Benotzer Diskussioun:Marcus~lbwiki/Archiv1

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

--Cornischong 14:13, 11 Juli 2005 (UTC)


Friess Konfirmatioun[Quelltext änneren]

Moien. Du bass also en Dënschteg (9. August 2005) um halwer aacht owens mat derbäi am Restaurant "Sieweburen" am Rollengergronn? Kanns de mer dat nach kuerz konfirméieren, da mellen ech dech nach séier mat derbäi un. --Cornischong 09:15, 6 August 2005 (UTC)

OK. Geet an d'Rei. --Cornischong 09:29, 6 August 2005 (UTC)

Wat fir een "Tableau" hues de wëlles? Du kanns der eventuell een aus enger anerer Wikipedia "ausléinen" an en hei implantéieren. --Cornischong 13:24, 6 August 2005 (UTC)

De Baseng am Dall[Quelltext änneren]

Ech siche mer meng "Quellen" eraus. Dat hei steet op engem Schëld, dat d'Gemeng am Park virum Restuarant opgestallt huet. --Cornischong 14:12, 6 August 2005 (UTC)

Fichier:SIW BAS.jpg

Kierchejoer[Quelltext änneren]

An der Tabell iwwer d'Kierchjoer hues de e bësse "fluppeg" Faarwe geholl. Zum Beispill 1. Advent: Do kann ech den Text bal net liesen. Ech denken, méi "pastell" -hell Faarwe wiere manner "agressiv". --Cornischong 15:05, 6 August 2005 (UTC)


Ech verstinn net richteg, WAT hunn ech mat dene Nimm gemacht, dass se net méi WOU opgelëscht sinn? Ech hunn just den Numm an d'Kat dobäi gesaat wéi dat elo nach ëmmer gemacht gouf zënter ech hei dobai sinn ?? --Alexandra 13:24, 9 August 2005 (UTC)


Ah ok, hat scho gemengt et wier haut jo iwwerhaapt näischt gudd wat ech giff machen ...:-) Bis herno --Alexandra 14:08, 9 August 2005 (UTC)

Priester a Paschtéier[Quelltext änneren]

Ech hunn am Moment keng gréisser Usammlung vun Dictionnairen an anere Sproochbicher ronderëm mech, dofir léisst d'erfannen e wéineg op sech woarden. Wann s du tëscht deenen zwee Wierder eng Differenz gesäis (ech sinn do net esou bewandert), da kanns de et en attendant erëm op Priester zrécksetzen. --Otets♣ 12:50, 10 August 2005 (UTC)

Mat Geeschtleche léisst sech gutt liewen. Bei Priester dréit sech mäi lëtzebuergescht Gehier. --Cornischong 12:58, 10 August 2005 (UTC)


Also ech hat eng Zockertabell opgemach. Mir kënnen dës natierlech och fir aner Moleküler benotzten, da kinnt een den Numm Zocker an Molekültabell änneren. Wann se awer net ganz kompatibel ass kann ech och eng nei opmachen. Du brauchs mir just ze soen wat dodra soll kommen Alexandra --83.99.55.101 15:05, 12 August 2005 (UTC)

Laudes Laudes
Prim entfällt (ausser fir d'Kartäuser)
Terz Terz \
Sext Sext -- oder zu drëtt am office du milieu du jour zesummegefaast
Non Non /
Vesper Vesper
Komplet Komplet
Vigil oder Matutin  Lieshore (office des lectures) u keng Dageszäit méi gebonnen

"ass et richteg datt mer op lëtz den Nimm vun den Zockeren en "e" unhänken z.B. Glucose, ech wees Glucos gesäit domm aus mä mer schreiwen jo awer nie Buchstawen déi mer net héieren. -- Mär hunn en Artikel iwwer Sarkoidos, dat ass villäicht e bësse friem um Ufank. Mee eng "These" ass eng "Thes"; dat mag "komesch" kléngen, mee et steet am am DLW. Da bleift nach den "c". Wann et d'Wuert op Däitsch gëtt, wéi bei der "Glukose" dierft de Fall einfach sinn: Clukos. Geneeës steet am Josy Braun sengem "Eis Sprooch richteg schreiwen op S. 46f. --Cornischong 15:42, 12 August 2005 (UTC)

Kee Problem mat de xxxrioten. --Cornischong 15:46, 12 August 2005 (UTC)

ok, ouni 'e'

Aus dem Liewegen[Quelltext änneren]

