Benotzer Diskussioun:Otets

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Archiv 1 - Archiv 2 - Archiv 3 - Archiv 4 - Archiv 5

Ech si frou, wann een sech drëm këmmert, dee méi Anung huet wéi ech. Déi Tabell hat ech telle-quelle vu fr: eriwwergejoll, ech wosst net, datt et der scho géif ginn. Ech hale mech deemno gär eraus ;-) --Zinneke 14:10, 26. Jul. 2010 (UTC)[äntweren]

Can I help?[Quelltext änneren]

With Schabloun:Kaartpositioun Russland? For it work it need to change Schabloun:Kaartpositioun. For example You can use en:User:Амба/Location map2 (include templates Latitude and Longitude) or en:Location map (include en:Location map/decdeg).--Амба 14:34, 28. Jul. 2010 (UTC)[äntweren]

I do not know what right name for Schabloun:Latitude and Schabloun:Longitude here.--Амба 14:44, 28. Jul. 2010 (UTC)[äntweren]

I create them (Schabloun:Latitude and Schabloun:Longitude) and include to Schabloun:Kaartpositioun. You can rename them. In this case, please, change the names in text of Schabloun:Kaartpositioun.--Амба 15:18, 28. Jul. 2010 (UTC)[äntweren]

Läschen & Koarteschablounen[Quelltext änneren]

Moien,

Dat Heite war viru kuerzem um Staminee ze liesen. Mä wéi et schéngt déngt et näischt. Les Meloures 21:59, 26. Jul. 2010 (UTC)[äntweren]

Entschëlleg w.e.g.
Et huet sech ëm den Alexandre Vinokurov gedréint. Do war de Bobo allerdéngs op menger an der Fliedermaus hirer Säit. Du has scho richteg verbessert. Ech hat gemengt, mä mengen a Botter sch.... ass zweeërlee wéi d'Leit soen. Ech war e bësselche séier mat der Reklamatioun bei Hand. Hunn awer andeems déi aner falsch Linken op de Vinokurow verbessert. An deem Sënn war deng Aktioun scho richteg, well se derzou gefouert huet datt déi falsch Schreifweisen an nach e puer aneren Artikelen, plus déi falsch Schabloun geflunn sinn. Et soll een owes spéit näischt méi maachen, dann dréint de Computer net méi richteg. Huel mer et net zevill queesch. Les Meloures 22:23, 26. Jul. 2010 (UTC)[äntweren]


Wat mengs de mat Geo-Infoboxen? Les Meloures 22:28, 26. Jul. 2010 (UTC)[äntweren]

Resalut,

Oh mei,

Déi grouss Infoboxen hu mer schonns viru bal dräi Joer ganz opginn, an duerch kleng Këschten ersat, well einfach zevill Informatiounen dra stinn déi à jour musse gehal ginn. Mat deenen e puer Männercher déi mer hunn, a vun deenen der sech nach nëmmen 0,5% dofir intresséieren, ass dat eng Saach vun der Onméiglechkeet.

Grad esou wéi déi Kaarte mat Localisatioun. Zënter datt d'Koordinaten mat enger Schabloun agesat ginn, wou een nëmme brauch drop ze klicken, an et kritt een an 20 Kaartesystemer ganz prezis ugewisen, wou dat Dengen ass, hu mer déi Lokalisatiounskaarte ganz opginn, dovun ofgesinn datt et all Kéiers zimmlech vill Zäit ewechhëllt, fir se ze fabrizéiern.

Les Meloures 22:50, 26. Jul. 2010 (UTC)[äntweren]

Ech huelen datts de der bewosst bass datt wann d'Saache komplizéiert ginn, d'Majoritéit vun de Lëtzebuerger net matspillt. Zevill grouss Këschten uleeën degoutéiert d'Leit vun Ufank un, well déi meescht sech déi Aarbecht net wëlle maachen. U weem bleift zum Schluss d'Aarbecht hänken? Nëmmen un deenen déi schonn dräi Hänn voll ze dinn hunn op der Wiki mat Verbesserungen an anerem Gedeessems. Et wäerten nach eng ronn 30.000 Feeler doruechter geeschteren, an dat ass emol net héich geschat. Wie soll dat alles maachen? Mä mir soll et léif sinn.

Virun dräi Joer gouf sech ameséiert honnert verschidde Skizzeschablounen iwwer d'Artikelen ze setzen. En enormen Zäitopwand. Huet sech doduercher un der Qualitéit vun der Wikipedia eppes verbessert gehat? Op der leschter Versammlung gouf decidéiert fir d'Uertschaft vun der Gemeng ze trennen. Ausser datt do vill Aarbecht gemaach gouf, hunn ech bis elo keng, awer och keng eenzeg qualitatif Amelioratioun an engem Uertschafts- oder Gemengenartikel gesinn. D'Fransousen d'Englänner and déi Däitsch oder aner grouss Wikien, kënne sech dee Luxus leeschten, déi hu Mataarbechter ze friessen. Mä wéi gesot jidderengem säi Spaass. Et wier och net schlecht wa mer erëm esou Ännerunge wëlle maachen, dat emol um Staminee ze diskutéieren. Les Meloures 23:42, 26. Jul. 2010 (UTC)[äntweren]

Moien, wann s D'erlaabs, dass ech mech an Är Diskussioun "amëschen": Ech ginn dem Les Meloures 100%eg recht: Këschte sollen esou einfach sinn, datt se vu jidderengem kënnen agesat ginn. D.h., keng agebaute Schablounen a soss Sonnerfonctiounen, déi ausser dem Auteur kee versteet. Ier s De dofir grouss Ännerungen ufänks, giff ech et och gutt fannen, eng Diskussioun um Staminee opzemaachen, net jiddereen (mech abegraff) geet reegelméisseg an aneren hir Diskussioune kucken. Virschléi, wéi een eppes besser maache kann, sinn natierlech ëmmer gär gesinn, mee wéi gesot, wann et un d'"Infrastruktur" geet, wier et gutt, de pro an de contra kënne fir d'éischt ze diskutéieren. Mee vü zu wéivill mer sinn, fannen ech nach ëmmer, dass d'Haaptenergie soll an d'Artikelschreiwen investéiert ginn, fir dass et hei viru mam Jabel geet. --Zinneke 10:24, 27. Jul. 2010 (UTC)[äntweren]


Mee momentan froen ech mech scho just nëmmen, wéi eng Foarf Groussstied kréien. Haaptstied si wi Moskau, kleng Stied schénge wi Le Locle ze sinn an Uertschafte wi Béibreg. Si Grousstied wi Granada?
Bis elo hu mer keng extra Schablounen fir Groussstied, Klengstied an Haaptstied gemaach. Déi Stied sollen déi selwecht Këscht kréien wéi all aner Uertschaft oder Stad an deem Land. An de Këschte soll e minimum vun Iformatioun stoen awer och net zevill. Buergermeeschteren an Bevëlkerungsdichten an aner Informatiounen déi sech stänneg veränneren sollen erausbleiwen. Wat déngen ons dausend Stiet mat roude Buergermeeschteren an der Këscht? Dat gouf alles schonns eng duerchpalawert. Bis elo hu mer ons dofir méi oder wéineger um franséische Modell dee fir lb:Wiki zurechtgestutzt gouf orientéiert. An all Land hu mer am Ament dräi bis véier Modeller vu Këschte stoen, well jiddereen am Ufank Këschte no senger Phantasie gebaut huet.
Wat eng Groussstad ass gouf och schonns duerchpalawert. Do solle mer ons un d'Regel vun der Begrëffsbestëmmung vun der Internationaler Statistikkonferenz halen, déi seet datt all Stad déi méi wéi 100.000 Awunner huet, zu de Groussstied gerechent gëtt.
Les Meloures 10:30, 27. Jul. 2010 (UTC)[äntweren]

Moien war gees de elo an Stid kategorien eëm alles ëmbauen. War der eppes net gutt genuch. Mengs ech hàtt mech Stonne laang krepéiert fir e bësselchen en ordentleche Kategoriebam ze kréien fir datt elo erëm alle op d'Kopp gehäit gëtt. Et ass dach fir ze frécken esou eppes. Les Meloures 14:32, 27. Jul. 2010 (UTC)[äntweren]


Moien
Gëschter hun ech emol 5 Stënnen an deem ganze Kuddelmuddel geraumt. Da bleift net méi vill Zäit fir op aner Saachen z'äntwerten. Wéi e Kategoriebam ze goen huet ass keng fix Regel. Dee ka vun Sujet zu Sujet ugepasst ginn. Weem deet dat wéi, wann Groussstied och an de Stied kategoriséiert sinn. Ass eppes falsch dorunner. Et sinn der jo schliislech. Haut hunn ech ugefaangen och d'Uertschften ze sënneren. Mengs déi Läichen auszegruewen, déi op Zäiten vu fréieren Adminnen zréckginn, wouvunner der zwéin guer net méi do sinn, een am Wanterschlof ass, an en aneren zwee Joer näischt vu sech héiere gelooss hat, géif Spaass maachen.

Mer wäerten nach eng ronn fënnefhonnert Uertschaftartikelen hunn, déi iwwerhaapt keng Këscht hunn, et feelen ons op d'mannst eng hallef Dosen Lännerspezifesch Uertschaftskëschten, an do wou mer der hunn gi se dann erëm duerch anerer ersat. Et ass fir nieft de Kapp ze kommen esou eppes. Awer un der Qualitéit vun den Artikelen, datt een e Saz derbäisetzt geschitt näischt. D'Leit komme fir ze liesen an eppes gewuer ze ginn, an net fir sophistikéiert Këschten ze bewonneren. Les Meloures 15:15, 27. Jul. 2010 (UTC)[äntweren]


Dat mat de Kategorien déis du Doublon nenns gëtt et op der Lëtzebuergescher Wikipedia mé wéi eng Kéier a bis elo huet nach Lieser sech driwwer beklot. Ech perséinlech gesinn et net als Doublon just als Zousätzlech Informatioun an der Kategorie. Mä vu datt et sech hei ëm Meenungsverschiddenheeten dréint, kanns de se jo op de Stamminet bréngen. Perséinlech geet esou Gediskutéiers mer färrem op de Wecker. Dräi Joer bekëmmert keng S... sech ëm eppes an da muss op eemol alles frësch ëmgekrempelt ginn. Déi lescht Woch hat och een eppes gutt gemengt. A wien hat Schéiss dermatter, de Les Meloures deen dru gaschafft huet. Bei sou Saache spillen ech geschwënn net méi mat. Wann näischt Substantielles an den Artikele geschitt, kënne mer ganz gutt op déi anner Spillereie verzichten. Ech hunn d'Bemierkung vun den Olympesche Stied gemaach. Amplaz an déi, déi mer hunn, d'Kategorie bäisetzen ze goen, muss op anere Plaze getriwwelt ginn. Domatter ass fir mech haut d'Bobinn eidel. Wann all déi Sätz déi elo hei erëm geschriwwe goufen an Artikele komm wieren, dann hätte me wierklech eppes opweises. Les Meloures 15:30, 27. Jul. 2010 (UTC)[äntweren]

Du hues nach Problemer mat de Këschten. Bei Keremow a Jaroslaw gi Parameterfeeler ugewisen, a bei Sanktpéitersbuerg trëllen d'Kolonnen duercherneen. + Parameterfeeler Les Meloures 18:26, 30. Jul. 2010 (UTC)[äntweren]

Ma d'Texter an de Kolonnen stëmmen net mat der Schablounsdonnéeë vun dem Knäipziedel iwwerenenen. Et stinn zwéin Texter niewenteneen déi missten ënnerenee stoen.

