Benotzer Diskussioun:MooF

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia
Moie MooF,

wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Villmools Merci fir Äert Intressi un der Wikipedia! Mir schaffen hei zesummen dorun, eng fräi zougänglech, gratis, neutral a méiglechst ausféierlech Enzyklopedie a Lëtzebuerger Sprooch op d'Been ze setzen. All Mataarbecht ass wëllkomm, déi dëst Zil méi no bréngt: sief dat, en Tippfeeler ze verbesseren, eng Informatioun dobäizesetzen oder z'aktualiséieren, oder carrement en neien Artikel ze schreiwen!
Fir datt d'Artikelen e Minimum un Eenheetlechkeet hunn, an och, fir Krittären ze hunn, wat heihi gehéiert a wat net, hu mer eis eng Rëtsch Reegelen oder Konventioune ginn.
Wann Dir hei ganz nei sidd, huelt Iech wgl. een Ament Zäit, fir hei drënner ze liesen, wéi een déi éischt Schrëtt mécht. Loosst Iech awer net doduerch ofschrecken: et ass manner komplizéiert, wéi et op den éischte Bléck ausgesäit! Aner Mataarbechter paken och am Ufank gär eng Hand mat un, wat Formatéierungen oder Zweiwele mat der Orthographie ubelaangt. Et gëtt keen hei gestengegt, wann e sech iert ;-) Déi wichtegst "Reegel" ass: "Sief kéng!"
Éischt Schrëtt

An e puer Schrëtt léieren, wéi een en Artikel uleet oder ännert.

Sandkaul
Fir mam Layout z'experimentéieren, ouni "richteg" Säiten op d'Kopp ze geheien.
Reegelen a Konventiounen
Rotschléi fir dëst an dat.
Staminee
Fir Froen oder Commentairen iwwer d'Wikipedia.
Wat Wikipedia net ass
Dacks gemaacht Feeler oder Mëssverständnesser.
Dacks gestallt Froen (FAQ)
Äntwerten op déi heefegst Froen.
Wéi ee Lëtzebuergesch schreift
Eis Schreifweis einfach an an e puer Punkten erkläert.

Dës Säit ass Är perséinlech Diskussiounssäit. All Mataarbechter huet sou eng, an et ass d'Plaz, fir Messagë vun anere Mataarbechter ze kréien, resp. ze hannerloossen. Wëllt Dir engem anere Mataarbechter schreiwen, maacht dat op senger Diskussiounssäit, an ënnerschreift mat 4 Tilden (sou: ~~~~) oder klickt op e Knäppche wéi deen hei: . Ofgeschéckt gëtt da mam Klicken op "Säit späicheren".
Vill Spaass, an op eng gutt Zesummenaarbecht!


--Jwh (Diskussioun) 09:10, 4. Sep. 2012 (UTC)[äntweren]

Rock Band[Quelltext änneren]

www.moof.lu

Fichier:Grënnung:
Am Februar 1992 huet den Alex sech mam Sim, den virdrun schonn bei der Band Reality mat gespillt huet, an Verbindung gesat fir eng Band ze grënnen. Am Juni 1992 koumen dunn den Marc, Rom an den Carlo derbäi. Si haten kuerz virdrun hir Band Exit opgeléist. Vun do un war d'Formatioun komplett, an et huet just nach missen geprouft ginn. Numm: Den Numm kennt vun der Fuerf Mauve, mee well déi Schreifweis eis optësch net gefall huet, hunn mir en einfach ëmgeschriwwen. Stil ann Texter: Den Stil geet vun Rock bis Hardrock, eben "Moof-Rock". Am Ufank hunn mir och nach Texter op englesch gemaach, mee zënter 1994 sinn se nach just op lëtzebuergesch. D'Texter sinn iwwert Gewalt, Rassismus, Drogen oder Fräiheet, eben Themaen wou d'Leit sech domat identifizéieren.

Merci, datt Der de Fichier Fichier:Cover Discographi.jpg eropgelueden hutt. Ech hu gesinn datt Der dem Fichier zwar eng valabel Lizenz gitt hutt, mee et feelt em nach e Beweis, datt den Auteur dovunner och mat där Lizenz averstanen ass.

Wann Dir dëst Bild/dëse Video/dëst Toundokument komplett selwer geschafen hutt, mee et virdrun schonns anwousch anescht (besonnesch Online) publizéiert hutt, misst Der:

  • um Site, wou et fir d'éischt publizéiert gouf, eng Notiz bäisetzen, datt et erlaabt ass (esou wéi hei) d'Bild ënner CC-BY-SA-Lizenz oder soss enger akzeptabeler fräier Lizenz weiderzegebrauchen (kuckt dës Lëscht); oder
  • eng E-mail schécken, déi mat deem Site, wou de Fichier als éischt publizéiert gouf, am Zesummenhang steet, an zwar un permissions-commons@wikimedia.org (Note: Gitt an där Mail e Link op de Fichier um Site esou wéi och deem hei op Wikipedia un (datt ee Benevolë vun OTRS dat einfach iwwerpréife kann), a confirméiert, datt Dir den Auteur vun deem Material sidd, an datt Der et ënner der genannter fräier Lizenz wëllt publizéieren. Dir kënnt hei oder hei e Beispillsbréif vun ensou enger Erlabnes fannen. Wann Der dat maacht, setzt dësen Text: {{OTRS pending}} op d'Beschreiwungssäit vum Fichier datt en net fréizäiteg geläscht gëtt.