Merci fir däin Iwwerbléck. Lo ass mäi Firwëtz berouegt. Dat misst allerhand gutt ginn!! Baut där zwee dann de Biologie-Portal ëm, dann hu mer schonns e formidabelen Skelett fir dat wat nach kënnt. Just eng kleng Fro nach: Wuer kommen d'Viren an d'Viroiden? --Cornischong 10:01, 13 August 2005 (UTC)

Embau ass fäerdeg, lo kann ee lass leen mat Artikelen :-) --Alexandra 10:26, 13 August 2005 (UTC)


Molekültabell[Quelltext änneren]

Ech hunn dir emol Taball bei Aminosaieren an Phospholipiden dragesat. Ech wees net genau wous du se wolls hinhunn. Du brauchs se elo just nach auszefëllen (bei de Vitamin-Artikelen, gesäis du wéi et geet). --Alexandra 14:25, 15 August 2005 (UTC)

Halli. kucks de mam "Wëssenschaftlechen Numm". --Cornischong 22:19, 18 August 2005 (UTC)

Aha, dowéinst huet dat sech haut net heihinner getraut:-) --Cornischong 22:24, 18 August 2005 (UTC)

Kiercheschabloun[Quelltext änneren]

All Respekt fir dech. De Fortschrëtt ass net ze bremsen. (Du kanns se och roueg a mäi Schantjen erasetzen). Wann s de mol Zäit a Loscht solls hunn, da maach der mol Gedanken iwwer eng Zort Lëscht vun de reléise Gebaier:-) --Cornischong 11:45, 20 August 2005 (UTC)

zum 2. Modell: (mat Architekt). Mer kënne roueg déi zweet huel fir se all, well wann den Architek tnach net sollt bekannt sinn, da kann dat jo nach kommen. --Cornischong 11:48, 20 August 2005 (UTC)

Millen zu Huncherange[Quelltext änneren]

Ech hunn nëmme déi fréier Millen opgezielt, déi mer an de Kapp komm sinn. Ech hoffen, datt anerer dës Lëscht ergänzen. Tatsächlech ass den Eugène Flies zu Hunchereng nach als Miller am Telefonsbuch agedroen. Ob hien awer nach muelt, weess ech net. Sollt dat de Fall sin, wat ech net gleewen, musse mir hien bei d'Klengbettener Millen an d'Nonnemillen derbäisetzen.--ernmuhl 16:49, 20 August 2005 (UTC)

D'Geschicht vun der Hëncherenger Millen ass gutt dokumentéiert. Zënter 1541 sinn all Piechter mam Numm bekannt. Bis 1951 gouf do nach Broutmiel gemuel. Duerno nëmme Schrout fir Klengdéierzuucht. Ob dat nach haut leeft, weess ech net. --Cornischong 17:05, 20 August 2005 (UTC)

Halli. Wat has de mat der Dippecher Kierch wëlles? --Cornischong 00:58, 23 August 2005 (UTC)

Ech verstinn net richteg wats du elo mengs. Si hunn mengen ech keen eegenen Domän, oder wéi? Ech giff si bei d'Protisten setzen, oder wat mengs du ? Bei den Déieren stinn se jo op all Fall net richteg, do ginn ech dir Recht. --Alexandra 11:30, 24 August 2005 (UTC)

Jo, si kommen ënnert d'Protisten déi jo e Räich am Domän Eukar. sinn. Kenns du dech e bessen aus an den Protisten, ech mengen deen Artikel, oder besser gesot di Systematik misst emol iwwerschafft ginn. Ech hunn do zwar net esouvill Ahnung? Wéi steet et do mat dir? --Alexandra 12:04, 24 August 2005 (UTC)

Kierchen, Kierchen a Kierchen[Quelltext änneren]

Moien. Mer misste kucken, fir déi Kierchschabloun z'änneren, well se zerrappt eis d'Kierchenartikelen op eng béis Manéier. Ech denken, (no Diskussioun mam Johnny Chicago) datt mer eng Zort Këscht brauchen, déi uewen iwwer déi ganz Breet vum Artikel geet. Esou hënnert se d'Dispositioun vun de Biller guer net a se ass gutt ze gesinn. Kanns du mol e Prototyp bastelen (mat schéinen douce Faarwen!), da kënne mer eis eppes drënner virstellen. Merci. Ech si vun 21.50 nees hei. --Cornischong 17:35, 28 August 2005 (UTC)

Du hues Mail. --Cornischong 00:48, 29 August 2005 (UTC)