Wéi wier wanns de deng Schablounen mol géifs duerchtesten éiers de se an d'Artikele klaaks. Les Meloures 19:17, 30. Jul. 2010 (UTC)[äntweren]

Et wier och net schlecht wa mer géifen d'Ofstëmmung iwwer de Gebrauch ofwaarden éier mer domatter ufänken, datt jidderee sech se kann a Rou ukucken, a seng Bemierkungen eventuell maachen éier duergefuer gëtt. Les Meloures 19:20, 30. Jul. 2010 (UTC)[äntweren]

Sandkaul fir Schablounen Op de Knäpchen drécken an ufänken, am Fall wou déi aner Sandkaul net gutt genuch ass. Oder einfach am Beispill vun der Schabloun alles ausfëllen a kucken op et funktionnéiert. Méi einfach geet et awer net. Les Meloures 19:34, 30. Jul. 2010 (UTC)[äntweren]

Duerch Zoufall hunn ech déi richteg Säit fonnt, mär hunn tatsächlech och esou eng: Spezial:Schablounen_erweideren. --Otets♣ 23:33, 6. Aug. 2010 (UTC)[äntweren]

Remoien,

Ech hu mer dat elo mol méi genee ugekuckt wéi dat funktionnéiert. Ech hat geduecht well déi zwou Fettschrëften niewentenaner stinn géif eppes ugewise ginn wat am Fong an déi éischt Zeil gehéiert. Firwat ass déi Zell wou Sanktpéiterbuerg steet a Fettschrëft an déi aner net. D'Land uewendriwwer bréicht och net a Fëttschrëft do ze stoen. Fir wat soll déi Zell an där Kolonn eng Ausnam sinn.

An der Italieenescher Këscht ass de Wopen iwwerméisseg grouss. Deen erschléit déi ganz Këscht. Les Meloures 20:03, 30. Jul. 2010 (UTC)[äntweren]

Nach eng Fro,

Wat kënnt an d'Plaz vum Wopen wann eng Uertschaft keen huet. Les Meloures 20:06, 30. Jul. 2010 (UTC)[äntweren]

Salut,

Dat mam Wopen hunn ech mer geduecht, an dat ware Saachen wou schonns virun dräi Joer driwwer dikutéiert gouf, an datt mer dat net wéilten. Dat schéngt alles vergiess ze sinn. Dass dat mat der Fettschrëft e redirekt op den eegenen Artikel ass hunn ech mer geduecht, an dat däerf eben net sinn. Et ginn nämlech och Automatisme fir duebel Redirekten an esou änleches z'éliminéieren. Wa mer redirekten op den eegenen Artikel hunn leeft dee Gefor fir dann ze fléien. Dovunner ofgesinn war mat dat éischt wat ech op der Wiki gesot krut, datt keng Redirecten op den eegenen Artikel solle gemaach ginn.

Da bleift nach déi Saach mat Sizilien, dat Maschinn dee Link rout dohinner stzt. Firwat setzt en da hëllt en da Sardinien a Venetien blo dohinner? Ech versti gären alles éier et an de Gebrauch kënnt. Wann iwwerhaapt. Les Meloures 20:45, 30. Jul. 2010 (UTC)[äntweren]

Et geet net drëmt wéi ech et gären hätt. Ech géif gär verstoen fir datt wa Sizilien agetippt gëtt, de Link rout gëtt, a wa Sardinien a Venetien agetippt gëtt, gëtt de Link blo. Méi well ech am Ament net wëssen. Les Meloures 21:35, 30. Jul. 2010 (UTC)[äntweren]


Ps. Déi däitsch schéngen dee Problem mat der Fettschrëft awer net ze hunn. Les Meloures 21:36, 30. Jul. 2010 (UTC)[äntweren]


Alles schéin a gutt, mä firwat mécht en dat dann net bei Sardinien. ?


Moien,

Ech fänken sou lues un traureg ze ginn, well ech gesinn datt no 60 Joer méi Lëtzebuergesch anscheinend nach ëmmer sou miserabel ass datt keen et versteet. Wateree Wuert kann ech amplaz Firwat gebrauchen, datt ech eng korrekt Äntwert op eng Fro kréien?

Les Meloures 08:59, 31. Jul. 2010 (UTC)[äntweren]


Méijo,

Ech hat mer bal esoueng geduecht. Mä muss dee Code dann drastoen. Esou erlaabt d'Këscht nämlech och de Gebrauch vun de Schablounen net. Déi kënne jo da bei Bedarf richteg genannt ginn. En plus hunn déi den Avantage datt se automatesch kategorieséieren. Ech gesinn net an firwar datt mer bei enger neier Këscht d'Avantage vun den ale verluer goe lossen, ausser et geet guer net anescht, mä an deem Fall hunn ech déi al léiwer.

D'Koordinaten Donnéeë sinn zimmlech flappeg. Les Meloures 13:03, 31. Jul. 2010 (UTC)[äntweren]

Déi Zell soll esou sinn datt de Benotzer selwer decidéiere kann wat en dohinnersetzt. Besonnesch well déi Saachen net ëmmer eenheetlech sinn. Bis elo war jo nach ni e Problem domatter. De Problem bis elo war nech ëmmer datt een hannendrunner huet misse lafen an d'Këscht derbäisetzen, well e ganze Koup vun de Bnotzer ni eng dragesat hunn, an ausser dem Zinneke, dem Robby, dem Alexandra a mär bis elo kee Mënsch sech drëm bekëmmert huet. Virun zwee Joer gouf no Këschte gejéimert, do huet keng Maus reagéiert. Dunn hunn ech mech mat menge minime Kentnesser selwer Deeglaang geplot bis ech alt mol eng um Rullen hat. Du gesäis jo lo selwer wéi schwéier et ass wann een net mat alles eens gëtt. Gottseidank hat d'Briséis bei de franséischen Uertschaftskëschten gutt Viraarbecht geleescht. Ech gleewen och net datt mer déi 5000 franséisch Këschten ersetze ginn.

A fir am Zinneke senger Iddi ze bleiwen, datt d'Artikele méi wichteg sinn, kann ech just feststellen datt mat all dem Getalks bis elo an dëser Saach eng ronn 40.000 Zeeche vertippt goufen. Dat wieren 50 Artikele mat 800 Zeeche ginn.

Mä elo hues de esouvill dru geschafft datt se bal perfekt sinn, et wier schued fir elo dermatter opzehalen. Kleng Detailer kënnen nach ëmmer nogefléckt ginn. Kuck vläicht just fir de Wope méi kleng ze kréien. Et gëtt nämlech eng Parti Wopen déi keng gutt Opléisung hunn, an dat geséit da grujeleg aus. Kann net de Wopen aleng uewe stoen an dat Kaartenhaischen zum Schluss vun der Tabell. Mol éischtens hätte mer dann do kéng plageg Plaz wann et kee Wope gëtt, an et wier och en Avantage fir Lokalisatiounskaarten déi am breede Format sinn, amplaz am héijen. Les Meloures 13:38, 31. Jul. 2010 (UTC)[äntweren]


Déi russesch Këscht gesäit elo relativ gutt aus. Les Meloures 13:43, 31. Jul. 2010 (UTC)[äntweren]

Ech géif an der Këscht ënnen nach eng Zell derbäisetze fir déi Kaart, wann et eng gëtt, derbäizesetzen. Les Meloures 14:55, 31. Jul. 2010 (UTC)[äntweren]


Majo da rapp emol mat de Russen un. Wanns de dann domater bäi bass kënne mer ons ëm de Rescht bekëmmeren. Et huet net vill Zweck op aacht Plazen ze triwwelen, da gëtt et néirens Fortgank. Ech pake gären eng Hand un, wann d'Modeller gutt funktionnéieren. Les Meloures 14:59, 31. Jul. 2010 (UTC)[äntweren]


Dann ier dech alt net mat Italien:-) Les Meloures 15:04, 31. Jul. 2010 (UTC)[äntweren]

Du brauchs d'Schablounen och net ze läschen du kanns se réckelen. Da behält een de Redirekt fir ze kucke wou der nach mam alen Numm stinn. Les Meloures 15:07, 31. Jul. 2010 (UTC)[äntweren]

Salut, Just zur Info: bei Wope schwätzt een net vu vir an hannen. Les Meloures 16:10, 31. Jul. 2010 (UTC)[äntweren]

Mail an denger Këscht Les Meloures 17:08, 31. Jul. 2010 (UTC)[äntweren]

Salut,

Fir Italieenesch Nimm kuck am beschte wéi d'Italieener et maachen. Les Meloures 12:49, 10. Aug. 2010 (UTC)[äntweren]

Merci fir den Déngscht.... Et war mer nees net séier genuch gaangen. Les Meloures 16:11, 10. Aug. 2010 (UTC)[äntweren]

Salut, Mail an der Këscht

De Renn

Salut,

Do hat ech mech wéi es schéngt verflappt. Et ass d'Provënz Trient. Hunn et gefléckt. Les Meloures 07:09, 12. Aug. 2010 (UTC)[äntweren]

Keelbaach an d'Schreifweisen op de Kadasterkaarten[Quelltext änneren]

Moien, a merci fir de Message dozou op menger Diskussiounssäit. Ech hunn elo just Kaelbaach a Kälbaach op Keelbach geréckelt. --Cayambe 07:35, 2. Sep. 2010 (UTC)[äntweren]

Billerlizenzen[Quelltext änneren]

Salut,

Besteet vläicht eng Méiglechkeet datts de fir déi italieenesch Wopen déi s de eropgelueden hues, eng Lizenzschabloun bastels. Nëmme just mat Text trëllen se ëmmer als ouni Lizenz doruechter. Les Meloures 07:52, 2. Sep. 2010 (UTC)[äntweren]

Flott. Da fällt dee Bot net all Kéiers driwwer. Deen huet zwar bis elo gutt Aarbecht geleescht Les Meloures 11:03, 2. Sep. 2010 (UTC)[äntweren]

Lizenzen déi 39st[Quelltext änneren]

Moien, ech hu grad gesinn, de Les Meloures hat déi selwecht Iwwerleeunge wéi ech. Do hu mer een - den MGA73 - , dee fläisseg hëlleft, dee Billerkuddelmuddel, deen hei virun sech hir schlummert, systematesch unzegoen an eis op d'mannst erméiglecht, ze gesinn, wat fir Lizenzen net Wikikonform sinn. Jo, déi missten nogekuckt ginn, mee dat ass elo iwwerhaapt emol méiglech, well einfach erkennbar. Ween dat mécht a wéini ass eng aner Fro.