Wann Der dëst Bild/dëse Video/dëst Toundokument net komplett selwer geschafen hutt, frot w.e.gl den Auteur dovunner, eng vun den uewe beschriwwenen Aktiounen ze maachen. Falls en Iech d'Erlabnes scho virdru via Email ginn huet, da schéckt dës Mail virun un permissions-commons@wikimedia.org.

Wann Der der Meenung sidd, datt de Fichier d'Critèrë vun Wikipedia:EDP erfëllt (an nëmmen dann), kënnt Der ausnamsweis en Tag ewéi {{Bild-FU}} oder soss een aus der Kategorie:Schabloune fir Billerlizenzen eraussichen, an dann eng genee Beschreiwung (rationale) derbäisëtzen, déi de Gebrauch vum Fichier an engem bestëmmten Artikel justifiéiert.

Wann Der nach aner Fichieren eropgelueden hutt, wier et gutt, Der gifft iwwerpréiwen, ob Der do de Beweis uginn hutt, datt de Besëtzer vum Copyright et erlaabt huet, datt Der hiert Wierk ënner där Lizenz, déi Der uginn hutt, publizéiert huet. D'Lëscht vun de Fichieren, déi Der eropgelueden hutt, fannt Der hei. Biller, déi keng nogewisen Erlabnes hunn, kënnen eng Woch, nodeems se identifizéiert ("getagged") goufen, geläscht ginn. Wann Der dozou iergend eng Fro hutt, zéckt net, se ze stellen. Merci am viraus. MGA73 (Diskussioun) 20:22, 8. Sep. 2012 (UTC)[äntweren]

Layout a Billerlizenz[Quelltext änneren]

Moien,

Layout ass bei der Wikipedia eppes, dat vun der Software hier net vill Spillraum léisst: Eischtens ass d'Prinzip, datt all Säit vun dëser Enzyklopedie nom selwechte Schema opgebaut ass (Biller hunn déi selwecht Default-Gréisst, stinn uewe riets an net lénks, asw. Dat och, well et je no Gréisst vum Ecran bei jidderengem anescht ausgesäit. Dofir looss de Layout wegl. esou, wéi ech en 'zeréckgestutzt' hunn.

Méi wichteg ass d'Fro no der Lizenz vun de Biller: Den Auteur muss se ausdrécklech fräi gestallt hunn, d.h. hinnen eng Lizenz ginn, datt jidderee se weidergebrauche kann. Wann dat net méiglech ass, kënnen se /(ausser dem Logo) hei net bleiwen, well d'Wikipeida nun eemol Fräi Inhalter ubitt, an net e Webspaceprovider ass. --Zinneke (Diskussioun) 20:18, 10. Sep. 2012 (UTC)[äntweren]

Moien, och ënner engem aneren Numm bleiwen d'Froen zu deene Fichieren onbeäntwert. Sorry, mee wann do näischt nokënntm si se an 3 Deeg fort. --Zinneke (Diskussioun) 10:37, 16. Sep. 2012 (UTC)[äntweren]

Re-Moien,
D'Informatiounen zu de Fichieren mussen op der Säit vun de Fichieren derbäigeschriwwe ginn.
Deemno hei:
Dobäigeschriwwe muss vun deem, deen eropgelueden huet, dat hei:
  • Sujet: <Wat drop ass>
  • Auteur: <Den Auteur vun deene Coveren (Moler, Grafiker, Fotograf,...) , oder d'Auteuren, wann et der méi sinn.>
  • Lizenz: <déi do steet ass prinzipiell gutt, wa se da méiglech ass>
Remarque: Wann den Auteur en aneren ass wéi de User:Moof, muss ausdrécklech ugi ginn, datt den Auteur d'Biller fräi Lizenzéiert. Bei deem mat de Compilen hunn ech do meng Zweifelen, well déi sinn, souwäit ech vu verschiddene Labelen. Da muss, dat, wéi beschriwwen, per E-mail confirméiert ginn.
--Zinneke (Diskussioun) 20:35, 16. Sep. 2012 (UTC)[äntweren]

Moien,

Wat soll déi Ofkierzung MM8 bedeiten? --Pierrenilles (Diskussioun) 09:40, 3. Abr. 2021 (UTC)[äntweren]