Wier et net besser fir sech beim Parverband een anert Trennsymbol ze sichen, wéi de Bindestrech? Wann ech bei der Kierch vun Diffech kucken, ass déi Trennung net méi kloer. --Tomateus 09:49, 29 August 2005 (UTC)

--> Kapell Glacis. --Cornischong 09:52, 29 August 2005 (UTC)


OK e Komma ass gutt , ech wärt mech den Owend drëm këmeren –Marcus 10:01, 29 August 2005 (UTC)

Ee strut an HTML ass mir net bekannt. Een   ass nemmen e Blank. Do awer eng Tabell hannen dru kennt, gëtt dës automatesch an eng nei Zeil gesat. --195.218.31.107 12:19, 29 August 2005 (UTC)

Kanns de nach den Artikel fir d'Spidolkapell opmaachen. Sich der en Numm eraus!? --Cornischong 12:46, 29 August 2005 (UTC)

Kanns du dat, wat bei "Kierch Rued-Sir" ënner "Par:" steet nach abauen. Ech ginn do net ganz schlau draus. Bei der Belairer-Kierch hat ech en aneren Datum fonnt, dowéinst hat dech nogekropt. Einfach emol gefrot: Hues du Biller vun der Diddelenger Kierch? --Cornischong 20:34, 30 August 2005 (UTC)

Wann s de Material iwwer d'Kierch vu Féngeg häss, wier dat net schlecht:-) E hunn dech jo richteg verstanen, déi Diddelenger ass op!?? Bei Rued-Sir wäerten an éischter Zäit Biller bäikommen. Wuer geet dat hin? --Cornischong 21:22, 30 August 2005 (UTC)

Een Altor, zwéin Altär. Et muss een sech dru gewinnen:-) --Cornischong 09:08, 31 August 2005 (UTC)

Tjo, hei dauchen Fotoen op eng verwonnerlech Manéier op:-) (Priedegtstull). Du wäers dech wonneren; ech hunn duerch meng Billercher gebliedert mee en echten Ambo ass mer net opgefall. Lo hu mer zwéi Priedegtstill a keen Ambo. Kräisch net. Et ass bestëmmt een ënnerwee. --Cornischong 14:53, 31 August 2005 (UTC)

Vu wiem ass dat Kräiz an der Rued-Sirer Kierch? Dat ass tatsächlech eppes ganz Aussergewéinleches? --Cornischong 19:02, 31 August 2005 (UTC)

"Es wurden keine mit Ihrer Suchanfrage - "Egidio Weinert" - übereinstimmenden Dokumente gefunden." zielt de Google mär bei der "Suche: Das Web". Do hunn ech alt geduecht, fro mol no. Dat hätt ech anscheinend net solle maachen. --Cornischong 21:48, 31 August 2005 (UTC)

Dann ass et nach eng Kéier gutt fir gëscht:-) --Cornischong 22:47, 31 August 2005 (UTC)

Wann ech dës Franziskus-"Bronzeplastik" ( http://www.1000-jahre-buir.de/Aktuelles/Franziskuspreis/franziskuspreis.html )vum Weinert gesinn, da froen ech mech ob de Kräizwee zu Zéisseng net och vun do kënnt. --Cornischong 23:01, 31 August 2005 (UTC)

Ass d'Jousephskierch an d'Eligiuskapell uechter den Dag op? A wou steet déi Kapell; hues du do eng Adress? Ech well net eng Kéier fir näischt do laanschtfléien. --Cornischong 22:42, 1 September 2005 (UTC)

Halli. Well ech wëlles hunn en Ulaf mat "Freskemolerei" ze maachen, an net sécher sinn, wou Freske sinn, klappen ech emol hei un. Wou hu mer Fresken hei am Land? Gutt Fro hein? --Cornischong 11:24, 3 September 2005 (UTC)


Ech hunn emol den Artikel iwwert den Chomsky ugefang. Du weess bestëmmt och eppes iwwert déi grousse Kolleg ze schreiwen. --Tomateus 13:49, 5 September 2005 (UTC)


Nodeems ech elo eng Foto eropgelueden hat, hunn ech gesinn, datt Wikimedia mengt, se kéinten all Donnéeën vun de Biller hei aushänken. Da géif ech awer mol gäre gesinn, wie sech dat bidde léisst! Anscheinend leeft dat awer net mat alle Fotoen?! Wat mengs du zu deenen Tricken? --Cornischong 20:21, 5 September 2005 (UTC)