Wann an de Pionéierjore vun der Wikipedia Munnches (verständlecherweis) improviséiert, ausprobéiert, diskutéiert, verworf oder a Reegele formatéiert gouf, sou ass dat ganzt dach elo, Joren dono esouwäit konsolidéiert, datt eent kloer soll sinn:

  • Reegel Nummer 1: Text a Biller hei hu grondsätzlech fräi ze sinn. Ween dat net wëll, datt seng Biller oder Texter kënne virubenotzt ginn, soll se net heihin (an och soss néierens an den Internet) setzen. ND-/NC-Lizenzen sinn nun eemol net fräi.
  • Reegel Nummer 2:EU-Recht zu Copyright/Droits d'auteur gëllt och hei.
  • Ausname sollen dofir méiglechst vermide ginn, a wann, mussen se "juristesch waasserdicht" sinn, wéi bei Logoen z.B. (wou Markerecht a Copyright am Spill sinn). "Fair use": ech perséinlech géig mech hidden, esou e Bild eropzelueden. Keen eenzegt Bild hei entsprécht de Reegelen no US-Recht (wou ee genee duerleeë muss, virwat een dës Lizenz hëlt). Zu de Fantasielizenzen (wéi déi bei den italieenesche Wopen) hues De der hoffentlech eppes geduecht; ech weess net, wat e Jurist dozou ze soen hätt.

An anere Wierder: Wann et nach en décke Batz ass, d'Läichen am Keller no an no ze entsuergen, sou sollen op d'mannst haut, am Joer 2010, keng neier méi dobâikommen. Ech wier frou, du géiffs dat och agesinn. --Zinneke 16:47, 7. Sep. 2010 (UTC)[äntweren]

Hi! It looks like you have used an excisting file for this map. I think the best would be to add a link to the original as a source (not just because of the GDFL-license but also to help other users). If the original was uploaded in 2003 the license would probably be both GFDL and cc-by-sa-3.0. --MGA73 10:22, 9. Sep. 2010 (UTC)[äntweren]

Salut,

Hunn elo gesinn wou dat war. Et war mer ze spéit opgefall datt ech do an Diskussiounssäiten eragerutscht war. Ech hucken datt ech déi erëmfannen, an déi richteg Schreifweisen erëm duerch déi falsch ersetzen. Les Meloures 14:04, 10. Sep. 2010 (UTC)[äntweren]

Resalut, et war e bësselche schëtzeg gaangen. Duerfir kann et sinn datt nach Diskussiounssäite verbessert goufen, war net soll sinn. Wéi gesot ech sichen se erëm. Les Meloures 14:11, 10. Sep. 2010 (UTC)[äntweren]

Bis op eng Fichiersdiskussioun déi ech réckgängeg gemaach hunn, dierft keng aner am Fall sinn. Gutt datts de mer dat gesot hues. Les Meloures 14:18, 10. Sep. 2010 (UTC)[äntweren]
Thank you for the note. As for the cc-by-sa-license you can read more about it here m:Licensing update. As you can see it is a suggestion initiated by m:Board of Trustees and the Wikimedia community voteed yes to this suggestion. --MGA73 17:31, 10. Sep. 2010 (UTC)[äntweren]

The migration (adding of cc-by-sa-3.0) was done to all old files unless uploader requested that file was not migrated. Jeronimo has not been active since 2006 so he did not say yes (or no) to the migration. --MGA73 17:40, 13. Sep. 2010 (UTC)[äntweren]

Almënsterquellen[Quelltext änneren]

Moien Otets, just eng kleng Fro zum soss tipptoppen Almënster-Artikel: Kéinns De bei Geleeënheet d'Quell(en) (mat Link, falls um Spaweck) uginn, wou s De dat hier hues? Domat wier jidderengem gehollef, dee sech an de Sujet verdéiwe wéilt. Merci am viraus! --Zinneke 13:31, 14. Sep. 2010 (UTC)[äntweren]

Link gouf gesat. --Otets♣ 19:14, 14. Sep. 2010 (UTC)[äntweren]

Ok. Lets see what happens:-)

But now I looked a bit more on the original on de-wiki (de:Datei:Sgtrier logo.png). How do we know that it is correct that "Pascal Pflaum" releases the logo as "Domaine-Public"? There is no link to a permission and the uploader is "Katana" and only has a few edits. --MGA73 19:38, 14. Sep. 2010 (UTC)[äntweren]

Re: Ltzbg op Expoen[Quelltext änneren]

Moien,

ech fannen et en intressant Thema, mee hu selwer kee Material dozou. Ech hu mech just drun erënnert, datt et eng Ausstellung doriwwer am MNHA gëtt/gouf, an dozou e Katalog erauskoum, mat vill Hannergrënn an Dokumentatioun, déi fir d'Ausstellung (dacks fir d'éischte Kéier) zesummegesicht goufen. Dat Wichtegst doraus a kompakter Form hei fir d'Internet-Nowelt z'erhalen, wann d'Ausstellung bis ofgebaut an de Katalog bis vergraff ass, wier sécher keng schlecht Saach. Deemno: wann s de Loscht hues, nëmme lass! [hei eng éischt Piste: http://www.mnha.public.lu/actualite/agenda/2010/05/Weltausstellungen/index.html ] --~~

D'AZ Illustrierte um Site vun der BNL ass leider ënner NC-Lizenz: http://www.luxemburgensia.bnl.lu/project1_2/use.html
Mer mussen eis deemno gedëllegen, bis d'Nationalbibliothéik se fräigëtt (ech hunn anzwousch gelies gehat, se hätten dat wëlles - wéini, stoung net do). --Zinneke 13:15, 15. Sep. 2010 (UTC)[äntweren]


Salut,

Wier et net besser mol déi Schablounen déi d'botten agesat hunn, stoen ze loosse, wann se net duerch anerer kënnen ersat ginn. Soss sënneren se se nach eng Kéier eraus. Les Meloures 19:57, 15. Sep. 2010 (UTC)[äntweren]

Supporting Wikimedia CAT[Quelltext änneren]

Moien! Désolé de ne quasiment rien savoir/comprendre de luxembourgeois, je pense que vous/tu comprenez/comprends (et parlez/parle) français, si ça n'était pas le cas, je vous/te présente mes plus plates excuses. Merci pour la traduction en luxembourgeois du modèle, je n'avais probablement pas fait attention qu'elle était faite et je commencerai donc ma campagne ici pour voir si j'arrive à trouver quelques personnes sensibles à notre cause prochainement. Je suis vraiment désolé de ce qui arrive à Viviane Reding qui m'a l'air de quelqu'un d'honnête et des commentaires faits à l'encontre de votre pays en ce moment, c'est navrant... Merci mille fois encore, cordialement, Claudi Balaguer/Capsot 21:19, 16. Sep. 2010 (UTC)[äntweren]

Batty Weber Bild[Quelltext änneren]

De Pelletier war zënter 2006 net méi aktiv. E war schonn den 13 Oktober 2006 op gefuerdert ginn deem Bid eng Lizenz ze verpassen. Schonn deemools koum keng Reaktioun. Ech hunn d'Bild erëm restauréiert. Da bieden an hoffe mer weider. Vläicht kanns du en uruffe datt en Lizenz liwwert. Ech si komplett dergéint fir nodréiglech engem Bild eng Lizenz ze verpassen, déi mol net am Beschreiwungstext ernimmt ass. Da musse mer ebe kucke fir en anert Bild vum Batty ze kréien. Les Meloures 00:57, 17. Sep. 2010 (UTC)[äntweren]

Diskussioun:Lycée technique privé Émile-Metz[Quelltext änneren]

Salut,

Kuck emol w.e.g. an déi Diskussioun eran. Les Meloures 11:33, 10. Dez. 2010 (UTC)[äntweren]


Moien,

Luuss emol vläicht eng Kéier dohinner. Merci am Viraus -- Les Meloures 09:03, 21. Feb. 2011 (UTC)[äntweren]


The L-word[Quelltext änneren]

Moie Otets, Du hues warscheinlech och de Message um Staminee gesinn, datt et mat "NC"-Lizenze kriddelech gëtt, konkret, datt do iergend eng Kéier en Donnerwieder fälleg ass, wa mer net selwer eppes maachen. Du hues virun enger Zäitchen eng Partie Biller ënnert der "net fir komerziell Zwecker"-Lizenz eropgeluede gehat, wéi déi ganz Diskussioun dorëms nach zu kenge schlëssege Resultat komm war. Wann ech Der eng Propositioun maache dierf: hei sinn se all beieneen. Dat "bescht" (am Sënn vun der Wiki) wier natierlech, Du giffs se op CC-by-sa ëmlizenzéiern. Du hues Der ëmmerhin d'Méi gemaach, se ze maachen an eropzelueden, mam Zil, se aneren zougänglech ze maachen, an se erfëllen hiren Zweck, d'Wëssen iwwert eppes ze beräicheren. Mee dat ass selbstverständlech Däi perséinleche Choix. Du dierfs natierlech och verschiddenenr Meenung je no Foto sinn. A wann s De se léiwer geläscht gséichs, wéi ënner anerer Lizenz, gëlt et dat natierlech och ze respektéieren. An deem Fall setz eng "Schabloun:Läschen" drënner, da kann een dat (mat schwéierem Häerz) an engem Siess maachen (z.B. dann och Du selwer). Mee wéi gesot: Ech hoffen, Du bass d'accord se ëmzeswitchen. --Zinneke 14:00, 3. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]

Fair use and Bild-fräi fir all Wikipedia[Quelltext änneren]

I replied on Benotzer_Diskussioun:MGA73#Files_with_unusual_licence. --MGA73 17:52, 1. Jun. 2011 (UTC)[äntweren]

Domaine Public[Quelltext änneren]

Moien,

Sécher mat der Lizenz vu Jungblut an esou? De Raymon Mehlen ass jo awer nach kéng 70 Joer doud.

