Benotzer Diskussioun:Les Meloures/Archiv 2006

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien. Beim Potto ass et scho richteg. Et kënnt vum "poteau". --Cornischong 09:21, 14 Juni 2006 (UTC)

Lëtzebuergesch[Quelltext änneren]

Dir geet et net anescht wéi dene meeschte vun eis. Wann een ufänkt, Lëtzebuergesch schreiwen ze wëllen, da kuckt een oft domm dran well ee mierkt, dass een et eigentlech ni richteg geléiert huet:)

Dat ass awer net esou schlëmm, mat der Zäit kënnt eng Routine an da geet alles besser.

Eng kleng Hëllef kënnen dir d'Säiten Eis Schreifweis an eis Froesäit Wéi heescht dat op Lëtzebuergesch? bidden.

Vill Spass op der Wikipedia:)

--Briséisβρισεισ 19:06, 18 Juni 2006 (UTC)

Gudde Moien. Ech hunn der op denger Säit e bësse verbessert. Ech gesinn, du bass u Wopen intresséiert; wann s de en gkéier den Tour kriss, da wier et ganz grëndlech eis emol ze stëpsen. Merci am Viraus. --Cornischong 22:43, 22 Juni 2006 (UTC)

Gudden Owend. Da waarden ech nach e bëssen op déi Saach mat de Wopen. Kee Problem. Lo zu eisem Thema: Déi "offiziell" Lëscht vun den Uertschaften (net Dierfer!) fënnst de hei ( http://www.legilux.public.lu/adm/annuaire_officiel/VOLUME1/III_annx/Nomlocal.pdf ). Iwwerzeeg dech léiwer selwer! Mär hu reegelméisseg de Problem, datt hei ee schreift, datt dat wat hie schreift richteg wier, an domat deenen Aneren hir Saache falsch. Dat ass jo alles léif a schéin, mee mat der Zäit gëtt dat e bësse "latzeg". Ech informéiere mech net beim Bréifdréier, mee ech siche mer wa méiglech op der "richteger Plaz", an déi richteg Plaz ass den Innenminstär. All Woch hunn ech hei de Problem mat engem senge "Behaaptungen". Ech schreiwen, datt Caramba zu Dikrech e Multiplex-Kino opriichte wäert. Doropshin kréien ech ze liesen "Firwat schreifs de dat, wou dat jo net méi stëmmt." Dunn hunn ech geduecht, wann een esou stramm optrëtt, da misst et stëmmen, an huelen de Saz ewech. Gëscht krut ech mam Caramba-Chef ze schwätzen, dee mer konfirméiert huet, datt dat wuel nach stëmmt!!! Huel mer et net fir iwwel, mee wouhir kënnst de dozou fir ze behaapten (ouni eng eenzeg Quell unzeginn!!) datt Butschebuerg en Duerf wier; iwwregens stoung am Artikel "Uertschaft"!! Firwat beleet kaum ee seng Behaaptungen? Dozou kënnt dann nach datt der opfälleg vill sech onheemlech beleidegt opféieren, wa se am "Onrecht" waren. Hei ass ee schonns fir zweet fortgaangen, wéi en sech geiirt hat an en Aneren him dat duuss geschriwwen huet. Et ass net einfach dee Problem an de Grëff ze kréien. Entschëlleg meng laang Turlatäin, awer déi Behaapter si mer schonns uewe gewiescht wéi ech (ier et déi lëtz. Wiki gouf) an der däitscher war. Do lafen se mat den Honnerten erëm. --Cornischong 22:35, 23 Juni 2006 (UTC)

An nach eppes: "Virwaat dann ëppes eröm falsch machen waat richteg waar": - Dat sinn déi Sätz, déi mer eropstoussen. - - Wéi et richteg ass, liesen ech am "Annuaire officiel", well ech awer wéinst dem Datum net sécher war, hunn ech am Innenministär an op der Gemeng gefrot (!!!). Versteees de lo villäicht, firwat ech déi do Fro fir dat halen, wat se ass?? An datt déi arrogant Manéier vun deenen déi vill ganz haart behaapten, an och nach mengen, si bräichten dat iwwerhaapt net ze beleeën, well si jo souwisou Recht hunn, mech hei schonn dacks gestéiert huet. --Cornischong 22:46, 23 Juni 2006 (UTC)

Hei ass alles iwwert de Fändel http://www.legilux.public.lu/leg/a/archives/1993/0731609/0731609.pdf#page=3 Zaroff 23:51, 23 Juni 2006 (UTC)

Wou ass den Text?[Quelltext änneren]

"Am gesetzestext iwer d'Kantonalbunn Närden-Marteleng gét nömmen vun Statiounen riets.": Dat ass genee dat, wat ech virdru geschriwwen hat. Ofgesinn vum Ausdrock Statiounen; wou ass dann den Text? Et ass eng Behaaptung. Mer haten deeüer scho genuch! Mär verplemperen hei eis Zäit mat Méckepéilereien. Diskussioune sinn, menger Meenung no, eigentlech genuch gefouert ginn. Ech komme mer vir wéi an der däitschsprocheger Wikipedia. Wou sinn déi dräi Janglis-Artikelen? --Cornischong 08:27, 24 Juni 2006 (UTC)

Ganz intressant, den Arrêté iwwer den Tracé vun der Linn. Wa mer lo nach een hätten, dee sech ëm d'Janglis-Strecke këmmere kéint. Ech schwätzen emol mam Kleeschen. --Cornischong 22:45, 24 Juni 2006 (UTC)

Den Diddelenger Wopen[Quelltext änneren]

"sie géifen den Wopen féeiren den op hiirer Internetseit ass an nit dén dén de Loutsch beschriwwen huet.": - Ech hunn op der Gemengesäit no engem Wope gesicht a banne 5 Minutte kee fonnt. Wier et net fäin, fir bei sou Hiwäiser e Link unzeginn? Ech hu keng Anung vu Wopen! Ech weess och net wien de Loutsch ass. Ech trauen deem (aus Erfarung) wat ee mer op engem Gemengebüro seet net ganz iwwer de Wee, well ech terribel Erfarunge mat Munneche gemaach hunn. Hei gëtt schonns zënter bal zwee Joer iwwer Wope gebraddelt, mee bis elo konnt nach kee mer soen, wéi et mam Copyright op dem Design vun de Wopen ass. An der däitschsprocheger Wikipedia setzen se déi lëtzebuergesch mol einfach dran ouni lénks a riets ze kucken. Déi friessen dem Historiograf aus der Hand. A wéivill Anung deen iwwer Copyrightfroen huet, davu konnt ech mech och schonns iwwerzeegen. --Cornischong 08:42, 24 Juni 2006 (UTC)

Sou, Merci fir de Link op de Wopen (dee stoung op enger Säit, déi "Quelques Chiffres" heescht) lo hunn ech de Wope fonnt an en agetosch. --Cornischong 22:35, 24 Juni 2006 (UTC)

Carbonmillen[Quelltext änneren]

Gudden Owend. Ech kucken dat no. E bësse Gedold wann ech gelift. --Cornischong 22:54, 3 Juli 2006 (UTC)

All Respekt fir deng gutt Nues! De Problem ass elo, datt am Erpelding sengem "Die Mühlen des Luxemburger Landes" et esou steet. Lo fänkt d'Saach un, komplizéiert ze ginn. --Cornischong 10:20, 4 Juli 2006 (UTC)

Meuse-Musel-Kanal[Quelltext änneren]

Moien,

a merci fir déi impressionnant Bebillerung vun de Schleisen. Ech giff just virschloen, d'Kapitel iwwert d'Schleise e bësse méi déif ze setzen, hannert déi méi allgemeng Saache, déi weider ënne stinn.

