir ze verstoen datt Fraen op der Wikipedia net mat Hatt ugeriet ginn?? --Les Meloures (Diskussioun) 08:32, 10. Abr. 2012 (UTC)[äntweren]

Däitschland huet dräi ACC (München, Bremen a Langen)

Ass Düsseldorf kee méi??? --Les Meloures (Diskussioun) 08:27, 8. Sep. 2015 (UTC)[äntweren]

Nee, zu Düsseldorf ass keen ACC. Op do jeemols ee waar, entzitt sech och menger Kenntniss.
Op dëser Lëscht http://www.spitz-online.de/funk.htmass ass Düsseldorf als ACC uginn mat der Frequenz 118,750.
An dësem Dokument http://www.eurocontrol.int/sites/default/files/library/022_Duesseldorf_ACC_Sector_Capacity_Assessment.pdf schwätzt Eurocontrol och vum Düssledorf ACC --Les Meloures (Diskussioun) 09:53, 8. Sep. 2015 (UTC)[äntweren]
Villmols Merci, ech ginn der Saach no! Ech géif soen, dass et sech bei Düsseldorf an iwwregens och Berlin ëm sougenannt AD (Aerodrome) Area Control Centeren handelt, an net ëm EN (Enroute) ACCen.
Ech hu per E-Mail bei der DFS nogefroot a kruut d'Informatioun dass Düsseldorf, Berlin a Frankfurt scho laang dicht gemaach goufen.
Merci fir d'Info. --Les Meloures (Diskussioun) 13:00, 9. Sep. 2015 (UTC)[äntweren]

Ech hunn Iech hei Diskussioun:Franséisch Revolutioun e Message geschriwwen. --Soued031 (Diskussioun) 19:45, 8. Abr. 2018 (UTC)[äntweren]

An der Rumm uewe rechts steet, bei "19. Joerhonnert", "Herzogtum" amplaz "Groussherzogtum".)[Quelltext änneren]

Einfach op de Knäppchen Änneren drécken. Dann am Text änneren an duerneo op de Knäppchen Ännerunge publizéieren drécken.

Re: Nidderlanden[Quelltext änneren]

Moien,

Äntwert hei. Mellt Iech mat engem Userkonto "Chris" un, da kann een Iech op är Usersäit direkt kontaktéieren, an d'gesäit ee besser, wee wat wou schreift. (Äre 'richtegen' Numm braucht der néierens unzeginn).

--Zinneke (Diskussioun) 14:57, 6. Jun. 2018 (UTC)[äntweren]

Moien, Kanns de dir vläicht de lästegen ë ofgewinnen. Oder fënns d'et lëscht wann all Kéier ee muss hannendru botze kommen. Sou Widderhuelunge kënne gären als Expressegkeeten ugesi ginn. --Pierrenilles (Diskussioun) 14:33, 8. Jun. 2018 (UTC)[äntweren]

Am Artikel stoung:

déi meeschtens sechseckeg, a ronn annerhallwe Meter héich sinn, an an déi op der belscher Säit e B an op der deemools preisescher Säit e P gemeesselt ass,

Dat gouf du verbessert mat:

déi meeschtens sechseckeg (ënnen) a ronn (uewen) annerhallwe Meter héich sinn, an an déi op der belscher Säit e B an op der deemools preisescher Säit e P stinn

Fro: wat soll de sechsekeg (ënnen) an de ronn (uewen) aussoen ?

Dëse Niewesaz an an déi op der belscher Säit e B an op der deemools preisescher Säit e P stinn dee virdru korrekt do stoung ass lo komplett falsch. Wat war um gemeesselt falsch datt dat huet missen erausgeholl ginn. --Pierrenilles (Diskussioun) 15:10, 8. Jun. 2018 (UTC)[äntweren]

Stells de dech elo dout weel s de keng Äntwert wees. --81.246.178.134 10:07, 10. Jun. 2018 (UTC)[äntweren]

Haalt w.e.g. dermat op falsch Linken an d'Artikelen ze setzen. Dir hutt dat schonn e puermol gemaach. Déi nächste Kéier wou dat geschitt gëtt äre Kont gespaart. --Les Meloures (Diskussioun) 15:46, 15. Sep. 2018 (UTC)[äntweren]

Ech weess net, wou ech soll ee << falsche >> Link agebaut hunn. A Vandalismus ass nach ni meng Absicht gewiescht! Berouegt iech. - C.

Et ass ganz schlëmm wann een net méi wees wat een de selwechten Dag gemaach huet. Soss wësst der awer ganz gutt wéi ee Versiounshistoriken nokuckt. An dir braucht mir net sou frech ze soen ech soll mech berouegen. Dat wat ech Iech hei schreiwen huet näischt mat Opregung ze dinn. Et si just Tatsaachen. --Les Meloures (Diskussioun) 16:40, 15. Sep. 2018 (UTC)[äntweren]

Kategorien[Quelltext änneren]

D'Artikelen Totalitarismus a Calvinismus déi s du ugeluecht hues hunn nach keng Kategorien. Wéi s de vläicht gemierkt hues (ech hoffe mol) schaffen hei vill Leit um Ëmgeréits fir datt alles an den Artikelen a am Zesummenhank dermat korrekt funktionnéiert. Dofir ass et erwënscht dat d'Auteure vun den Artikelen minmal Efforte maachen, sou wéi déi néideg Kategorien oder eventuell aner Bausteng wéi d'Infoboxen an den Artikel setzen dee si uleeën. Bis elo hues du och nach ni en Interwikilink gesat, dat hunn och ëmmer aner Leit musse maachen. Dat nëmme just am Sënn vun enger gudder Zesummenaarbecht. --91.176.26.136 16:11, 17. Sep. 2018 (UTC)[äntweren]

Gebrauch vu Schablounen[Quelltext änneren]

[SOURCE?]. weist op näischt hin. Dofir soll d'Schabloun {{Source?}} gebraucht. De Gebrauch vu sou Schablounen huet scho seng Ursaachen a soll deemno agehale ginn, grad sou wéi all déi aner Formatéierungen déi op der lb:Wiki am Gebrauch sinn. --Les Meloures (Diskussioun) 12:22, 22. Nov. 2020 (UTC)[äntweren]


Dëst ass d'Diskussiounssäit fir en anonymme Benotzer deen nach kee Kont opgemaach huet oder en net benotzt. Dowéinst musse mir d'IP Adress benotzen, fir de Benotzer z'identifizéieren.

Sou eng IP Adress ka vun e puer Benotzer gedeelt ginn. Wann Dir en anonymme Benotzer sidd an Dir net-relevant Bemierkunge krut, maacht wgl. e Kont op oder loggt Iech an, fir weider Verwiesslunge mat aneren anonymme Benotzer ze verhënneren.