Ech hu kee Problem domatt, mee fäerten dass do nees een dropspréngt... --Jwh 15:06, 6. Jun. 2011 (UTC)[äntweren]

Merci fir d'Äentwert, dat mat der "oeuvre dirigée" gefällt mäer --Jwh 16:11, 6. Jun. 2011 (UTC)[äntweren]

Fichier:Portalmusek.jpg[Quelltext änneren]

Hi! This file is created by 4 files [1].

So I think the file should be updated or deleted. Could you have a look? --MGA73 20:38, 6. Jun. 2011 (UTC)[äntweren]

Seems that we need a replacement for #1, when I will have time I'll do that (hesitating between this and this. For #2 I updated now the attribution. Do you have an idea why #3 and #4 have been deleted? --Otets♣ 12:58, 7. Jun. 2011 (UTC)[äntweren]

Number 3 was deleted with the reason "Robot: Suppression d'une image de la catégorie 'Image à licence inconnue depuis janvier 2007" so that would be unknown license and number 4 was deleted with the reason "Image de sxc.hu, non libre (voir commons:Commons:Stock.xchng images)". Reading the information on Commons it is because the files are not allowed for commercial usage. --MGA73 18:21, 7. Jun. 2011 (UTC)[äntweren]

What do you think about http://commons.wikimedia.org/wiki/Fichier:Christoph_Martin_Wieland_by_Jagemann_1805.jpg replacing the above file? Zscout370 18:52, 7. Jun. 2011 (UTC)[äntweren]

Cornischong's work on the file shows best the painting, whereas the file proposed by you shows maybe better the depicted person. In the article in which we included it, it is unsure what counts more, with respect to the subtitle of the framed picture. When I see that on Commons there are not less than 5 variations of the same painting, then I doubt that it is a necessity to pick just Cornischong's version in a deletion context. If at all, then maybe "Christoph Martin Wieland by Jagemann.jpeg" could be deleted, but that one originally came from de-wiki, so I shall not decide on that one. --Otets♣ 10:50, 8. Jun. 2011 (UTC)[äntweren]
I'll just move images to the Commons that could be moved. Zscout370 16:07, 8. Jun. 2011 (UTC)[äntweren]
Nothing to say against that. It's just the speedy deletions that haunt my sleep ;-)) --Otets♣ 16:10, 8. Jun. 2011 (UTC)[äntweren]

Hi! I'm wondering about this file. The link http://anchen.hot.lu does not seem to work and I could not find the file in the uploads of Benotzer:Hub. Sure you added the right info? --MGA73 21:37, 7. Jun. 2011 (UTC)[äntweren]

Yes, sure. You can see on "Fichier:Patrick-Floener.jpg" that Hub uploaded it (but another file coming from JGMRecords got uploaded later with the same file name), with the licence info completed by your bot on 1 September 2010 (which is before the upload of the other photo on 9 December 2010). --Otets♣ 10:55, 8. Jun. 2011 (UTC)[äntweren]
Thank you... Seems that we can not trust http://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Spezial:Billerl%C3%ABscht&user=Hub to be correct then.
I know a trick to fix things like that. First delete the file. Then restore old versions. Move to new name. Restore the rest of the versions. --MGA73 12:47, 8. Jun. 2011 (UTC)[äntweren]
Yes, apparently only the last version of a file appears in the list, and if that last version is from another uploader, the original is missing in the initial uploaders list. Thanks for the trick, that would indeed have permitted to preserve the file history. --Otets♣ 12:55, 8. Jun. 2011 (UTC)[äntweren]

Found some replacements for a non-free image Commons:Category:Charles Goerens - sometimes Flickr can help:-) I will try to find free files for some of the other unfree files. --MGA73 18:06, 9. Jun. 2011 (UTC)[äntweren]


Moien wéi et schéngt hu mer d'Méizuel bei de Kategorien nees ofgeschaaft. -- Les Meloures 14:25, 21. Jun. 2011 (UTC)[äntweren]

Däitsch Uertschaftskëscht[Quelltext änneren]

Moien, hate mer net emol eng Kéier eng grouss Diskussioun doriwwer datt wann esou massiv Ännerunge gemaach solle ginn, datt d'Communautéit virdru soll doriwwer informéiert ginn. --Les Meloures 14:13, 29. Jun. 2011 (UTC)[äntweren]

Remoien,

Bei der däitscher Uertschaftkëscht hate mer express op all dee Schickimicki verzicht fir et de Benotzer méi einfach ze maachen fir asou eng Këscht ze benotzen, a well et blöd ausgesäit wann dee blanne Wopen an der Këscht steet. Et wier an deem Sënn vläicht besser eng zweet Këscht ze maache fir déi Gemengen déi e Wopen hunn. En plus ass dee Koordinatesystem ongenee. Firwat eppes geneeës duerch eppes ongeneeës ersetzen. Ass déi Kaart esou wichteg??? Wann een op genee Koordinate ka klicken da kritt ee ganz genne gewisse wou déi Uertschaft ass. Du hues och vläicht gemierkt datt vun un déi komplizéiert Schabloun an den Italieeneschen Uertschafte steet kee Mënsch méi een Artikel iwwer italieenesch Uertschafte gemaach huet, a wann dann ouni Këscht. Musse mer ons d'Liewe wierklech onnëtz schwéier maachen? --Les Meloures 14:58, 29. Jun. 2011 (UTC)[äntweren]

P.S. En plus ass déi 140px Oléisung ze grouss fir déi schappeg Wopenzeechnungen déi déi däitsch hunn. Souguer bei gudde fuere mer iwwerall mat 80px (ausser et gouf net opgepasst). --Les Meloures 15:10, 29. Jun. 2011 (UTC)[äntweren]

Déi Koordinaten déi agesat ginn, wéinst der Kaart weisen net genee un. Wéi komme mer do derlaanscht. Wann déi soss esou genee Mënsche vun déisäit der Musel dat wëllen hunn da sollen se. Wat ass den Avantage wa mer eng Schabloun hunn déi dem preisesche Modell entsprécht. Ass dat Flicht.??? --Les Meloures 15:48, 29. Jun. 2011 (UTC)[äntweren]

Wann et verschidde Méiglechkeete ginn, fir d'Schabloun ze gebrauchen da soll dat och an der Schabloun erkläert ginn. Wéi soll soss e Mënsch dermat eens ginn. Et schaffen hei net elauter Schablounespezialiste mat. --Les Meloures 15:50, 29. Jun. 2011 (UTC)[äntweren]


Ech mengen net de Punkt op der Kaart. Ech mengen d'Koordinaten. Wann ech op déi klicken da weist de Geohack eng Plaz südlech vun Temmels un, amplaz op d'Uertschaft ze weisen. Ass dat den Zweck vun de Koordinaten datt se net richteg sollen uweisen. Mat der Schabloun coor dms kann ee wéinsten den Zentum vun der Uertschaft uweise lossen. --Les Meloures 15:56, 29. Jun. 2011 (UTC)[äntweren]
Deemno desaktivéiert déi eng Schabloun déi aner denken ech --Les Meloures 16:08, 29. Jun. 2011 (UTC)[äntweren]
Et läit awer warscheinlech drun datt d'Sekonne feelen. Se ffel jo iwwerall. Da kann natierlech de Geohack net genee uweisen. Firwat dann net direkt richteg asetzen, da wier déi Diskussioun alt gespuert gewiescht am Fall wou et dorunner läit. Ech testen dat emol --Les Meloures 16:12, 29. Jun. 2011 (UTC)[äntweren]
Eben dofir soll een d'Sekonnen an d'Zéngtelssekonnen uginn sou wéi mer et schlaang iwwerall maachen. Schliislech si se durfir do. --Les Meloures 16:14, 29. Jun. 2011 (UTC)[äntweren]
Do brauch ee guer net z'experimentéieren. Et brauch een am Google Earth just Temmels anzeginn, de Fanger op Temmels ze setzen an da kritt een ënnen d'Koordinate genee ugewisen. --Les Meloures 16:18, 29. Jun. 2011 (UTC)[äntweren]
Ech hunn dat elo mol bei Holsthum getest. Wann een egal op watereng Manéier d'Koordinate prezis asetzt da gëtt d'Plaz och richteg ugewisen. Wéinstens wësse mer elo mol u wat et louch. --Les Meloures 16:41, 29. Jun. 2011 (UTC)[äntweren]
Resalut. Jo dat ass elo an der Rei. Dat war e bësselchen onglécklech gaangen. Soss hunn ech och weider näischt un der neier Schabloun auszesetzen. --Les Meloures 18:02, 29. Jun. 2011 (UTC)[äntweren]
Resalut, Iergendeppes huet sech un der Këscht verännert no de leschten Ännerungen. Elo ass iwwer dem Wopen an der Kaart en eidele wäissen Ofstand. Kanns du erausfannen u wat dat läit. Merci am Viraus --Les Meloures 21:44, 29. Jun. 2011 (UTC)[äntweren]


Salut,

Kuch emol do w.e.g --Les Meloures 14:03, 5. Jul. 2011 (UTC)[äntweren]


Moien,

Ech hunn hei geäntwert --Les Meloures 16:47, 11. Jul. 2011 (UTC)[äntweren]

Bemierkung[Quelltext änneren]

wa se net aktualiséiert gëtt, dann huet d'Tabell kee Wäert

Wéis de konns feststellen hunn ech e ganze Pak am Tour bäigefleckt. Dat déi Tabell 5 Minutten no der Arrivée nach net aktualiséiert war, hat als Ursaach datt ech dee Moment nach un enger anerer geschafft hunn. An anere Wikie geet et och net méi séier. Dofir fannen ech fannen esou Bemierkunge komplett iwwerflësseg an zimmlech frustrant. --Les Meloures 17:26, 12. Jul. 2011 (UTC)[äntweren]