Du hues net zoufälleg eng Foto vun deem Houfelter Kanal? Dat wir d'Kiischt um Kuch!

E schéinen Nomëtteg, --Zinneke 12:31, 6 Juli 2006 (UTC)

Kanal-Fotoen an en eidele Mo[Quelltext änneren]

Moien. Du hëls mer et jo net fir iwwel, wann ech e bëssen un denge Fotoe feilen. Et gëtt e lästege Problem an der Wikipedia. Bei horizontale Fotoen (an nëmme bei deenen), déi net gekierzt sinn (d.h. bei deenen de Ratio 12:9 ass) kënnen déi mat engem Pop-up-Filter (vun Norton Internet Securitiy oder enger anerer Firma) d'Biller net gesinn!! Dat geet op d'mannst dem Ernmuhl, dem Johnny Chicago a mär selwer esou. Soubal een een eenzege Pixel bei der Héicht (oder Breet) ewechhëlt, ass d'Saach an der Rei.
All Joer gesi sech d'Leit vun der lb-Wiki fir eppes "Klenges z'iessen" an duerno d'Problemer oder wat och ëmmer ze wänzelen. Wéi ass et mat där? Wann s de den 21. Juli net an der Belsch bass fir Schleisen ze fotograféieren, da wier et ganz léif, dech mat eis un den Dësch ze setzen. Wann net engem eppes Besseres afält, da misst et an der Thillsmillen sinn, tëscht Mamer a Koplescht. --Cornischong 15:30, 6 Juli 2006 (UTC)

D'Kierzung[Quelltext änneren]

Halli. Meng "Kierzung~" war: Ech hunn den "a", dee beim Baam zevill war, ewechgeholl (Baam --> Bam). Mär hu béis Witzbolden hei, fënns de net och? --Cornischong 14:26, 12 Juli 2006 (UTC)

Iessen an déi haart Beem[Quelltext änneren]

Halli. Den Datum bleift. Dat wat ech nach muss regelen ass d'Auerzäit!! Lo muss ech emol kucken, um wéivill Auer et ALLE passt. Wann ech d'Auerzäit hunn, froen ech nees an der Thillsmillen no. Du gesäiss, et geet nach e bëssen hin an hier. Hal der deen Owend fräi an ech halen dech op alle Fall um Lafenden iwwer d'Eenzelheeten. Ech hu vill iwwer de Quebracho op der Websäit vum US-amerikanesche Landwirtschaftsministär fonnt. Mee d'gëtt eng Geschicht, déi Zäit frësst.
Wanns de dronke gëss mat der Schreifweis: Lies eis Wikipedia:Eis Schreifweis, domat kriss de e kuerzen awer kloren Iwwerbléck. Laanscht dem Josy Braun säi Buch "Eis Sprooch richteg schreiwen" kënns de ganz schlecht. Dat geet schonns e Krack méi wäit, mee 't ass kleng (ënner 100 Säiten) an et liest sech gutt. Domat bass de schonns iwwer de Bierg. Wann s de nach eng Fro hues, looss se roueg kommen. --Cornischong 15:03, 12 Juli 2006 (UTC)

Halli. Et ass Fluchhafen! Dat kënnt engem um Ufank "komesch" vir, mee et ass méi "logesch" wéi ee mengt. Schreif nach op d'Stamminet-Säit um wéivill Auer et der passt fir den 21. Juli. Kanns de vir 19.oo do sinn, wann et der éischter geet, kee Problem, ech sinn éischter do. --Cornischong 15:54, 12 Juli 2006 (UTC)

Dat ass eng "flott" Iddi mat de Brécken. Schonns zënter enger Zäitchen denken ech drun, datt mer eis mol ëm d'lëtzebuergesch Brécke këmmeren (ouni déi "international" falen ze loossen). Et gëtt villäicht komplizéiert mat den Nimm fir déi verschidde Bréckentypen. --Cornischong 19:52, 12 Juli 2006 (UTC)

Hello. I have got one request for you. I need sentence "sugar in 350 languages" in Luxembourgish (I want to do a logo of my site). So, can you write me what`s called sentence "sugar in 350 languages" in Luxembourgish language? Thank you very much! Szoltys

Deen hält sech dru wéi de Geck un de Bengel. Virun engem Joer huet en eis dat gefrot. Viru kuerzem huet en der e puer hei gefrot (ëmmer déi selwecht Fro). Dunn hunn ech him g'äntwert. Mee lo ass e schonns nees an der Arena. Reagéier am beschten net drop. --Cornischong 20:39, 12 Juli 2006 (UTC)

Well wëssenschaftlech Nimm generell op Latäin sinn, hunn ech mer do net wierklech déi Fro gestallt:-) --Briséisβρισεισ 06:42, 13 Juli 2006 (UTC)

Zu der Homonymie[Quelltext änneren]

Et geet nët drëms, déi aner Artikelen ënnert den Teppëch ze kieren. Mee et ass e Fakt datt bei ville Leit/Plazen wann e bestëmmten Numm fällt och u genee daat geduecht gëtt, an net un déi 10 aner Bedeitungen. Beispill: De Richelieu, do denkt een dach direkt un de feine Kardinol ënnert dem Louis XIII. dee qausi selwer Frankräich regéiert huet. Hien ass natierlech net déi eenzeg Persoun an der ganzer Weltgeschicht mat deem Numm, a suguer e puer aner Memberen aus senger Famill ware méi oder manner bekannt.

Fakt ass awer, dass den Armand Jean du Plessis de Richelieu deen ass, un deen déi meeschten denke, wann se Richelieu héieren. Also ass dëst d'Haaptschlagwuert an ënnert deem schreiwe mer och den Artikel. Well et jo awer anerer ginn, déi mer awer net vernoléissege wëllen, schreiwe mer e klenge Saz virun den Artikel:

Dësen Artikel befaasst sech mam Kardinol Richelieu. Fir aner Bedeitunge vun deem Numm, kuckt w.e.g. Richelieu.

Halli. Ech bliederen hin an hier fir déi Diskussioun mat der Homonymie ze begräifen. Et wier ganz immens fantastesch, wa jidderee géif ënnerschreiwen. Ech weess nach net richteg, wie wat mengt. --Cornischong 22:08, 14 Juli 2006 (UTC)


Do kënnt een dann op eng wonnerschéin Homonymie-Säit, an do stinn se alleguerten, och déi manner bekannte Richelieuen, suguer Uertschafte mat deem Numm gëtt et.

Du gesäis, keen Artikel gëtt vergiess.