Tjo, dat as awer net esou, well: Meng Foto gouf duerch Photoshop Elements méi hell gemaach an et gouf duerch dee kompriméiert. Dat stoung zuguer an der Matadatei dran, duerch watfir e Programm et gaangen ass!! Wa mer dat net an de Grëff kréien, da kann et jo nach flott ginn. Ech hun och an der däitscher bei de frësch eropgeluedenen Fotoe gekuckt: Ech hunn do keng gesinn, déi d'Metadaten drun hänken hat!!! --Cornischong 20:57, 5 September 2005 (UTC)

et kënnt nach =[Quelltext änneren]

Bei mär leeft d'Saach nees. Ech setzen nach herno Fotoe bäi. Bleif nach wakereg. --Cornischong 21:32, 6 September 2005 (UTC)

Méchs du nach Mäertert an Ouljen op, den J.C. setzt nach herno d'Fotoen dran!! --Cornischong 21:34, 6 September 2005 (UTC)

= Géint d'Dommheet[Quelltext änneren]

"There are two churches at Echternach. the larger is the Abbey's basilica of St Willibrord (now a school), now surrounded by the 18th Century abbey in the town's historical and cultural centre. The other is the parish church of St Peter and Paul." - Aus der engleschsproocheger Wikipedia iwwer "Iechternach". "now a school" Prost. --Cornischong 20:56, 20 September 2005 (UTC)

Dat 4. an dat 5.[Quelltext änneren]

Moien. Tjo, wann ech esou an der lëtzebuerger Wikipedia ënner Esch-Uelzecht kucken, da fannen ech am Kapitel "D'Quartierë vun Esch-Uelzecht" och Lalleng:-) Lalleng ass wierklech een. Wann ech mech richteg erëmnneren, huet do de Fernand Frack Primiz gefeiert, an de Jupp Wagner war do laang Zäit Paschtouer. An nach eng Saach: Zu "Esch Raemerech" (a Richtung Bieles, vis-à vis vun dem Schmelzportal) war "an der Zäit" eng Kapell. Ech weess awer net ob déi hautdesdaags nach "op" ass. Déi Grenzer Kierch ass normalerweis op, mee bei der Paterskierch (St. Henri) si reegelméisseg d'Paarten zou. --Cornischong 08:22, 21 September 2005 (UTC)

--Cornischong 09:09, 21 September 2005 (UTC)

Mäi Link am Kräizkapell-Spaweck gehéiert natierlech bei d'Basilika. Bei esou ville Kierchen ... --Cornischong 19:21, 21 September 2005 (UTC)

ech verstinn datdo net, ech gesinn kee Feeler -Marcus 19:24, 21 September 2005 (UTC)

Reformatioun etc.[Quelltext änneren]

Ech kommen dengem Wonsch gäer no, mee, leider sinn ech "nëmmen" Katholik. Meng Kenntnisser iwer d'Reformatioun hun ech aus dem däitsche Wiki. Soit! --Carlos 15:36, 24 September 2005 (UTC)

Moien. Ma déi si ganz schlau a soen näischt. Wann ech misst eppes soen, da wier et Diëzees, mee dat kënnt mär esou komesch vir ewéi där. Du kenns de Spréchelchen aus der de-Wiki "Sei mutig" --Cornischong 00:52, 25 September 2005 (UTC)

Esch (Raemerech)[Quelltext änneren]

Moie Markus. Méchs de deen Artikel op, da spendéieren ech eng Foto dervun. --Cornischong 21:16, 26 September 2005 (UTC)

War do net en Artikel iwwer "Dafsteen" oder heescht deen anescht? Wann et nach kee gëtt ... ech hunn do nach Fotoen ... --Cornischong 01:43, 28 September 2005 (UTC)

Nuets ass Munneges an der Rei, wat engem am Dag opfält:-) --Cornischong 09:00, 28 September 2005 (UTC)

Halli. Wéi wier et mat der Welschenter Kierch? --Cornischong 21:10, 29 September 2005 (UTC)

A mat Waarken? Wat ass den Ënnerscheed tëscht enger Kapell an enger Kierch? Bei Waarken hunn ech mech dat gefrot. Ech weess et wierklech net!! Klär eis op!