Wiki Loves Monuments in Luxembourg[Quelltext änneren]

Hello Otets, As you are an active user on lb-wiki, I write to you. At the moment users from nl-wiki and fr-wiki are organizing Wiki Loves Monuments in Belgium, part of an intentional contest with the aim to get more photos of cultural heritage in the countries who are participating. In the countries in the area, Belgium, the Netherlands, Germany, France and Switzerland, Wiki Loves Monuments is organized, but in Luxembourg nothing has been organized, maybe due the limited users and no present chapter who can organize. As Belgium is often working together with Luxembourg, the organizing committee of Wiki Loves Monuments in Belgium thinks it is a good idea to combine the both countries and organize Wiki Loves Monuments for both Belgium and Luxembourg in one competition together. For us it is not much extra work, as we already were working for a website that covers Dutch, French and German (also for the German speaking parts of Belgium). Also we noticed that lb-wiki already has all the monument lists there are needed. The question we have is if you want to help us a bit with the organization of Wiki Loves Monuments in Belgium and Luxembourg, especially with writing to the media to get media attention. Do you want to help with Wiki Loves Monuments and/or participate in the organization? Please let us know. See also the message in De Staminee. Greetings - Romaine 15:07, 21. Jul. 2011 (UTC)[äntweren]

Any ideas?[Quelltext änneren]

D'Diskussioun gouf op Fichier Diskussioun:Ielebou w2.jpg geréckelt, wou se higehéiert. --Zinneke 09:31, 25. Jul. 2011 (UTC)[äntweren]

Hi! Could you please check if information is correct now? As I understand it the problem was a few reverts that are now deleted and gone forever. --MGA73 19:58, 30. Aug. 2011 (UTC)[äntweren]

Thank you. No not on Commons yet. However if it is a new building (it looks like a new building) it may not be allowed on Commons because there is no freedom of panorama. --MGA73 08:19, 7. Sep. 2011 (UTC)[äntweren]
Oh yes you were right. It IS on Commons - just in a smaller resolution. --MGA73 17:49, 13. Sep. 2011 (UTC)[äntweren]

Another thing. According to [4] User:Cornischong said it was his photo and the log say User:Cornischong was the original uploader. But I asume he just edited/uploaded one of your files:-D --MGA73 18:00, 13. Sep. 2011 (UTC)[äntweren]

Hi! Do you have more information about the source? Photographer and year of death perhaps? --MGA73 21:51, 29. Okt. 2011 (UTC)[äntweren]

Unused maps nominated for deletion[Quelltext änneren]

Hi. Please see Wikipedia:Läschen#Unused_maps for a discussion of unused maps - one or more uploaded by you. --MGA73 19:18, 26. Nov. 2011 (UTC)[äntweren]

Hi again. I replaced some of the seals you have uploaded with svg-files on Commons. You can check "your" files on Kategorie:Elo op Commons and if you agree the svg is better you could perhaps delete the files? --MGA73 19:57, 26. Nov. 2011 (UTC)[äntweren]

Thank you for your message about the maps etc. Robby was fast this time and deleted the seals. That is why the category is (now) empty. --MGA73 16:05, 28. Nov. 2011 (UTC)[äntweren]

Warning: the IP address, 212.121.219.1 is the source of serious hacking activities.[Quelltext änneren]

Warning: the IP address, 212.121.219.1 registered to Oldham MBC public libraries, and which is permanently blocked in English Wikipedia since 2009, is the source of serious hacking activities. Please be on guard with this IP address.

Ok, thanks for letting me know. --Otets♣ 07:39, 15. Mee 2012 (UTC)[äntweren]

Moien, et stëmmt wuel datt déi IP 212.121.219.1 esou op en.wiki gespaart ass. Mä firwat verstoppt deen "Denunziant" sech och hannert enger IP. Dat eenzegt wat hien Opweises huet, ass all Wikipedia mat där Noriicht vollzespammen an deem anere Brudder säi Getriwwels nees réckgängeg ze maachen...
Denken do ginn politesch Differenzen cross-wiki ausgedroen. --Jwh (Diskussioun) 15:31, 15. Mee 2012 (UTC)[äntweren]

Moien,

Et geet der anscheinend ni séier genuch. Firwat hues de Lemma hannevir ugepaakt. All Nuddele sinn Deegwueren, mä net all Deegwuere sinn Nuddelen. --Les Meloures (Diskussioun) 09:32, 5. Jun. 2012 (UTC)[äntweren]

Moien,

Fir et einfach ze maachen: Eng Definitioun steet am Artikel. Wareniki, Pirogi, asw géif ech éischter als gefëllten Deegtäsche bezeechnen, den Deeg ass jo éischter, fir den Inhalt zesummenzehalen, a just Deel vun engem ganzen. Gnocchi hunn ech nach net a gedréchenter Form am Nuddelsrayon gesi stoen, dofir - a well se och aus zerbrätschtene Grompere kënne gemaach sinn - sinn dat éischter Kniddelen, resp méi allgemeng, Deegwueren. Spätzle ass Limite, ob een se elo als Nuddelen aklasséiere wëll oder just net méi, sief jidderengem iwwerlooss.

--Zinneke (Diskussioun) 18:23, 6. Jun. 2012 (UTC)[äntweren]

PS Bei Wareniki ass vu "Smetana* rieds. Soouwäit ech weess ass dat dat tschechescht a polnescht (an dofir warscheinlech och russescht) Wuert fir Schmannt. Falls jo, firwat d'Kand net beim Numm nennen?

Polandball barnstar[Quelltext änneren]

The Polandball Barnstar
Hello Luxembourgball, Australiaball be approvings of your translatings of Polandball. With Luxembourgball help, we provings that whilst Poland can not into space, Polandball can into Wikipedia. Australiaball be most happy if other Luxembourgballs can finish translatings in future. Also, as promised, Australiaball has made uploadings of aviation photos on Commons. Many of greetings and exultations. Russavia (Diskussioun) 15:11, 14. Jun. 2012 (UTC)[äntweren]

Great, thanks for creating the Luxembourgball, probably the first to come into space... ehm... existence))) --Otets♣ 16:49, 14. Jun. 2012 (UTC)[äntweren]

Indeed, Luxembourg can into Polandball. But I especially like on the file, how it says it is derived from Dutchball. Quite appropriate lol Russavia (Diskussioun) 11:34, 15. Jun. 2012 (UTC)[äntweren]
Da, tochno)))) --Otets♣ 13:15, 15. Jun. 2012 (UTC)[äntweren]

Moien, wann eng Kategorie zweemol do steet da muss net obedingt déi mat der richteger Méizuel geläscht ginn. --Les Meloures (Diskussioun) 07:16, 26. Jun. 2012 (UTC)[äntweren]

Remoien, et ass keng besonnesch Astuce derhannert. D'Kategorie Helleger gëtt eidel gemaach einfach well Helleg déi richteg Méizuel ass. (Een Hellegen, vill Helleg. z.B Déi Helleg sinn am an den Himmel) --Les Meloures (Diskussioun) 10:08, 26. Jun. 2012 (UTC)[äntweren]
Et misst elo klappen. --Les Meloures (Diskussioun) 17:05, 9. Jul. 2012 (UTC)[äntweren]

Hello Otets, I just want to let you know I posted a message on Wikipedia:Vandale spären. Regards, --Wiki13 (Diskussioun) 14:18, 29. Jun. 2012 (UTC)[äntweren]

Redirecten[Quelltext änneren]

Moien,

Just zur Info: Redirecte brauchen net extra geläscht ze ginn wann een en Artikel well draus maachen.:--))) --Les Meloures (Diskussioun) 17:56, 11. Sep. 2012 (UTC)[äntweren]

Virnumm: Pelo[Quelltext änneren]

Och zu Péiteng war dee Virnumm geleefeg: Den Entreprener Podesta, en Italieener, deen an der éischter Hallschent vum 20. Joerhonnert do gelieft a geschafft huet, ass mam Virnumm "Pelo" genannt ginn. Ob dat säi richtege Virnumm war oder ob e nëmmen esou genannt gouf weess ech net. --Pecalux (Diskussioun) 14:48, 8. Okt. 2012 (UTC)[äntweren]

Schabloun:Infobox Flughafen[Quelltext änneren]

Moien,

ich wollte gerade einen Artikel über einen Fluchhafen schreiben. Leider gibt es noch keine Schabloun dafür. Da ich vorhabe viele Artikel über Flughäfen zu schreiben wollte ich fragen ob sie eine Schabloun erstellen könnten! Das währe echt Super!

reggards Christian

Re: Re: Schabloun:Infobox Flughafen[Quelltext änneren]

Moien,

vielen Dank!!!! Ich würde noch logo, Passagierzahlen und vieleicht Verbindungen dazu nehmen. Das reicht denke ich mal für den Anfang. Aber wenn du möchtest kannst du auch den Rest übernehmen! Wie lange braucht man für so eine Infobox ungefähr?

Merci![Quelltext änneren]

Moien,

ich habe heute die schablone ausprobiert. Bei den Landebahnen unten is sehr viel platz zwischen den Angaben, und da die angabe zum "Belag" ist zu weit rechts. Vieleicht kannst du das noch ändern ;)

Christian

villmools Merci[Quelltext änneren]

Ich werde am Wochenende den ersten Flughafenartikel schreiben, da ich zurzeit am EDQG Praktikum mache ;)

Gär geschitt! --Otets♣ 09:06, 24. Okt. 2012 (UTC)[äntweren]

Moien[Quelltext änneren]

Moien, Ich habe noch einen kleinen Fehler gefunden... glaube ich. Bei Logo werden keine ".svg" Dateien angenommen. Kannst du das noch ändern? Christian

Erlaubt[Quelltext änneren]

Und es ist erlaubt das einfach zu kopieren und wieder hochzuladen?