--Briséisβρισεισ 22:34, 13 Juli 2006 (UTC)

Hmm wanns de net fuerchtbar béis gëss, ging ech dech gäere froen, ops de kanns d'Fangere vum Adel/Monarchie/Geschichtsrayon fir den Amend loossen, ech hunn do eng Kategorisatioun an der Nues (Geschicht ass sou bëssi "mäi" Beräich, wann och net exklusiv) a soss muss ech häerno nees alles ëmbastelen. Merci:-) --Briséisβρισεισ 10:40, 14 Juli 2006 (UTC)

Wann ech 20 Fangeren an 48 Stonnen den Dag Zäit hätt, da ging dat schon nëmmi sou ausgesinn:-) Mee leider ass dat net de Fall:-) --Briséisβρισεισ 10:49, 14 Juli 2006 (UTC)

D'Mansfeld-Borschte wore Grofen. --Briséisβρισεισ 17:38, 14 Juli 2006 (UTC)

Salut. Wann s de mer nach kann soen, wou ech den Fichier:Woopen vum Walram vun Limburg nom Doud vun sengem Papp.png op de Commons opdreiwen, hu mer se nees all zesummen am Artikel. Mee deen ass schonns am Upload Log net ze gesinn. Do muss eppes schif gelaf sinn. --Cornischong 21:14, 17 Juli 2006 (UTC)

Halli. Kann s de nach eng Kéier driwwer kucken, fir seécher ze sinn, datt mer déi richteg Béischten am richtege Wopen hunn. Merci. --Cornischong 21:32, 17 Juli 2006 (UTC)

Ech hunn der op menger Säit geänwert, da brauche mer net sou vill hin an hier ze sprangen. Wann dat net de richtege Wope war (??), watfir een ass et dann. (Datt mer mol déi Kou vun de Schinne kréien:-) ) --Cornischong 22:09, 17 Juli 2006 (UTC)

Am Artikel Boubréck ass nach e Problem, dee mer awer séier an einfach gelöIst kréien: "Bréck bei Chanxe, Bou iwwer der Fuerbunn, Bréck vum type Bowstring" gesinn ech net (du weess de Problem mat de Pop-Up-Filteren!). So mer wou ech déi fannen, da knätzelen ech se dran, nodeems ech se e Wutz gekierzt hunn. --Cornischong 22:27, 17 Juli 2006 (UTC)

Hues de eng Foto vun der Wandre? (Ech weess, ech si ganz e bësse ongedëlleg:-) ). An nach e klengen Tuyau: De Laut deens de mat "é" schreifs, kritt ëmmer (wann et e laange Laut ass) zwéin "e". Also e Been, e Seel, de Reen, Beetebuerg. --Cornischong 23:08, 17 Juli 2006 (UTC)

Lo hunn ech nach eng Saach: Du schreifs d'Wandre-Bréck ersetzt ë.a. d'Esperanto-Bréck. Am Structurae en steet "Connects to: Esperanto Bridge (1884)". Kann de dat emol nokucken. Merci. --Cornischong 23:19, 17 Juli 2006 (UTC)

Connects to: Esperanto Bridge (1884)

Natierlech wees ech dass Boubrécken eppes mat Brécken ze dinn hunn, mä et ass jo keng bestëmmte Bréck, wéi d'Adolphe-Bréck zum Beispill. Ënnert d'Rubrik Brécken gehéieren fir mech och nëmmen d'Brécken. En Artikel iwwert Boubrécken ass eng Aart Archtektur a gehéiert dann och do an di bestëmmte Kategorie. Bei der Bréck vun Déiljen z.B. déi kënnt an d'Kategorie Brécken. --Alexandra 11:19, 18 Juli 2006 (UTC)

Meng Äntwert un d'Alexandra:
Ech hun am Fong neischt dergént dass et mat Architektur ze dinn huet méh et huet och mat Brécken ze dinn an an enger Catégorie Brécken soll én alles fannen waat mat Brécken ze dinn huet . Wann mer eng kéier genug Artikeln vun Brécken hun mussen se souwisou nach Ënnerkatégorien kréien mat all all Kéeir der Erklärung vun dém Typ Bréck an engem Haaptartikel. Méh ech gesinn d'Letzebuerger hun do vill aaner Ménungen wee di grouss Wikisiten (däitsch, franséisch an english) mee mär waaren jo schon ëmmer anescht wéh di aner. Les Meloures 11:33, 18 Juli 2006 (UTC)

Salut. Ech hu mer lo mol den de-Artikel de:Schrägseilbrücke ugekuckt. Do huet de de:Benutzer:Matthias079 ganz schéi Skizze gemaach. Well ech näischt esou eppes ronnkréien, froen ech emol dech. Kann s du sou Zeechnunge maachen? Wann net, da muss ech emol bei deem uklappen. --Cornischong 12:02, 18 Juli 2006 (UTC)

Majo, wéis du wëlls. Huet souwisou kee Wäert fir dass jiddereen erëm et ännere geet. Vu mir aus soll et dann eben och bei Brécke stoen. Ech hunn nämlech keng Loscht méi riseglaang Diskussiounen iwwert esou Saachen ze féieren. Däer hate mir di leschten Zäit nach zevill....:-) Do mat den Ënnerkategorien hues du Recht, soubal mir der e puer méi hunn kann een dat natierlech erëm ënnerdeelen. Wanns du awer scho wees dass du méi esou Artikelen schreifs, kinnt een dat och schonn direkt machen? --Alexandra 09:49, 19 Juli 2006 (UTC)

D'Haische mat "Mineur Ännerung"[Quelltext änneren]

Wier et net fantastesch, wa jiddereen, dee just eng Klengegkeet un engem Artikel ännert, d'Haischen mat "Mineur Ännerung" géif ukropen? --Cornischong 16:31, 18 Juli 2006 (UTC)

Geheimfotoen[Quelltext änneren]

Halli. Vergiess awer léiwer net, fir un d'Fotoë knabberen ze goen, well soss "gesinn ech (an anerer) " se net. Dat gëllt nëmme fir d'Gallerien. D'Vierendeelbréck an der Gallerie gesinn ech och net!! --Cornischong 17:05, 18 Juli 2006 (UTC)

Nuetsantenn[Quelltext änneren]

Halli. Firwat Nuetsantenn?? Klär mech op. Huel mer et net fir iwwel, awer de Potto steet kromm. Ech këmmere mech drëms (ech hu schonns e riichte prett); fuer du roueg mat denger fluppeger Vitesse weider. --Cornischong 20:39, 19 Juli 2006 (UTC)

Eigentlech däerf ee Mast oder Potto schreiwen. Bis elo hu mer Potto gehol. Wann et dech net stéiert, géife mer mam Potto weiderfueren. (Wat mengst de?) --Cornischong 20:41, 19 Juli 2006 (UTC)

Moien. D'Schema vun der stenge Boubréck kënnt mär nach ëmmer zimmlech däitsch vir. --Cornischong 06:04, 20 Juli 2006 (UTC)

Jo salut ech weess haat mech beim eroplueden verknipst oder war meng maus futti:-) Duerfir hun ech et och nit an den Artikel gesat. Wéi ech dat richtegt wollt erop lueden hat ech kén Netz méi. Dat gët elo gemét an di aaner hannendrun. Les Meloures 10:03, 20 Juli 2006 (UTC)

Bréckefro[Quelltext änneren]

Halli. Sinn eis Autobunnsbréckewn numeréiert oder hunn déi Nimm? Z. B. D'Autobunnsbréck iwwer de Mamer Campeng, also iwwer d'Strooss vu Koplescht op Mamer. --Cornischong 11:19, 21 Juli 2006 (UTC)

Fatzbeidelen ënner sech[Quelltext änneren]

Halli. Da kuck der mol d'"Checkuser"-Säit mat der Diskussioussäit (!) un: de:Wikipedia:Checkuser/Wahl an de:Wikipedia Diskussion:Checkuser/Wahl un. "und sie verfügen meiner Ansicht" / " ich denke, dass sie nicht leichtfertig mit diesem sensiblen Tool umgehen werden" / "halte ich sie auch für unbestechlich" / "bringen sie nach meiner Einschätzung mit" mengt dat de:Benutzer:Elian/Vertrauen , dat léiwer de kranke Virwëtz deelt, wéi e selwer net kritt. Dat musst de gelies hunn.--Cornischong 06:22, 22 Juli 2006 (UTC)

Kategorien[Quelltext änneren]

Halli. Wat leeft bei de Kategorien? Do rëselt eng IP (wars du dat?) nei Kategorien aus dem Aarm, bei deene mer besser hätten, se mol kuerz duerchzediskutéieren ier mer méi Aarbecht domat kréie wéi se wäert sinn. Ech erkläre mech:

  • Wa mer eng Erzherzogen vun ...-Kategorie hunn ass dat flott a schéin, mee an deem Fall wieren et "Äerzherzogen .."; beim vun spillt d'Eifeler Regel. Bei de Fraen wieren et Äerzherzogi"nn"en.
  • Bei de "Bauwierker" ass och e Problem, dat Wuert gëtt et net am Lëtzebuergeschen. Dat däitsch Gebäude a Bauwerk ass Gebai, Gebaier. Du hues anscheinend guer net mam Alexandra iwwer dat Gekategories diskutéiert. Dat ass schued.
  • Et ass interessant fir d'Kapellen, d'Kierch, an eis zwou Basilikaen (!!) an de Kategorien auserneen ze halen; AWER: Eis Kapellen-Artikel stinn iwwerhaapt net an der Kapelle-Kategorie.!!! asw.