Gudden Owend. Wéi wier et mat Zolwer a Réiden"g" (!)? --Cornischong 17:34, 30 September 2005 (UTC)

Schéimerech[Quelltext änneren]

Moien. Wéi ass et mat Schéimerech? --Tomateus 09:52, 1 Oktober 2005 (UTC)

Kapell oder Kierch bei Kielen, wou ech e puer Fotoen hunn. Hues du Informatiounen doriwwer, fir eventuell den Artikel opzemaachen? --Tomateus 11:14, 1 Oktober 2005 (UTC)

Du denks jo nach u "Réideng" a seng Kierch. Dat ass déi éischten Uertschaft, wann s de zu Bieles an de Frankräich fiers. --Cornischong 20:43, 3 Oktober 2005 (UTC)

Nidderwolz[Quelltext änneren]

Tja, wann alt ee mer den Artikel opgemaach hätt, dann hätt ech d'Foto vun der Uergel dragesat:-) Déi krut ech zuguer ze héiere wéi ech do war. --Cornischong 21:12, 3 Oktober 2005 (UTC)

Mat Réideng ass kee Problem. Ech gesinn de Sekretär vum Parrot nach eng Kéier "an nächster Zäit". Da kréien ech "Tonne" Material. --Cornischong 21:27, 3 Oktober 2005 (UTC)

Afwiesslung a superaktuell[Quelltext änneren]

No de Kierche jäitzt den "Helicobacter pylori" no engem Artikel. Eis däitsch Frënn hunn eng kleng Avance. Villmools merci am Viraus ;- D . Just Fotoen hunn ech nach keng! --Cornischong 22:35, 3 Oktober 2005 (UTC)

"ass e spiralförmegt,..." !?? --Cornischong 07:45, 4 Oktober 2005 (UTC)

.. an d'Kierch vu Kolmer-Bierg; den Jim Hawk huet se schonns um Späicherstick an d'Myriam waard drop, datt se endlech all duerch sinn:-) --Cornischong 15:09, 4 Oktober 2005 (UTC)

Wa mer schonns beim "Baue" sinn: Ech hunn emol en Artikel ugefaang, deen eis "sproochlech" schläife wäert, de "Verwëllef":-) --Cornischong 12:09, 6 Oktober 2005 (UTC)

Mariendallerhaff[Quelltext änneren]

Moien. Ech hunn emol zwou Fotoen, déi mir geknippst hunn an den Artikel vun der Kapell um Mariendallerhaff agesat. --Tomateus 09:09, 11 Oktober 2005 (UTC)

Am beschten, alleguer[Quelltext änneren]

Wéi s de bei Houfelt gesäiss: Fänk am beschten un, fir all Kierch en Artikel opzemaachen, well d'Fotoe sinn anscheinend do. --Cornischong 23:01, 13 Oktober 2005 (UTC)

D'Bild huet en Ënnerstréch am Artikel; an der Bildbeschreiwung awer net. (War dat zweemol eropgeluede ginn??) --Cornischong 18:46, 14 Oktober 2005 (UTC)

Nach, nach[Quelltext änneren]

Halli. Tjo, wann ee lo nach E Schlëssel hätt vu Bieles (ass éiweg zou), Esch-Lalleng (ass warscheinlech zou), Duelem (ass do op??). Bei Suewelbur hunn ech keng Anung. --Cornischong 21:03, 17 Oktober 2005 (UTC)

Schéin a schaarf[Quelltext änneren]

Déi éischt schaarf a gutt Foto vu Blockflütten op de Wikien. Prost dann! Ech hu just e Problem, fir se ze gesinn: ech gesi se nëmme bei "héijer opléisung", awer am Artikel net!? Et kënnt jo nach eng Foto vum Mondstéck. --Cornischong 20:18, 14 November 2005 (UTC)

Stil vun der Péitenger Kierch[Quelltext änneren]

Laut der däitscher Wiki ass den Historismus eng Stilrichtung vum 19. Joerhonnert an d'Neigotik e Stil vum Historismus. Also war meng Beschreiwung, déi iwwregens net vu mir staamt mee aus engem schlaue Buch, net falsch. -- Carlos 03:08, 17 November 2005 (UTC)

Déi Rollenger[Quelltext änneren]

Moien. Kanns de mol déi Rollenger (Péiteng) opmaachen. Zousazfro: Wéi kommen ech an déi Rodanger Kierch?? --Cornischong 08:13, 17 November 2005 (UTC)

jo; keng Ahnung --Marcus

Salut Cornischong, wat mengs de mat "wéi kommen ech an déi Rodanger Kierch"? Myriam 12:32, 17 November 2005 (UTC)

"Kierch Fëschbech (Miersch)" + "Kierch Gilsdref". Merci --Cornischong 02:15, 24 November 2005 (UTC)