??[Quelltext änneren]

Salut,

gestern hatte ich vor den Artikel "Flughafen Lukla" zu schreiben, leider zeigte mir dann eine fehlermeldung an das es noch keine Karte für Nepal gibt ... Könntest du vieleicht ... ? Das währe echt super da das der "gefährlichste Flughafen der Erde" ist. Christian

Fuchhafe Lukla[Quelltext änneren]

Salut,

Do schéngt munches net ze klappen. Kanns du dat mol nokucken. --Les Meloures (Diskussioun) 17:21, 16. Nov. 2012 (UTC)[äntweren]


Resalut lo ass d'Bild zwar zentréiert, awer d'Schrëft uewen driwwer och a passt net méi bei déi aner Schrëften. Menger Meenung kënnt dat doduerch well déi an enger Rei zesummen agebonn sinn. --Les Meloures (Diskussioun) 14:30, 21. Nov. 2012 (UTC)[äntweren]


Haaptstied[Quelltext änneren]

Water Haaptstied sollen dann déi Schabloun kréien. --Les Meloures (Diskussioun) 17:18, 23. Nov. 2012 (UTC)[äntweren]

Betr.: Les Meloures[Quelltext änneren]

Du hues dem Les Meloures op senger Diskussiounssäit eng Fro gestallt. Hien ass awer momentan net online z'erreechen. Aus sécherer Quell weess ech dass hien zënter e puer Deeg wéinst engem gesondheetleche Problem am Spidol läit. Also: Ofwaarde bis e sech erëm mellt. An eng gutt a rapid Besserung fir hien! --Pecalux (Diskussioun) 13:54, 3. Dez. 2012 (UTC)[äntweren]

Sorry, dat wosst ech net. Him dann op alle Fall eng gutt Besserung! D'Fro kann awer u sech jidderee beäntweren deen heiansdo bei Schabloune matschafft. --Otets♣ 13:56, 3. Dez. 2012 (UTC)[äntweren]

Gudde Mëtteg, eemol merci fir är Verbesserungen, ech schreiwen mat der Eifeler Reegel ëmmer nach vill Feeler, dat ass mer bewosst ! Dat wäert sech och a mengem Alter net méi änneren ... Wat awer richteg ass, an dat krut ech vum "Les Melours" un d'Häerz geluecht, ass datt d'Sprooch beim Spaweck virdrun stoe kënnt, fir datt een gläich gesäit mat wéi enger Sprooch een ze dunn huet. Och froen ech mech, wisou där ëmmer "Linken" derbäi schreift, wou dach Spaweck dat selwecht heescht !! mat beschte Gréiss SITCK (Diskussioun) 15:14, 17. Jan. 2013 (UTC)[äntweren]

Dat ass mer nei datt d'Sprooch beim Spaweck virdru kéim, bis ewell huet et mer geschéngt wéi wa se (ausser an ären Artikelen) ëmmer nach hanne kéim. An eise Wikikonventiounen hunn ech elo näischt doriwwer fonnt. Mee de Les Meloures kann dat jo eng Kéier opléisen.
"Linken" ass den Iwwertitel fir souwuel "Kuckt och" wéi och "Um Spaweck". Dat gouf deemools esou festgehalen, an et kann een et op "Wikipedia:Titelskeletter" fannen.
--Otets♣ 15:18, 17. Jan. 2013 (UTC)[äntweren]
  • Merci fir är Äntwert, mä ech schreiwen schonns zënter 2006 meng Artikelen alleguer esou, mat der Sprooch virdrun! Et wär flott wann d'lëtzebuerger Wikipedianer sech eens wären, an all Artikelen eenheetlech geschriwwe wären. Ass et net méiglech eng Kéier eng Sitzung ze maachen, wou een esou Themaen an änlecher diskutéiert an och eng Décisioun géif treffen. SITCK (Diskussioun) 15:32, 17. Jan. 2013 (UTC)[äntweren]

Federatiounssujeten[Quelltext änneren]

Moien,

Äntwert do.--Zinneke (Diskussioun) 09:01, 20. Feb. 2013 (UTC)[äntweren]

Merci fir d'Hëllef bei der Tanksekëscht --Les Meloures (Diskussioun) 11:48, 27. Feb. 2013 (UTC)[äntweren]

Sooper gutt. --Les Meloures (Diskussioun) 14:28, 27. Feb. 2013 (UTC)[äntweren]
Kann s de vläicht nach e Bléck op déi Schabloun werfen. Et kënnt mer vir wéi wann am ieweschte rietsen Deel de baussenzege Bord géif feelen. --Les Meloures (Diskussioun) 14:37, 27. Feb. 2013 (UTC)[äntweren]
De Problem schéngt sech nëmmen am Internetexplorer bemierkbar ze maachen. --Les Meloures (Diskussioun) 10:32, 1. Mäe. 2013 (UTC)[äntweren]
Thumb
Thumb
Sou geséit et bei mir aus. Mä plo dech net dermat. --Les Meloures (Diskussioun) 11:38, 1. Mäe. 2013 (UTC)[äntweren]

De bot raumt do guer näischt méi, et muss een dat scho selwer op der richteger Plaz bei Wikidata maachen. Ech hunn dat elo verbessert. --Les Meloures (Diskussioun) 14:15, 22. Mee 2013 (UTC)[äntweren]

Bild huet Auteur[Quelltext änneren]

Wien ass dann dee Mike Huber a wou gëtt dee seng Lizenz un. --Les Meloures (Diskussioun) 07:39, 23. Mee 2013 (UTC)[äntweren]


Bei deem Bild gëtt de Mike Huber guer näischt un. Den Uploader User:Mhazhiker huet déi Informatiounen dragesat. An et schéngt och bei den Englänner net alles sou kloer ze sinn. An ech wäert mech och net ameséieren fir deem ze schreiwen watereng Lizenz mer engem Bild solle ginn vun deem behaapt gëtt et wier vun him, a wat vum Mhazhiker op (wiki:en) eropgeluede gouf an duerno vum Cornischong verblazt verschafft gouf. --Les Meloures (Diskussioun) 08:09, 23. Mee 2013 (UTC)[äntweren]
Den en-Uploader Mhazhiker ass de Mike Huber, dat seet e selwer op der en-Säit. Ech fanne jo och, datt et vill besser Fotoe vum Grand Canyon gëtt, déi mer eis an déi Plaz an den Artikel setze kënnen. Mee ech gesinn net firwat mer Fotoe läsche sollen, déi eng valabel Lizenz hunn, a bei deenen och soss alles an der Rei ass (vun der Qualitéit vläit emol ofgesinn), just well den MGA73 net ganz genee op Commons oder en-wiki sicht. Et ass vläit onverhältnesméisseg vill Oarbecht, Auteuren nodréilech unzeschreiwen (obwuel dat misst esou gemat ginn), mee et kann ee sech jo nach méi einfach d'Oarbecht vum "delete"-Tag setze spueren an dat unhuele wat komplett valabel bei eis als Lizenz do steet (och ouni OTRdingsbums, deen et fréier net gouf). --Otets♣ 08:39, 23. Mee 2013 (UTC)[äntweren]


Wou steet datt de Mhazhiker de Mike Huber ass. Bei ons linkt de Mike Huber op en anere Benotzer. De Mazhiker schreift d'Photo wier vum Mike Huber. A wann dann op wiki:en ee mengt déi soll op Commons geréckelt ginn, wat jo effektiv nach net gemaach ass, dann ass fir ons alles an der Rei. Dat ass eng Logik wou ech net méi matkommen. --Les Meloures (Diskussioun) 08:44, 23. Mee 2013 (UTC)[äntweren]
De Mike Huber nennt sech op Commons aneschters wéi op der en-wiki, ech hunn dat nach net ge-update. Den en-Uploader Mhazhiker seet jo engersäits (an der Lizenzekëscht) "I, the creator of this work" an anerersäits (an der Beschreiwung) "Photo by Mike Huber". Also ass de Mhazhiker identesch mam Mike Huber. An dofir huet d'en-wiki och de Commons-Virschlag gemat. --Otets♣ 09:03, 23. Mee 2013 (UTC)[äntweren]

Äntwert op d'Kléiblat[Quelltext änneren]

hei --Soued031 (Diskussioun) 15:25, 11. Jun. 2013 (UTC)[äntweren]

Cristina Ferreira[Quelltext änneren]

Bonjour, chér Otets, just te remercier pour l'aide dans cette page que j'ai crée. À bientôt Rei Momo (Diskussioun) 16:45, 3. Jul. 2013 (UTC)[äntweren]


Verlinkungen[Quelltext änneren]

(Wann en zesummegesatent Wuert getrennt verlinkt ass gesäit dat jo keen (a Minett ass vun der Sàit Buggi jo och nach eng Kéier verlinkt))

Dat hätt ee vläicht misse viru fënnef Joer dem Cornischong soen well deen hat déi Artisterei verbrach. Et hätt ons och vläicht (ech inklusiv) an deem Artikel sollen opfalen datt dräi Joer e Bild dra war, wat komplett nieft der Schinn war. Awer déizäit louch leider den Akzent nach méi op Gebraddels. --Les Meloures (Diskussioun) 11:14, 19. Feb. 2014 (UTC)[äntweren]
Merci fir d'Info. Ech hätt eigentlech och vum selwe missen drop kommen. Dommerweis kënnt dat dohier well mer dacks am Ufank ons Biller ni richteg vernannt hunn an och nach auslännesch Schreifweise gebraucht hunn. --Les Meloures (Diskussioun) 13:27, 19. Feb. 2014 (UTC)[äntweren]

Patrick Damiani?[Quelltext änneren]

Also, ech hunn mir lo mol e puer foto'en ugekuckt an sin mir och net méi ganz sécher op dat deeselwechten soll sinn. Fro mol den Bdx wou hien un déi Info kennt well op der bandcamp säit vun d'millennium suckers steet jo keen Familljennumm dobei. --Irukandji85 (Diskussioun) 11:10, 7. Mäe. 2014 (UTC)[äntweren]

My userpage[Quelltext änneren]

The source is profile on Sports-Reference (used in all of this articles). Regards, Żyrafał (Diskussioun) 19:40, 7. Abr. 2014 (UTC)[äntweren]

I guessed that it was a problem, so I added the source. Żyrafał (Diskussioun) 19:41, 7. Abr. 2014 (UTC)[äntweren]

CSS Virwëtz[Quelltext änneren]

Ech sinn e bësse virwëtzeg wat hues du Wëlles mam CSS dat als Standard maachen op der lb.Wikipedia? --Soued031 (Diskussioun) 14:59, 8. Abr. 2014 (UTC)[äntweren]

Neen, deen neie Vector Skin nervt mech perséinlech, ech wëll e just fir mech selwer op deen ale Standard zrécksetzen, all déi aner kréien näischt dovu mat (ausser si huele sech als ageloggte Benotzer och esou e Stylesheet). --Otets♣ 15:02, 8. Abr. 2014 (UTC)[äntweren]