Lo sinn ech iwwer eng Stonn amgaangen ze probéieren en Iwwerbléck ze kréien, wat do gebastelt gouf. --Cornischong 17:49, 23 Juli 2006 (UTC)

Mail do --Alexandra 19:19, 24 Juli 2006 (UTC)

"Category:Brécken an der Belsch": War et dat op dat s de dech mam Alexandra gëeenegt has? Mär kënnt et vir wéi wann ech mam Torschong hannendru lafen, an du reagéiers op guer näischt. --Cornischong 19:56, 25 Juli 2006 (UTC)

Salut Les Meloures. Géi mol w.e.gl. an deng E-mail-Këscht kucken. Ech hun der eppes geschéckt. --Pecalux 09:26, 26 Juli 2006 (UTC)

Uergelfotoen[Quelltext änneren]

Salut. Am Lécker Conservatoire steet eng Westenfelder-Uergel. Wann s d'ee kenns, dee Fotoë vun deeër (a vum Gebai) huet, da schécks de deen emol bis laanscht. Merci am Viraus. --Cornischong 20:25, 26 Juli 2006 (UTC)

Ech kucken waat sech maache léist ech wusst nit dass do eng steet awer an der Philharmonie steet eng déi hien restaureiert huet.
Déi vun der Philharmonie hunn ech elo grad eropgelueden - hat nach eng am Tirang. --Zinneke 21:50, 26 Juli 2006 (UTC)
Wann daat eng Haupt oder eng Stahlhut wier als aal Uergel dann hätt déie jo och vun Ufank un mat deene Lëntgener ze dinn.
Zu Biekerich steet och eng Lëntgener

Les Meloures 20:47, 26 Juli 2006 (UTC)

Ech sinn amgaangen, Lëschten duerchzehuelen, déi ech aus beschter Quell krut. Vu Biekerech steet emol näischt dran. Ech knéie mech awer nach dran. Zu Léck ass eng an der "Bénédictines", déi vum Westenfelder 1978-79 restauréiert gouf. Zu Visé steet eng vu Lëntgen, am "Notre-Dame de Mont Carmel", déi 1991-92 nei gebaut gouf. --Cornischong 21:16, 26 Juli 2006 (UTC)

Zuid oder Süd[Quelltext änneren]

Ech denken dass mir Südholland huelen, et kinnt een awer nach di aner froen wat si mengen. Mä ech huelen awer un dass mir dat Lëtzebuerg Wuert huelen --Alexandra 06:20, 28 Juli 2006 (UTC)

Kichegeschir[Quelltext änneren]

Halli. D'Geschir ass an en anere Schaf komm. Just d'Broutschéiss hunn ech do mol erausgahlen. Där fält bestëmmt eng Kategorie fir déi an:-) --Cornischong 16:44, 28 Juli 2006 (UTC)

Halli. Do, lo hat nach gemengt, du häss eng Foto an e puer Grimmele Material vun där Uergel. --Cornischong 23:01, 28 Juli 2006 (UTC)

Da sinn ech berouegt. 3 Fotoen ass schonns iwwer dem Duerchschnëtt. Dat mat de Commons ass alles léif a schéin, mee ech hoffe, mer kréien der mat grousser Opléisung. Da bis haut. --Cornischong 23:20, 28 Juli 2006 (UTC)
Zu Membre ass zu allem Kombel och eng Bréck ( http://membres.lycos.fr/membresursemois/photoalbum61.html )--Cornischong 23:25, 28 Juli 2006 (UTC)

Halli. Hei e Libellé vun engem vum Foussvollek:-) nodeems en eppes g'ännert huet am Verviers-Artikel: "Vesdre ass Weser". Wat soll ech dozou soen? An der Zäit huet hei ee sech an déi aner Leit nief de Kapp argumentéiert datt mer net däerfe Bitbuerg oder Bitburg schreiwen, well et jo dat lëtzebuergescht Béibreg gëtt. Dat ass och net esou falsch, mee wann een déi Uertschaft siche geet, da ginn ech de Verdacht net lass, datt e Bitburg agëtt. Vun Ufank un war ech der Meenung, mer sollten d'Originalnimm gebrauchen. Dat gëtt abstrus, wann et ëm Paris geet. Bei Wuelmereng ass et nees zu enger gréisserer Diskussioun komm. Bei Langsur war et Laser. Laser, dat ech nach net matkrut, steet am Dictionnaire an: Ech sinn op Langsur gefuer an hu mat e puer eelerer Leit geschwat. "Ja, ja Laaser, aber mit zwei "a", huet mer eng al Fra gesot, déi vun do gebierteg ass. Dat si Fäll, bei deenen een en Deel am Dictionnaire fanne kann. An deem Fall wier e Redirect néideg an da flutscht et. Bei der "Vesdre" ass et quokelech. Ech fannen den Numm "Weeser" néierens. Wa mar ee kënnt an dee behaapt haart an däitlech, et wier op Lëtzebuergesch "Wester", wat soll ech da soen? D'Flossnimm bréngen eis nach Problem mat sech: Vun de lëtzebuegresche Waasserleef sinn déi allermeescht (wann net all?) weiblech. Mat den auslänneschen ass dat och esou eng Saach. Ech mengen (!!), de Fall Roer (Floss) wier am beschte geléist (an dat misst dee komplizéierste sinn): et gëtt e Redirect mat "Rur". Mee fir Rour gëtt et keen. Ech wëll dat hei bestëmmt net an d'Längt zéien, mee wie weist mer, datt et "Weeser" ass? Also fir d'Kou vun de Schinnen ze kréien: Kënne mer net "Vesdre" als Titel huelen, a "Weeser" als Redirect? Mat dem Ëmgedréite kéint ech och liewen. Meng Minimal"fuerderung" ass: Wann een "Vesdra" an d0Scihkëscht agëtt, da muss e beim Floss landen. Fuer mol lass, wann et engem net geet, dann hëlt en d'Klibber eraus:-)) --Cornischong 07:00, 29 Juli 2006 (UTC)


Däerfe mer och d'Westenfelder Schëld hei ënnerplouen? --Cornischong 10:03, 29 Juli 2006 (UTC)

Tipp-topp. Zu Salmchateau, zu Verviers an zu Hotton (sou liesen ech op der "offizieller Lëscht") stinn der nach:-) --Cornischong 10:32, 29 Juli 2006 (UTC)

De Virschlag vum Dag[Quelltext änneren]

Léiwer mar ewéi ni. Du kriss vu mär nach d'Konditioune geschéckt:-)) --Cornischong 10:55, 29 Juli 2006 (UTC)

Kuck emol an der Mailkëscht. --Cornischong 11:06, 29 Juli 2006 (UTC)

"Linz/Ursulinenkirche" steet hei. (Sou, lo rappen ech nach e fatzege Steak a Fatzen) bis herno --Cornischong 11:14, 29 Juli 2006 (UTC)