Mengs du mir sollen dat dann emol drënner schreiwen ? Bis dass een eis seet et wier richteg oder falsch ???:-) --Alexandra 13:54, 25 November 2005 (UTC)


Äerdzäitalter[Quelltext änneren]

Ech sinn am gang mech erem e besse mat der Zäit ze befaassen. Bis elo hunn ech d'Termen Tertiär an Quartär geholl. Soll ech dat villeicht ëmdréien an di aner Bezeechnung huelen vun Neogen an Paläogen? Wat ass di aktuellste Versioun. Och hunn ech gesinn dass et fir den Paläogen zwou Andeelunge ginn: déi déi ech hunn, an eng aner: Pliozän an de Miozän am Neogen stinn. Wat mengs du dozou? --Alexandra 12:52, 1 Dezember 2005 (UTC)

Ok, merci, probéiere dat dann emol:-)

Huet een eng Kéier de Réck gedréit .... Merci. --Cornischong 17:01, 6 Dezember 2005 (UTC)

Kommunikatioun[Quelltext änneren]

Ech hunn der virun e puer Sekonnen eng Mail geschéckt, dann hues de meng Adress fir mer deng Word-Datei ze schécken. --Otets♣ 13:24, 9 Dezember 2005 (UTC)

U sech misst domat eppes unzefänke sinn. So mer just nach w.e.g., wat déi véiert Kolonn mat deen "£227£" etc. bedeit. --Otets♣ 13:59, 9 Dezember 2005 (UTC)

Dat misst klappen, merci. E Sonnde këmmeren ech mech dann drëm. --Otets♣ 13:59, 9 Dezember 2005 (UTC)

Bäi just 20 Artikele muss ee sech froen, op et do nach rentabel ass, et Bot anzesetzen. Well Oarbecht déi e Bot mécht muss een zwar net selwer maachen an et gewënnt een esou Zäit, mee vu datt d'Programmatioun vum Bot och Zäit brauch, muss ee kucken datt ënnert dem Stréch nach gewonnen Zäit reschtbleift. Mee trotzdeem merci, ech kucke wat ech nächste Weekend maache kann, vläicht kann ech Deeler vum Chimiesbot recycléieren an esou Zäit spueren, oder ech setzen d'Tabell einfach vun Hand an, je nodeem. --Otets♣ 12:54, 14 Dezember 2005 (UTC)

Kéins du mer w.e.g. nach déi cheemesch Elementer 111 bis 118 fir mäi Bot ufidderen? --Otets♣ 19:37, 18 Dezember 2005 (UTC)

Merci. Ech hoffen, de Bot nach haut den Owend fir éischt Tester fit ze kréien. --Otets♣ 12:46, 19 Dezember 2005 (UTC)

Vigel a Vullen[Quelltext änneren]

Mengs du dann net mir sollten eis op eppes einfach eenegen, an vun engem e redirect op deen aneren machen. Et ass jo och wéinst den eenzelen Linken an denen verschiddenen Artikelen. --Alexandra 10:49, 13 Dezember 2005 (UTC)

Ok, fir Vullen a Vull:-) Kanns du mir och villeicht deng Usicht zum Otets sénger Fro soen ? --Alexandra 12:10, 13 Dezember 2005 (UTC)

Geologesch Zäitskala[Quelltext änneren]

Steng bei der Picea net besser Fiicht, wéi Dänn? --Tomateus 12:55, 15 Dezember 2005 (UTC)

Tréierer Kierchen[Quelltext änneren]

Du verbesserst mech jo, wann ech hei esou déck Téin iwwer d'Tréirer Kierche vu mir ginn:-) --Tomateus 17:53, 20 Dezember 2005 (UTC)

Bäim Yohanân war ee mam Greef laanschtgaangen. --Otets♣ 21:15, 21 Dezember 2005 (UTC)

War de Schrëftaart-Artikel nëmmen einfach esou oder kpmmen do nach aner Saachen iwwer dat Thema no. Nëmmen sou eng Fro:-) --Cornischong 02:02, 22 Dezember 2005 (UTC)

Protegéiert Deprotectioun[Quelltext änneren]

Ech géif jo gär, mee wann ech op "deprotegéieren" klicken, kréien ech "Konfirméiert d'Protectioun" an dann hätt e gär de "Grond fir d'Protegéieren". E bësse Gedold, dat Ganzt schéngt mär e bësse mëll ze sinn. --Cornischong 15:10, 3 Januar 2006 (UTC)