Ah sou an der Rei ;).--Soued031 (Diskussioun) 15:12, 8. Abr. 2014 (UTC)[äntweren]


Salut déi heite Schabloun Schabloun:Coordinate/Wartung/elevation ass 252-mol mat däitschen Uertschafte verlinkt. Et gëtt se awer net. --Les Meloures (Diskussioun) 09:55, 26. Abr. 2014 (UTC)[äntweren]

Dat selwecht fir déi hei Schabloun:Info ISO-3166-2:IT bei den italieeneschen Uertschaften. --Les Meloures (Diskussioun) 10:01, 26. Abr. 2014 (UTC)[äntweren]
An dat selwecht fir déi hei Schabloun:Info ISO-3166-2:DE --Les Meloures (Diskussioun) 10:14, 26. Abr. 2014 (UTC)[äntweren]

Foto Holzausbau.jpg an ORTS a sou Gedeessems[Quelltext änneren]

Déi Foto mam Holzausbau kënnt vu Flickr a wéi et schéngt ass se do net fräi. --Les Meloures (Diskussioun) 13:15, 12. Nov. 2014 (UTC)[äntweren]

Ech hunn en Email vum Auteur perséinlech, dee se fräigëtt ënner genee deene Conditioune wéi op der Wiki beschriwwen. Den Email goung un den OTRS Team (Forward vu mär). Ech mengen awer net datt di eist Bild validéieren, an zwar net well d'Erlaabnes net richteg wier, mee well se op Lëtzebuergesch ass an di eis Sprooch net kënnen. An anere Wierder: vergiesse mer besser OTRS, op d'mannst an dësem Fall. --Otets♣ 08:50, 18. Nov. 2014 (UTC)[äntweren]

Et ass vläicht méi einfach et geet een an eng Minère eng Foto maachen an et beschrëft e se frësch. --Les Meloures (Diskussioun) 09:09, 18. Nov. 2014 (UTC)[äntweren]

Esou eng wonnerbar erhale muss de als éischt emol fannen. Se sou gutt auslite kann och net jiddereen. An den Auteur selwer weess net mi ganz genee wou den Agank vun deer heiter läit. Also neen, ass guer net méi einfach. --Otets♣ 08:43, 19. Nov. 2014 (UTC)[äntweren]

Hi. I copied the file to Commons. I hope I got everything right. If not I would be happy if you could fix it. --MGA73 (Diskussioun) 19:59, 18. Nov. 2014 (UTC)[äntweren]

Permissions should always be send to OTRS. Also if they are in Lëtzebuergesch:-) --MGA73 (Diskussioun) 20:02, 18. Nov. 2014 (UTC)[äntweren]
Great, thank you a lot! Worked all fine!! --Otets♣ 08:43, 19. Nov. 2014 (UTC)[äntweren]

Global account[Quelltext änneren]

Unification[Quelltext änneren]

Hi Otets! As a Steward I'm involved in the upcoming unification of all accounts organized by the Wikimedia Foundation (see m:Single User Login finalisation announcement). By looking at your account, I realized that you don't have a global account yet. In order to secure your name, I recommend you to create such account on your own by submitting your password on Special:MergeAccount and unifying your local accounts. If you have any problems with doing that or further questions, please don't hesitate to contact me on my talk page. Cheers, DerHexer (Diskussioun) 21:52, 16. Jan. 2015 (UTC)[äntweren]

Please merge your accounts in all Wikipedias[Quelltext änneren]

Hi,

I have noticed that you are using accounts Otets in different Wikipedias but you have not merged them into a global account yet. Global accounts become mandatory since 15 April 2015, and all non-merged accounts will be renamed.

As of now, most likely you have accounts Otets in other projects, notably in English, French and Russian Wikipedias, which are not merged with your global account. Please click on Special:MergeAccount and finish the unification process. You can check the state of your account unification at Special:CentralAuth/Otets

If you don't merge your accounts by 15 April, your accounts (in Wikipedias other than Deutsch and Lëtzebuergesch) can be renamed.

If you have questions you can ask them on my talk page. Best regards — NickK (Diskussioun) 23:49, 20. Mäe. 2015 (UTC)[äntweren]

Fichier Sommerfeld[Quelltext änneren]

Salut, dat Bild vun der Sommerfeld kënnt mer zimmlech komesch vir. Ass deem eng bei der esthetescher Operatioun geschitt?? --Les Meloures (Diskussioun) 07:18, 29. Nov. 2015 (UTC)[äntweren]

Salut, Et war net dat de Poblem. D'Bild gouf miserabel ugewisen. Dat schéngt sech lo ginn ze hunn. --Les Meloures (Diskussioun) 14:33, 30. Nov. 2015 (UTC)[äntweren]
Jo, bei deem hat och ech Problemer, well ech eent an engeme anere Format driwwer eropgelueden hunn, an d'Software huet nach eng Zäitchen dat aalt Format geholl fir dat neit Bild. Mee och bei mär hat sech dat iergendwa ginn. --Otets♣ 12:40, 22. Abr. 2016 (UTC)[äntweren]

Participate in the Ibero-American Culture Challenge![Quelltext änneren]

Hi!

Iberocoop has launched a translating contest to improve the content in other Wikipedia related to Ibero-American Culture.

We would love to have you on board:)

Please find the contest here: https://en.wikipedia.org/wiki/Wikipedia:Translating_Ibero_-_America/Participants_2016

Hugs!--Anna Torres (WMAR) (Diskussioun) 14:15, 10. Mee 2016 (UTC)[äntweren]

Wiki-Iessen am Juegdschlass, den 21. Mee, mëttes[Quelltext änneren]

Moien,

Wéi déi meescht Anerer has Du uginn, datt dir de Samschden, 21. Mee, géif goe fir eist Wiki-Mëttegiessen am Café-Restaurant Juegdschlass (vun 12 Auer u fir den Apero, Iesse géint Véierel halwer eng/eng Auer). Den MMFE këmmert sech deemno ëm d'Reservatioun. Bis dann!

Bescht Gréiss, --Zinneke (Diskussioun) 19:37, 12. Mee 2016 (UTC)[äntweren]

Merci, ass a menger Agenda agedroen. --Otets♣ 12:12, 17. Mee 2016 (UTC)[äntweren]

Hallo, können Sie mir erklären, warum Sie meine Änderungen kommentarlos rückgängig machen. --A.Savin (Diskussioun) 15:35, 23. Jan. 2017 (UTC)[äntweren]


Kategorien[Quelltext änneren]

"Lëtzebuergesch Moler" si "Lëtzebuergesch Kënschtler", déi selwer "Lëtzebuergesch Persounen no Aktivitéit" sinn. Dowéinst brauchen d'"Lëtzebuergesch Moler" net och nach "Lëtzebuergesch Persounen no Aktivitéit" ze sinn. Mer setzen déi "Lëtzebuergesch Moler" jo och net direkt an d'Kategorie "Beruffer" mee mer halen d'Struktur ouni Doublone schlank. Also muss bei "Lëtzebuergesch Moler" entweder d'Iwwer-Iwwer-Kategorie "Lëtzebuergesch Persounen no Aktivitéit" erausgeholl ginn, oder mer mussen d'Kategorie "Lëtzebuergesch Kënschtler" läsche wa souwisou all eenzel Kënschtlerkategorie an der Haaptkategorie sollt stoen. --Otets♣ 11:32, 27. Jan. 2017 (UTC)[äntweren]

Déi Kategoie no Akivitéit ass geduecht fir all Aktivitéit dranzesetzen ouni Récksiicht op Iwwerkategorien. Wann s de eng Kéier driwwer géifs kucken da géifs de dat och mierken. --Les Meloures (Diskussioun) 14:46, 27. Jan. 2017 (UTC)[äntweren]

Jo, ech hu gemierkt datt bei villen anere Kategorien deeselwechte Problem besteet. Firwat et da sou man an net méi schlank strukturéieren? --Otets♣ 16:20, 27. Jan. 2017 (UTC)[äntweren]
Ma well se einfach net geduecht ass fir méi schlank ze kategoriséieren an da gëtt et och kee Problem. Soss huet nämlech déi ganz Kategorie menger Meenung no kee Wäert an et stellt sech all Kéier d'Fro bis wéi wäit no uewe soll erdënnert ginn. --Les Meloures (Diskussioun) 17:00, 27. Jan. 2017 (UTC)[äntweren]
Ech gesinn net wierklech a firwat dës Kategorie net wéi all déi aner ouni Doublon soll strukturéiert sinn. Mee u sech ass et mer eendunn. --Otets♣ 17:49, 27. Jan. 2017 (UTC)[äntweren]
Ass dat sou schwéier ze verstoen datt an dëser Kategorie all d'Aktiviéiten alphabetesch sollen drastoen ob Doublon oder net.
firwat dës Kategorie net wéi all déi aner ouni Doublon soll strukturéiert sinn
Ech mengen du hues e puer Saachen an der Zäit verpasst, soss häss de déi Diskussioune matkritt wou et sech em déi duebel Kategorisation bei en etleche Kategorie gedréint huet. Et gëtt där méi wéi s de mengs.