Halli. Bei mär klavéiert de Link op "Uergelmanufaktur Andriessen Orgelbouw Anneessens bvba" net. --Cornischong 20:20, 29 Juli 2006 (UTC)

Kapellen, asw[Quelltext änneren]

Merci fir d'Erklärungen, also ginn et dach gewëssen Ënnerscheeder, mee ganz exakt définéiert ass dat och net, wann ech dat richteg verstinn. Déi aner Saach: "Den Petersdoum obschon en Doum heescht waat am däitschen Sproochgebrauch den Ausdrock fir d'Kathedral ass keng Kathedral (well et nit dem Bëschof vu Roum seng Kierch ass) et ass dem Popst seng." Ma de Poopst ass dach de Bëschof vu Roum, oder? Myriam 23:49, 29 Juli 2006 (UTC)

En terribel schéine gudde Moien. Een Datum, vill Datumen. --Cornischong 07:15, 31 Juli 2006 (UTC)

User talk:Les Meloures/Test


kategorien[Quelltext änneren]

Kuck weg emol um Staminet --Robby 16:52, 31 Juli 2006 (UTC)

Déi Käschtebrong[Quelltext änneren]

Halli. Stéiert et dech, wann ech eng Versioun vun der Cleveland Bay-Foto drasetzen, op deeër d'Schieter e bëssen opgehellt sinn? --Cornischong 20:42, 3 August 2006 (UTC)


D'Haische mat "Mineur Ännerung" a Kategorien[Quelltext änneren]

Wa vill nei Kategorien op eemol geschaafe gin géif ech et begréissen wann d'D'Haische mat "Mineur Ännerung" ugeklickt wier, dann behällt een besser den Iwerbléck bei de rezenten Ännerungen méngt de --Robby 14:53, 4 August 2006 (UTC)

villmols merci, ass méi iwersichtlech esou --Robby 14:55, 4 August 2006 (UTC)

Kategorien "Gebuer JJJJ" a "Gestuerwen JJJJ"[Quelltext änneren]

Salut, Ech hunn elo just gesinn dat an de Kategorien "Gebuer JJJJ" a "Gestuerwen JJJJ" d'Persounen all ënner dem Virnumm klasséiert ginn. Menger Meenung wier et awer besser (wéi an den anere Kategorie mat Persounen) fir d'Persounen direkt ënner hirem Familienumm ze katalogiséieren. --Fliedermaus 16:36, 4 August 2006 (UTC)

Tak huet zënter enger Zäitche keng Kategorie. Fält där eng an? Merci. --Cornischong 18:29, 5 August 2006 (UTC)

Mail do --Tomateus 12:46, 8 August 2006 (UTC)

Merci, ech kucken wat ech an den Artikel abaue kann. --Tomateus 13:13, 8 August 2006 (UTC)

Halli. Den Artikel Fleegestatioun fir wëll Déieren jäitzt no enger Kategorie. Merci. --Cornischong 14:01, 8 August 2006 (UTC)

Kategorien[Quelltext änneren]

Salutti Les Melourdes, Merci fir d'Kategoriséiering op der Wiki, mee ech kréie lo geschwë gro Hoër, kanns de net emol soen: éischtens: Wou gesäit een déi Kategorien déi s de gemaach hues genee, dovun ofgesinn: ech versti verschiddener net. -- Myriam 23:05, 8 August 2006 (UTC)hb

Merci, gëff ùer ee Klick wou ech op d'Kategorie kommen, dee wënschen ech mer scho laaang. -- Myriam 23:18, 8 August 2006 (UTC)

Kat'en asw[Quelltext änneren]

Salutti Les Meslourdes also deng ganz Kat-Geschicht an allen éieren, mee dat mech ee schon dronken bei "Rezent Ännerungen", do gesinn ech ausser dir net méi ganz vill. OK ech ka bis 500 erop goen, mee dat hëlleft och net ganz vill. Myriam 23:42, 10 August 2006 (UTC)

Moien Les Meloures. Do ginn ech dem Myriam awer ganz Recht. Ech fannen et och net ganz an der Rei, fir d'Myriam dronken ze maachen. Da looss hat och emol eng Kéier eppes schreiwen! --Cornischong 03:51, 11 August 2006 (UTC)

Misärsbréck[Quelltext änneren]

Gudde Moien, Merci fir deng Foto vum Barrage Misärsbréck. Hues Du déi Foto 1991 beim Eidellafeloosse vum Staustéi deemols gemaach? --Tomateus 05:06, 11 August 2006 (UTC)

Geographesch Lag (1 a); Baujoer:-) --Cornischong 18:08, 11 August 2006 (UTC)

Mail do. --Cornischong 07:59, 12 August 2006 (UTC)

A wat fir ee Won ass dat? --Cornischong 11:19, 12 August 2006 (UTC)

S"é"cherheetspolitik! Den "ë" gëtt fir de Laut "ö" gebraucht:-)

Ok gett geännert Les Meloures 14:22, 12 August 2006 (UTC)

Moien, ech hu mir déi Saach mat Veianen ugekuckt. Mat <div style="float: center">Foto</div> gëtt d'Foto op eng ganz aner Plaz gesat. Bei mir huet d'zentréiere vun der Foto, sou wéi et elo ass, geklappt. Ech hunn et am Firefox an am Opera getest. Wat klappt dann net (hänkt Foto an der Loft?) an a wat fir engem Browser geet et net? --Tomateus 17:05, 12 August 2006 (UTC)

Kategorien[Quelltext änneren]

Salut Les Meloures,

Ech weess, nët ob's du dës Säit schon fonnt hues Iwerbléck iwer Kategorien op eiser wiki dësen Iwerbléck ass zur Zäit awer just op den 30.Juni aktualiséiert.--Robby 23:37, 12 August 2006 (UTC)

Ech heeschen zwar net Les Meloures, mee dat hunn ech nach net gesinn! Et ass "ganz" interessant!!!! --Cornischong 23:40, 12 August 2006 (UTC)

Ech haat der schons vun aaneren Wikien fonnt aawer di hei nach nit. Guer nit sou schlecht Les Meloures 23:48, 12 August 2006 (UTC)

Ech hun um Internet folgende Site fonnt den den Ament zwar nët fonktionéiert an do ass een Tool drop deen et erlaabt déi eenzel Kategorien vun enger wiki ze analyséieren an ze gesin watfir eng Ennerkategorien et bei den Kategorien gëtt (klengt alles e bësse komplizéiert) mee kuck dir et einfach emol un.--Robby 23:58, 12 August 2006 (UTC) elo geet déi Säit awer nees also avis aux amateurs --Robby 23:59, 12 August 2006 (UTC)

Ech gesinn déi zwéin net. Beim leschte vun Forchtenberg steet an de Commons ënnendrënner "scan cropped to 900x600" !!! Dat heescht, de Männi huet säin Dia nach speziell op 12:9 gekierzt. Ech huelen s'eriwwer. An nach eppes:Ech sinn dacks matgefuer, mee den Numm "Stuckeler" hunn ech a mengem Liewe nach net héieren. --Cornischong 08:43, 13 August 2006 (UTC) Déi Grousspapp war och nit Eisebunner Les Meloures 09:16, 13 August 2006 (UTC)

Esou oder net?[Quelltext änneren]

Dat wat sech neierdéngs bei der Gare Wëlwerwolz ofspillt, ech mengen déi Saach mat de Skizze"n", kënnt mär net ganz geheier vir. Ech wollt dat just virdru soen. --Cornischong 22:01, 15 August 2006 (UTC)

Gielercher[Quelltext änneren]