Du däerfs elo duerfueren. Nom leschten Update vun der Wikimedia-Software muss eis Protectiousännersäit nees frësch iwwersat ginn, dohier dem Cornischong seng Confusioun. --Otets 15:39, 3 Januar 2006 (UTC)

Leider dach[Quelltext änneren]

Just opgestanen a schonns am Kie chegetriwwels ersoff. Ech liesen "Kieche..." läschen, a maachen dat, mee do war schonns e Redirect. Ech hu gekuckt, fir dat réckgängech ze maachen, mee lo sinn ech mer net méi sécher. --Cornischong 10:42, 6 Januar 2006 (UTC)

Innovatiounen[Quelltext änneren]

Et ass jo léif, fir d'Bibel eng ganz nei Schreifweis wëllen ze erfannen, mee wier et net méiglech, awer léiwer bei deer aler ze bleiwen? Ech huelen emol un, du hues aus versinn eng nei Ännerung an eng al Versioun vum Artikel dragesat. --Otets 11:21, 12 Januar 2006 (UTC)

Mail do. --Cornischong 09:31, 16 Januar 2006 (UTC)

Do war "eppes". Beim Graf II koum dat selwecht. --Cornischong 09:48, 16 Januar 2006 (UTC)

All Respekt fir de Mokuchmeter! A kuck emol no, ob d'Abteibiller all do sinn. --Cornischong 10:37, 16 Januar 2006 (UTC)

do. --Cornischong 10:43, 17 Januar 2006 (UTC)

Zwee Spatzevullen[Quelltext änneren]

Ech hu mer soe gelooss, du géifs dech mat Vigel auskennen. Weess du net zoufälleg, wat fir eng Aart mer bäim Artikel "Spatzevullen" weisen? --Otets♣ 02:17, 20 Januar 2006 (UTC)

Däerf ech och e Pronostik ofginn:eng weiblech Graatsch, Grasméck (Sylvia melanocephala). Hunn ech eppes gewonn? --Cornischong 07:15, 20 Januar 2006 (UTC)
Ech muss iech leider enttäusche, mee dëst ass kee Vull aus eise Géidgenden, esoueen hunn ech emol nach net an engem Buch gesinn, et ass awer secher keng (einheimesch) Grasméck. --Marcus 07:44, 20 Januar 2006 (UTC)

D'Foto ass am August 2004 am Namibia entstanen. Kann dat der weiderhëllefe bei der Bestëmmung? --Otets♣ 22:45, 22 Januar 2006 (UTC)

nëmmen insofern datt ech da mat Secherheet ka soen: ech kann déi Vullen net bestëmmen --Marcus 07:54, 24 Januar 2006 (UTC)

Rees un d'Enn vun der lëtzebuergescher Sprooch. Ech si gespaant!! --Cornischong 22:00, 30 Januar 2006 (UTC)

dat hunn ech och schonns matkritt, ech zeilen op deng an dem Otets Hëllef an är Permissivitéit, well et ass awer net alldeegelech Metaphysik op ltz ze beschreiwen --Marcus 07:10, 31 Januar 2006 (UTC)

Mouer a Supp[Quelltext änneren]

Wéi mengst de datt ee kéint de Mouer an d'Supp an Hisiicht op de Biotop nennen. Sou wéi et de Moment op der Homonymiessäit vum Mouer steet, respektiv den Numm "Supp (Mouer)" schengt jo net ganz richteg ze sinn, do streng geholl e Mouer keng Supp ass. --Tomateus 07:45, 31 Januar 2006 (UTC)

Moien, ass Habitatdirectiv net besser, wéi Liewensraumdirectiv? --Tomateus 10:21, 8 Februar 2006 (UTC)

dach, déi gëtt och iwwerall esougenannt --Marcus 10:30, 8 Februar 2006 (UTC)

Rochuskapell[Quelltext änneren]

Wat soll daat. Desen Artikel ass eng Skizz, an ech sin en am Gang en opzebauen. Et get nach e puer Dausend aaner Artikelen, dei misse geschriwen gin. --Menhir 12:25, 8 Februar 2006 (UTC)

Merci fir d'Hëllef[Quelltext änneren]

Merci fir de Vandalismushiwäis. Amplaz mech un endlosen Diskussiounen ze bedeelegen déi just Zäit verbrauchen, hätt ech sollen oppaassen. Dee Kärel huet jo iwwer e puer Méint an deem Sënn Spillercher gedriwwen. Wiers du Sysop gewiescht, häss de kënnen selwer agräife géint dee Vandal. Keng Loscht Kandidat ze ginn? --Otets♣ 12:40, 8 Februar 2006 (UTC)