Ass do Aussiicht, déi ze "gesinn"?? --Cornischong 23:48, 15 August 2006 (UTC)

Daat ass eng gudd Fro, D'Äntwert ass nit sou schlau: Ech wees et nit, sinn awer amgaang d'Méiglichkeeten ze checken wéi ee kéint un eng kommen. Les Meloures 23:52, 15 August 2006 (UTC)

Halli. Bei der Mary Pickford hues de als zweete "richtege" Virnumm Mary uginn; déi aner Wikien hunn Louise (Wiki-de, en, fr). Wou hues de de Mary hier? A mat dem Gebuertsdag a besonnesch d'Joer gëtt et massiv Gedeessems. --Cornischong 08:14, 19 August 2006 (UTC)

Meng Informatioune kommen vu Billerplaquetten déi sengerzäit publizéeirt gi sinn ënner dem Numm " Portrait de Stars "" Encyplopédie du Cinéma. Méi kann ech der och nit soen deet mer leed Les Meloures 08:26, 19 August 2006 (UTC)

Salut: Du bass dach de Mann fir dat bal Onméiglecht. Kuck emol bei der Tirett. Dat ass méi schlëmm wéi eng Wendeltrap. Oder awer net?? --Cornischong 14:50, 20 August 2006 (UTC)

di do ass nit schlecht Les Meloures 15:09, 20 August 2006 (UTC)

Basilika vu Chèvremont[Quelltext änneren]

Salut do. Déi gutt Patere si sech anschwinend selwer net eens, wou se sinn. Eng Kéier geet Rieds vu "Chèvremont" an aner Kéier vu "Vaux - sous - Chèvremont". Ech hunn op alle Fall e Blat hei leien, dat ech vun do matbruecht hat, do steet "Couvent des Carmes / Rue de Chèvremont, 96 / 4051 Vaux - sous- Chèvremont" --Cornischong 16:00, 21 August 2006 (UTC)

Tjo, daat ass nit sou einfach wéi et schéngt op der Websäit vun der Gemeng steet Chèvremont.

Et ass haut ze spéit fir nozefroen awer maar ruffen ech mol op der Gemeng un. Les Meloures 16:06, 21 August 2006 (UTC)

Fabrik oder Manufaktur ?[Quelltext änneren]

Ech wollt virun allem emol datt de Link op der Manufaktur/Fabrik och éierens erauskënnt. Ob een dat elo Fabrik oder Manufaktur neent ass a mengen Aen éischter eng Ausdrocksweis an ech soen änner et roueg op Manufaktur. --Robby 21:50, 21 August 2006 (UTC)

E-mail do Myriam 21:56, 22 August 2006 (UTC)

Landesmeesscterschaften an der Liichtathletik[Quelltext änneren]

Salut, Hei fënns du d'Landesmeescher vun 2006: http://www.fla.lu/2006/060708/results_champ-nat-ind_cas.pdf

--Fliedermaus 17:47, 23 August 2006 (UTC)

En terribel wonnerschéinen Owend. Ier mer lo nach weider Ochse suedelen; lies emol dem Robby säi Kommentar. --Cornischong 22:05, 23 August 2006 (UTC)

Email for you[Quelltext änneren]

Wéi dann? So mer wou an ech maachen et ewech -- Myriam 22:54, 23 August 2006 (UTC)

Kategorie "Lëtzebuerger Landesmeeschteren am Vëlosport op der Strooss"[Quelltext änneren]

Ech hu gesinn dat's du nei Kategorien am Vëlosport mechs a froe mech ob et noutwendeg a sënnvoll ass fir esou Kategorien ze maachen. Menger Meenung wier et besser fir nëmmen eng Lëscht(wéi an der Liichtathletik) oder en Artikel mat enger Lëscht (wéi bei de Coursen am Vëlosport) ze maachen, wou een d'Landesmeeschter a chronlogescher Rei draschréift. Wann een duerno eng Dozen Kategorien huet (Landesmeeschter hei an do, Olympionik, Weltmeeschterschaftsparticipant, Etappegewënner am Tour de France, Gewënner am Tour de Luxembourg...) da gëtt een awer dronken. --Fliedermaus 15:00, 25 August 2006 (UTC)

Ech haat gemengt et wir kee Feeler daat esou ze machen, wanns du eng aaner Meenung dozou hues respektéieren ech daat a fueren dann och elo mol nit weider domat. Ech wir awer och frou wann nach aaner Leit och hir Meenung géiwe soen. Ech schléisse mech gären der Majoritéit un Les Meloures 15:44, 25 August 2006 (UTC)

Ech schléissen mech der Fliedermaus hirer Meenung un. --Robby 17:03, 25 August 2006 (UTC)

Ech hu lo grad gesinn wat s de dem Robby op seng Säit geschriwwen hues. Merci dat s de mech esou gutt verstees, mee ech hat wierklech gemengt: ech KANN näischt derbäi schreiwen, soss hätt ech dat gemaach, mat Foto an esou, mee dat ass net gaang. -- Myriam 01:15, 26 August 2006 (UTC)

Kannst du w.e.g den Linnaeus leschen. Gloooooo 12:22, 26 August 2006 (UTC)


Ech hu gesinn dass du bei Schof eng Tabell gesat hues. Ech wollt dech awer just drop opmierksam machen dass mir schon eng eenheetlech Tabell hun fir bei d'Déieren ze setzen. --Alexandra 12:26, 26 August 2006 (UTC)

Bei Lämmes hunn ech ugefange Saache bäizesetzen. En ass awer dunn nees geläscht ginn, wéinst enger Ursaach déi sëch herno als Mëssverständnës erwissen huet. Et sollt jo kee Virworf sinn dat mat der Tabell. Ech wollt dir just Bescheed soen am Fall wous du nach Artikelen vun Déiere giffs schreiwen. Ech ginn se dann ersetzen. --Alexandra 12:32, 26 August 2006 (UTC)

Halli. "Echt Schwäin": Ass dat, fir se vun de Marzipansschwäin an de Spuerschwäin z'ënnerscheeden? --Cornischong 20:49, 28 August 2006 (UTC)

Mail "do". --Cornischong 21:30, 28 August 2006 (UTC)

[1]

Fändelchen Tschecheslowakei[Quelltext änneren]

Template:CSSR do --Robby 16:00, 2 September 2006 (UTC)

Biller, déi net "do" sinn[Quelltext änneren]

Halli. Wat ass eigentlech a leschter Zäit mat de Biller lass. All gudden Dag "funktionéieren" der net. Waren dat alleguer Biller aus de Commons, déi "op eemol" net méi existéieren? Beim "Fresez-Wallefer" kënnt et mer vir, wéi wann dat ni eropgeluede gi wier. --Cornischong 07:59, 3 September 2006 (UTC)

Ech hu keng Ahnung wéi daat beim Fresez war an och nit bei deem vu Namouer. Wann et der aus de Commons sinn ass et schwéier fir erauszefannen fir waat dass se verschwonn sinn (et giw op jiddefall e Batz Aarbecht kaschten fir vläicht nach neischt eraus ze fannen). Déi Sich an déier Datebank fonktionnéiert guer net sou einfach Les Meloures 08:46, 3 September 2006 (UTC)

Salut Les Meloures. Sorry, do weess ech weider näischt. --Pear 17:33, 4 September 2006 (UTC)

Scheck mer w.e.g. eng Mail, well do wou ech sinn hunn ech keen Telefon...--Marcus 09:05, 5 September 2006 (UTC)

ok. gët gemet Les Meloures 09:09, 5 September 2006 (UTC)

Nordesch Kombinatioun op den Olympesche Spiller[Quelltext änneren]

Salut,

Am Template steet bei 1932 d'Wuert "vun" zevill do. Kanns du dat eventuell ewegmaachen dat et mam Wikilink klappt. Ech hunn net erausfond wéi een do dru kënt. Merci am Viraus. --Fliedermaus 14:02, 5 September 2006 (UTC)

Pardon, dat war de falschen Tepmlate. Dat hei ass de richtegen:

--Fliedermaus 14:25, 5 September 2006 (UTC)

Très bien!;-) --Fliedermaus 15:04, 5 September 2006 (UTC)

De Pershing[Quelltext änneren]

Deen M-26 jäitzt no engem Artikel. Wann dat stëmmt, wat an der de-Wiki steet, da goufen et der nëmmen 12 Stéck am Frankräich!! Well meng Fotoë Schiet hunn, muss ech nach dru feilen. --Cornischong 21:13, 5 September 2006 (UTC)

Aacht- Néng- Zéngkämpfer:-)) --Cornischong 18:45, 6 September 2006 (UTC)

Ok gëtt geännert waat eng Plo:-)) Les Meloures 18:48, 6 September 2006 (UTC)

De Lämmes[Quelltext änneren]

Ech weess, déi Diskussioun hat ech virun der Vakanz nach mat kritt, dofir froen ech mech wisou dat bëssi Lämmes nach do stoe bleift a net op d'Schof virugeleet gëtt? -- Myriam 01:34, 9 September 2006 (UTC)

Nicolas de Baugy[Quelltext änneren]

Ech mengen ech wor midd wou ech deen Artikel geschriwwen hunn:-) Et ass 1641 wou e gestuerwen ass. Hunn et verbessert. --βρισεισDisk 17:32, 9 September 2006 (UTC)

Halli. Lo kanns elo deng Fässer Saint-Émilion (am Franséische ginn d'Accentën och op Groussbuschtawe gesat!!) eriwwerplënneren. Wat sees de dann zu deem Kategorienamokleefer?? --Cornischong 14:00, 11 September 2006 (UTC)

Wann s de all Dag esou en Amok Idiot um Bockal hues, da kriss de de Katzert. Wat stellt dee sech vir? --Cornischong 14:15, 11 September 2006 (UTC)

An am Bordeaux (Wäibauregioun) sëtzt nach en Saint-Émilion! --Cornischong 14:48, 11 September 2006 (UTC)

An ..... am provisoreschen Saint-Émilion (prov) steet nach d'Këscht vun engem aneren. Wa mer dësen net mé brauchen, just Bescheed ginn. --Cornischong 14:53, 11 September 2006 (UTC)

De Ee-Saz-Trick[Quelltext änneren]

Den Ee-Saz-Trick schéngt nach ëmmer ze funktionéieren, op d'mannst beim Ray Charles, mengt de --Cornischong 19:34, 12 September 2006 (UTC)

Den Ausdrock "Weinbrand" gëtt mat "Cognac" iwwersat am DLW! Bei de Materialnimm gëtt et keng Méizuel (Sand, Gips, Peffer) evtl. Pefferzorten. --Cornischong 18:59, 13 September 2006 (UTC)

== Owend ==[Quelltext änneren]

owend.. du bass in Wikipedia jetzt.. huss du MsN?

Nee leider nët du kanns mer awer hei schreiwen wanns de wëllst Les Meloures 08:37, 16 September 2006 (UTC)

Salut. Am Preview gesinn ech d'Rötelmaus, am Artikel awer net. Zauberei?? --Cornischong 21:11, 18 September 2006 (UTC)

Merci fir deng Beméiungen am Artikel Schieren. --Tomateus 05:06, 19 September 2006 (UTC)

Bernard Perpète[Quelltext änneren]

'Nowend,

nee, deen Numm seet mer näischt (Tëlees-"Staren" an ech liewen an enger anerer Welt). Wann ee guggelt, fënnt een awer dat een oder anert iwwert säi Liewen. Näischt wat mech giff inspiréieren, fäerteen ech... -Z.

Ech waar alt emol op der franséischer Wiki aktiv a kennen vun do déin Numm an du wousst ech och wasst de gings schaffen oder geschafft huest well ech Kolleg mat engem Fierschter aus denger Klass sinn (de Boop) an duerfir däin Numm kannt hun. Vläicht begeine mer eis dëst Joer op senger Juegd de kommen ech der d'Patt drécken. Nilrom 22:10, 21 September 2006 (UTC)

M do --Cornischong 20:03, 24 September 2006 (UTC)

Syndikater --Cornischong 00:13, 25 September 2006 (UTC)

OK gëtt verbessert Les Meloures 00:15, 25 September 2006 (UTC)

Bonsoir. "Liljen ass eng Uertschaft aus der Gemeng Mompech." Op der Michelin-Stroossekaart fannen ech déi "Uertschaft" net. Um Site vun der Gemeng sinn all Uertschaften eenzel ernimmt ausser Liljen. Datt et keng Weltstad ass, hat ech mer scho geduecht. Steet do just eng Telefonskabinn? --Cornischong 19:58, 26 September 2006 (UTC)

Lëtzebuergesch Vëlosportler[Quelltext änneren]

Salut,

Am Text steet heefeg och nach net "lëtzebuergesch Vëlosportler".--Fliedermaus 13:40, 29 September 2006 (UTC)

Merci hu gemierkt kucken déi no déi ech geännert hunn, ech fuer vun hanne no vir maach du dann ëmgedréint Les Meloures 13:42, 29 September 2006 (UTC)

18:56 déi KAT missten ersat ginn:-)) Oder???:-) --Cornischong 17:17, 29 September 2006 (UTC)

" Pilgeruertschaften". (Mont) Do hunn ech awer net nëmmen Zweifelen.--Cornischong 17:54, 29 September 2006 (UTC)

Wann s de Loscht hues; d'Pipeline-Foto ass prett? .....:-) --Cornischong 18:03, 29 September 2006 (UTC)

Ok Merci Les Meloures 18:05, 29 September 2006 (UTC)

Do, lo ass e Mail ukomm. --Cornischong 23:17, 29 September 2006 (UTC)

Komm, mär ginn an d'Bett; déi aner Leit gi gär heem. --Cornischong 23:55, 29 September 2006 (UTC) bis haut

mail dran --Cornischong 00:19, 2 Oktober 2006 (UTC)

Oder eng Këscht mam Titel "Uergel" an déi da Saache wéi "Uergelmanufakturen" an deeües dra kommen.:-)

Sou. lo sinn ech erëm vu Käl:-))) ~E Mail ass och do --Cornischong 00:48, 3 Oktober 2006 (UTC)

Salut. Da kuck der emol de Lulling/Schanen-Text un deen ech am Talk:Keel ernimmen. Ech war mat dronke ginn, an hat dee ganz vergiess. Dat kann nach heiter ginn:-)/ --Cornischong 18:33, 3 Oktober 2006 (UTC)

Halli. "Do mécht si eng Harëmskéiers": Wat mécht déi do? Dat héiert sech no Harem un, oder? --Cornischong 17:09, 8 Oktober 2006 (UTC)

Has de mäi Mail kritt? --Cornischong 23:05, 9 Oktober 2006 (UTC)

Halli. "Uergelbauer" an "Uergelmanufakturen" sinn zimmlech vertriwwelt. Kann s de mol e Bléck drop geheien. Merci. --Cornischong 09:29, 10 Oktober 2006 (UTC)

Ok kucken daat no Les Meloures 09:31, 10 Oktober 2006 (UTC)


Spezialzeechen[Quelltext änneren]

Ŝ S mat Hittchen

Rangéiergare Péiteng[Quelltext änneren]