Am Däitschen heescht awer eng "Dréchewiss" "Trockenrasen" oder? Den DLW, deen ech mir well ugeschaft hunn, seet mir bei "Rasen" "Wues". --Tomateus 08:19, 9 Februar 2006 (UTC)

Majo, dee muss onbedéngt an den Artikel. Ech hale mech roueg, well an deem Ament hat ech mäi film voll. Well den Artikel "Symbolik vum Feier an der Bibel" bestëmmt nach eng Zäitchen op sech waarde léisst, muss den Elija, Elia, Elias, Elischa et nach beim Lentz aushalen. Oder traus de der en Ulaf fir d'Bibelfeier (du muss jo net mat der Häll ufänken; waart mat deeër bis no de Walen) zou. "Sei grausam!" du weess. --Cornischong 14:38, 9 Februar 2006 (UTC)

Fir dem Parmenides säin Ausdrock "das Seiende" erëmzegi fält mär am Ament "Dat wat ass" an, hues de eng besser "Propose" (sou heescht dat jo bei rtl)? --~~

""Dat wat ass" wier eng Méiglechkeet." hat ech geschriwwen, mee ech hat ganz vergiess, wat aus der Méiglechkeet gemaach gouf. Meng Fro war: Ob s de eng besser weess? Et wäert de Wahlkramp sinn, dee sech haut op eng ergräifend Manéier berouegt huet. --Cornischong 19:46, 9 Februar 2006 (UTC)

"an eise Géigenden heeschen déi Bicher Gen, Ex, Lev, Num an Deut". Dat as eng kéng Behaaptung. Fro mol een hei, wat "Num" ass. A watfir e Buch aus der Bibel "Deut" ass. (Déi stinn all ouni Link do). An de "Kön" hunn ech emol an däitschen Texte fonnt. Heescht dat an eise Géigenden net "Kin"? --Cornischong 08:54, 10 Februar 2006 (UTC)

ech mengen an der Kommentarszeil wär net genuch Plaz gewierscht fir Genesis, Exodus, Levitikus, Numeri an Deuteronomium auszeschreiwen; Kön resp. R (livre des Rois) heesche fir mech esoulaang Kön resp. R bis se emol op ltz existéieren, waat menges Wëssens no bis elo nech net de Fall ess an och an absehbareer Zäit net de Fall wärt sinn. Kënns du eng anstänneg Onlinebibel fir ze verlinken?--Marcus 09:02, 10 Februar 2006 (UTC)
An enger bekannter lëtzebuergescher Online-Enzyklopädie steet ënner "Bibel": Kinneken 1 a Kinneken 2. Datt mer keng Bibel op lëtz. hunn ass eng Saach, mee dat "Buch der Könige" ze nennen, wier e bësse "komesch". Dem Papp säi "Son" geet duer.:-) --Cornischong 09:17, 10 Februar 2006 (UTC)
Den "ë" steet an enger betounter Silb fir de Laut "ö", wat jo hei net de Fall ass. --Cornischong 23:20, 13 Februar 2006 (UTC)

Dellen huet zënter fënnef minutte eng Kierch (oder as et nach Kapell) wou ee Sonndeg iwwer deen aneren Mass ass, döI gahle gëtt vum Abbé Jean Goedert vu Groussbus. Kann s du do e bësse rëschten. --Cornischong 01:18, 15 Februar 2006 (UTC)

Moie Marcus. Ech hat vun Dellen de "Parbréif" matbruecht, do geet bei der "Gotteddengschtuerdnung" d'Ried vun: Groussbus, Dellen, Biebereg, Vichten a Mechelbuch. (?) --Cornischong 11:43, 15 Februar 2006 (UTC)
Wal a Randschelt gehéieren zum Parverband hunn awer nach e Paschtouer fir sech an dofir wuel eng eege Gotteddengschtuerdnung, Mechelbuch ass eng Filial (also keng eege Par a kënnt dofir och net am Numm vum Parverband vir) aus enger anerer Par (Uewermärzeg) déi bäigesaat gouf--Marcus 12:07, 15 Februar 2006 (UTC)

Ulala, mat deenen Definitiounen gëtt d'Loft zimmlech kontingent:-) --Cornischong 21:26, 16 Februar 2006 (UTC)