De Péitenger Triage gëtt am Moment nach just profitéiert fir eidel Wagonen ze garéieren an ze rangéieren a fir den Atelier vu Péiteng ze bedéngen. En ass awer nach voll betriibsfäheg. En huet och en Oflafbierg an e besteet aus ongeféier 14 Gleiser. Doniewend sinn och nach ongeféier 5 Garage-Gleiser. Duerch Réorganisatioun an d'Créatioun vun CFL-Cargo, wourann den Atelier an den Triage soll agegliddert ginn, weess elo nach keen watfir eng Bestëmmung den Triage an der Zukunft soll kréien. Ausserdeem huet den Triage dee grousse Nodeel dass e nëmmen vun enger Säit aus accessibel ass. Ech kucken awer fir méi präzis Détailer gewuer ze ginn. --Pecalux 07:49, 11 Dezember 2006 (UTC)

Halli. Kuck der emol um 12.31 Auer dat un. An da kucks de och emol de Link an déi interessant Ufro op der de-Wiki!!! --Cornischong 13:24, 12 Dezember 2006 (UTC)

Halli. Schmaacht d' Mohnschneck net? --Cornischong 15:28, 14 Dezember 2006 (UTC)

D'Foto vum Mosaik vu Viichten ass vun de Commons. Et war mer, wéi wa mer dat geklärt haten. Ech muss wuel eppes net verstanen hunn. Ech froe just no, well ech dat ee fir allemol wollt kloer gesinn. --Cornischong 22:28, 15 Dezember 2006 (UTC)

Mail do --Robby 23:38, 16 Dezember 2006 (UTC)

Pardon, ech war de Schëllegen. Mä ech halen meng Patten elo vum Artikel "Departement Bas-Rhin" eweg.:-) --Fliedermaus 18:08, 19 Dezember 2006 (UTC)

Halli. A 5 Minutten hues de e Mail. --Cornischong 01:11, 21 Dezember 2006 (UTC) Halli. Virun 1 Minutt has de Mail. --Cornischong 20:30, 24 Dezember 2006 (UTC)

Halli. Schmaacht d' Mohnschneck net? --Cornischong 17:36, 25 Dezember 2006 (UTC)

mail do Robby 22:29, 29 Dezember 2006 (UTC)

Halli. Du hues an 2 Minutten e Mail --Cornischong 20:09, 26 Dezember 2006 (UTC)

Am Broubich: "Op 344 m i. NN leeft se an. "NN" ass dat dat falscht Déngen do? --Cornischong 20:31, 26 Dezember 2006 (UTC)

Viadukten a Viaducen.

Ech hun der mol e puer geréckelt, halen awer elo op (d'Zopp gëtt kal). Ech fueren da spéiderhin virun. Bis dann. --Pecalux 17:52, 28 Dezember 2006 (UTC)

Halli. Wann d'Groussstied an Norwegen sinn, da kéint een d'Kategorie esou nennen, oder dach? --Cornischong 00:20, 30 Dezember 2006 (UTC)

Halli. Op der Säit Wikipedia:Kategorien wier et nawell interessant fir "E puer Konventiounen zu geographeschen Artikelen" ze liesen; mengt de --Cornischong 07:22, 31 Dezember 2006 (UTC)

Halli. Sou eng Iddi: A wa mer amplaz " style="background#f9f9f9;" " den "e9e9e9" géifen huelen. Dann hätte mer jo e ganz duusst Gro als Hannergrond. ~--Cornischong 15:35, 31 Dezember 2006 (UTC)

Jo d'Iddi ass gudd wann ech wéist wéi se dra kréien ech kréien dé aner mol net dran ech sinn amgaang z'experimentéieren Relioun ass emol liquidéiert Les Meloures 15:39, 31 Dezember 2006 (UTC)

Physikalesch Gréissten[Quelltext änneren]

Sali. Hmm ech hu keng Ahnung wats de genau wëlls bzw. wat do genau drakënnt. So mer mol méi spezifesch:)

Bei de Preisen hunn ech eng Infobox fonnt, mee déi ass éischter als Këscht am Artikel vun enger Gréisst geduecht. Mengs de esoueppes ?:-)

--βρισεισDisk 18:22, 3 Januar 2007 (UTC)

Ech si ganz Ouer. --Cornischong 00:14, 4 Januar 2007 (UTC)

Dëst an dat: de:Donaustadtbrücke D'Foto ass do Den Hondsaarsch kritt der zwéin. --Cornischong 08:38, 4 Januar 2007 (UTC)

Physikalesch Gréisst - D'Këscht[Quelltext änneren]

Sali. Ech hunn dann emol e bësse bei eisen Nopere geklaut: Template:Infobox Physikalesch Gréisst gëtt et dann och elo bei eis. Erkläerung misst alles bei der Template selwer stoen, wéi se ze benotzen ass (einfach den ënneschte Kader an den Artikel kopéieren, an opfëllen). --βρισεισDisk 10:43, 4 Januar 2007 (UTC)

Merci ech kucken dat ech sou séier wéi mer Artikelen opfalen dës Këscht drasetzen. Ech hunn der epuer an der Kopp mee et ass wéi bei alles wanns de sichst da fënnst et net direkt, soss bréichst de jo och net ze sichen:-) Les Meloures 13:56, 4 Januar 2007 (UTC)

Da kuck emol nach eng Kéier!!!!!!: Amplöaz eis Galerie mat Biller steet lo Commons do! (ouni biller. --Cornischong 18:42, 4 Januar 2007 (UTC)

Lo war ech 12 Sekonnen net do !:-) Lo awer nees !

Dat passt![Quelltext änneren]

Villmools merci fir d'Hëllef! --Zinneke 19:29, 5 Januar 2007 (UTC)

Hallef Mound[Quelltext änneren]

Dat hun ech jo och net geschriwen oder?

Ech wollt just op den Ursprong hiwäisen an deen huet mam Hallefmound ze dinn--Robby 23:05, 5 Januar 2007 (UTC)

Den Hallefmound fënnt een awer als Ausdrock nach lang net an all Sprooch erëm. A franséischen oder engleschen Texter gëtt néirens vun Hallefmound geschwat. Les Meloures 23:10, 5 Januar 2007 (UTC)

Do hues de sécher Recht, mee ech weess net watdo de Critère sollt sinn, lëtzebuergesch ass méi no bäi der däitscher Sprooch, mee de Begrëff Roude Croissant hun ech och schonn héieren, vläit sollt een do emol eng Nuecht doriwer schlofen, eventuell kann een och déi 2 Begrëffer Croissant an Hallefmound benotzen mee Séchel hunn ech an dem Kontext nach nie zu Lëtzebuerg héieren. --Robby 23:24, 5 Januar 2007 (UTC)

Wann ech déi däitscht Texter do driwwer liéisen da ginn ech krank. Déi faselen an de Bschreiwunge fun de Fändelen vun deen zwee. Hei d'Beispill vum Algeresche Fändel:

Die Mondsichel stammt ursprünglich aus vorislamischer Zeit. Da viele Staaten mit mehrheitlich muslimischer Bevölkerung den Halbmond und den Stern in ihren Flaggen benutzten, hat sich dieses Symbol als Zeichen des Islam etabliert. Les Meloures 23:33, 5 Januar 2007 (UTC)

Salut. Wat ass dat do dann: No deem ganze Gedéngels bleift et elo Léiwen??? Oder nenne mer dat elo endlech Leuven (mat Redirect Louvain a Léiwen), sou wéi dat ausgemaach war? Oder geet déi flott Diskussioun weider? --Den Tedektif 02:17, 7 Januar 2007 (UTC)

Net stëppelen, Artikele schreiwen Tedektif! --Otets♣ 02:47, 7 Januar 2007 (UTC)