Salut Otets,

op Wikidata:Talk:Q12491 gëtt eng Diskussioun gefouert ob een déi zwee Artikelen Napoleon (Russesche Kuch) an Mille-feuille sech net op dat selwecht bezéien. Ech sinn do awer iwwerfrot. Vläicht kanns Du dat jo do erklären, dat geet iwwer meng Kompetenzen eraus. mat beschte Gréiss .--Robby (Diskussioun) 18:02, 14. Feb. 2017 (UTC)[äntweren]

Russesch Schrëft[Quelltext änneren]

Salut, kanns dat russescht Geschreifs och iwwersetzen. Sou mécht dat net vill Sënn. --Les Meloures (Diskussioun) 16:52, 6. Mäe. 2017 (UTC)[äntweren]

Ech weess, mee vu di Abberzuel vu Filmer do séiz ech nach an e puer Deeg un deer Iwwersetzung. Wann et mäin eegenen Artikel gewiecht wier, dann hätt ech missen an de saueren Apel bäissen, mee hei schaffen ech net gär zing Mol méi laang dru fir en Artikel ze completéiere wi säin Auteur gebraucht huet fir en unzeleeën. Ouni di Lëscht kritt ee just gesot datt se eng wichteg Volleksschauspillerin war, wat mer gäre gleewe mee da wëll op d'mannst ech e bësse méi wësse firwat se da genee bekannt ass. Eng Lëscht an enger Sprooch di 99% vun de Lieser vun eiser Wiki net verstinn ass net ideal, mee besser wi näischt (wi gesot, mäin Artikel ass et net). --Otets♣ 17:03, 6. Mäe. 2017 (UTC)[äntweren]
Da loosse mer alt hoffen datt dat keng Schoul mécht an datt bei den Artikelen iwwer Japaner a Chinese keen op sou eng gutt Iddi kënnt. --Les Meloures (Diskussioun) 17:26, 6. Mäe. 2017 (UTC)[äntweren]

Kléiblatënnerschrëft[Quelltext änneren]

Salut, mir versichen ons Wiki sou feelerfräi wéi méiglech ze halen. Iwwer 60.000 Feeler goufen der de leschte Mount verbessert. Deng Ënnerschrëft mam Kléiblat generéiert Feeler duerfir gouf se erausgeholl. Kuck dofir op dës Säit. Se weist dee Feeler op all Säit wou s du dermat ënnerschriwwen hues. Wa sou ee (flotte) Folklor eis nëmmen Aarbecht mécht dann ass et besser sou Saachen z'ënnerloossen. Als Admin sollst de dech vläicht fir sou Tricken intresséieren.

Wéi e Feeler mécht se dann? Ass se ënner "Vereelzt HTML-Tagen"? --Otets♣ 12:27, 3. Okt. 2017 (UTC)[äntweren]
Hues de net fonnt. Oder hues de net gekuckt. --Les Meloures (Diskussioun) 12:36, 3. Okt. 2017 (UTC)[äntweren]
Déi meescht Feeler bei de vereelzten Tagge kënnt duerch deng Ënnerschrëft. Wanns de dee Folklor mam Kléiblat wëlls bäibehalen da kuckt w.e.g. datt keng Feelermeldunge méi kommen. --Les Meloures (Diskussioun) 15:54, 3. Okt. 2017 (UTC)[äntweren]
Ech huelen un datt et vun deer gringer Foarf kënnt. Mee ech gesi keng nei Tagen di et erlaben d'Foarf ze wiesselen, weess du och keng? --Otets♣ 17:22, 3. Okt. 2017 (UTC)[äntweren]
Ech hunn nach net besonnesch gesicht. Ech well jo och keng sou Spillereien a mengem Benotzernumm hunn, an ech sinn och warscheinlech deen deen am mannste vun Informatik versteet. Ech hunn awer mol probéiert fir all déi Feeler déi ech gezwafft hat z'éliminéineren. Domat hat ech mol meng BA gemaach. --Les Meloures (Diskussioun) 17:47, 3. Okt. 2017 (UTC)[äntweren]
Du kanns mer och soen wéini datts de drun denks fir déi vereelzt Taggen an denger Ënnerschrëft net méi ze benotzen. Du bass deen eenzege Benotzer dee massiv domat op Diskussionssäite vertrueden ass. Et wier flott wa mer dat net och nach bräichten um Staminee ze diskutéieren. --Les Meloures (Diskussioun) 18:50, 13. Okt. 2017 (UTC)[äntweren]
Hunn ech elo geännert, ass se sou gutt? --Otets ♣ 13:57, 16. Okt. 2017 (UTC)[äntweren]

Italieenesch Uertschaftskëschten[Quelltext änneren]

Ech hat der och virun enger Zäitche gesot datt bei Uertschaftskëschten déi s de gemaach hues Feeler sinn. Du has mer versprach dono ze kucken. Dat ass lo e Joer hier. Wanns de dat net wëlls maachen da so Bescheed, fir datt mer se definitiv eliminéieren. Et ass kee Spaass fir stonnelaange Feeler ze sichen. --Les Meloures (Diskussioun) 10:36, 3. Okt. 2017 (UTC)[äntweren]

Et war viru véier Méint, mee dat ass och laang, do hues de Recht. Wënsch mer datt ech bis Enn der Woch Zäit fannen. Du has geschriwwen, an Italien hätten d'Andeelunge geännert a lo misst dat an de Këschte verbessert ginn, wi eng Andeelunge sinn dat a wat man d'Këschte falsch? --Otets♣ 12:27, 3. Okt. 2017 (UTC)[äntweren]
Kuck mol einfach d'Intro vun dësem Artikel Province de Bari
Déi amerikanesch Uertschaftskëscht weist och Saache ganz komesch un. --Les Meloures (Diskussioun) 12:58, 3. Okt. 2017 (UTC)[äntweren]
Ech mengen, ech verstinn. D'Uertschaftskëscht muss eng Méiglechkeet virgesinn, fir aplaz "Provënz" lo bei verschiddene "Metropolstad" (oder wi s de et och iwwersetze wëlls) unzeweisen. Gell? --Otets♣ 17:27, 3. Okt. 2017 (UTC)[äntweren]
Genee sou ass et --Les Meloures (Diskussioun) 17:41, 3. Okt. 2017 (UTC)[äntweren]
Ass lo gemat. Bei Roum, Mailand, Neapel, Turin, Palermo, Bari, Catania, Florenz, Bologna, Genua, Venedeg, Messina, Reggio Calabria a Cagliari kënnt lo "Metropolitanstad" dohi stoen, a bei all deenen anere bleift "Provënz" do stoen. --Otets♣ 07:58, 9. Okt. 2017 (UTC)[äntweren]
Flott. Merci. Da bleift elo nach just de Problem vun der Infobox Uertschaft USA wou vun zanter datt se besteet d'Koordinaten net richteg ugewise ginn. An dann och vläicht no enger Léisung mat mat dengem Kléiblietche sichen. --Les Meloures (Diskussioun) 08:10, 9. Okt. 2017 (UTC)[äntweren]
Ech gesinn dee Problem neierdings och bei der italieenescher a bei der preisescher Këscht.
Fichier:InfoboxScreenshotDeel1.jpg
Dat läit awer net un der Këscht, mee um Volvox senger Schabloun "Coordinate". Di huet soss gutt fonctionnéiert, mee se wäerte wuel eppes bei Mediawiki geännert hunn a lo ginn onnëtz Digitalkoordinaten derbäigesat. Ech kenne mech do net aus, ech hunn di Fro un d'de-wiki weidergereecht, vun do huet de Volvox d'Schabloun wuel riwwerkopéiert. --Otets♣ 10:20, 9. Okt. 2017 (UTC)[äntweren]
Et maach der vläit ironesch virkommen, wat eis Kollege vun der de-wiki erausfonnt hunn iwwer d'Ursaach vum Koordinate-Feeler, mee: Du bass schold! ))))
Klick uewen op mäi Link op d'de-wiki, et huet näischt mat eise Schablounen ze dinn, mee et ass eng reng Display Geschicht di iwwer CSS leeft, an déi hues du geännert. Ech krut lo en Deel gefléckt, mee na net ganz, well ech mech domat o net am Detail auskennen. Vläit kënnt nach e weideren Tuyau vun der de-wiki. --Otets♣ 13:44, 9. Okt. 2017 (UTC)[äntweren]
Elo ass d'Fro beim de-Schablounen-Atelier. --Otets♣ 13:51, 10. Okt. 2017 (UTC)[äntweren]


Et maach der vläit ironesch virkommen, wat eis Kollege vun der de-wiki erausfonnt hunn iwwer d'Ursaach vum Koordinate-Feeler, mee: Du bass schold! )))) Majo, an du gleefs deenen dat. Wann dat nämlech de Problem wier, da wier e jo séier geléist, oder mengs de net --Les Meloures (Diskussioun) 14:21, 10. Okt. 2017 (UTC)[äntweren]
Effektiv schéngt et just zum Deel um CSS geleeën hunn. Oder den CSS war guer net d'Ursaach mee huet de Problem just verstäerkt. Mëttlerweil sinn no eisem CSS-Gefréckels wéinstens d'Dezimalkoordinate fort, mee di aner Koordinate sinn nach ëmmer duebel ze gesinn. Wi gesot, ech woarden op Hëllef vum de-Schablounen-Atelier, do huet sech bis ewell nach kee gemellt fir eng Hänn mat unzepaken, mee et ass och eréischt just zwou Stonnen hier datt ech do gefrot hunn, also hiewe mer nach Gedold. --Otets♣ 15:48, 10. Okt. 2017 (UTC)[äntweren]
An de Feeler ass fort:)   Et war schlussendlech effektiv eng CSS Geschicht (hei an hei), mee keng di mer einfach sou virausgesinn hätte kënnen. --Otets♣ 10:08, 11. Okt. 2017 (UTC)[äntweren]

Hello dear Otets, saw your wonderful contribution in Luxembourgian Wikipedia, especially on the article "Ukrain". According to the subject I would like to ask you translate/help to translate the small article into Luxembourgian. Thank you in advance for your support/contribution and best wishes!

Dear 178.3.102.153, we have so far not a single article on UN resolutions, hence a non-binding one like the one you proposed is maybe not the first priority on this small wiki. --Otets♣ 07:28, 9. Okt. 2017 (UTC)[äntweren]
Dear Otets, of course I have nothing to do with priority on the Luxembourgian wiki, but for example there are here more than 23 articles by category UNO. So, I look forward to if some new ones (like the one I proposed) will be created there. And I think 10-lines article to translate into Luxembourgian doesn't cost a lot of time/effort.
Dear 2.200.183.57, why would I spend time on your proposed article rather than on an article regarding the Ukrainian "Right Sector - Prawi Sektor" explaining how they kidnap and torture in Donbass? I mean, there are so many articles which we may still write, hence accepting translation requests which are politically motivated are not really on my agenda. --Otets ♣ 11:01, 20. Nov. 2017 (UTC)[äntweren]
Dear Otets ... about an article explaining how the Ukrainian "Right Sector - Prawi Sektor" allegedly kidnaps and tortures in Donbass: I am very sorry, but it seems like you are completely infected by russian/kremlin propaganda on this issue ... there were/are no cases about kidnapping and torturing Donbass civilians executed by "Right Sector - Prawi Sektor". Instead there are many proven cases whereby Donbass civilians were/are kidnapped and tortured by russian armee and pro-russian terrorists from DPR/LPR, see article about Izolyatsia prison in Donezk. -- 24. Okt. 2021‎
Dear 188.108.108.7, the kidnapping and torturing reproach against the Ukrainian Pravy Sektor comes from Amnesty International (source). That says long about who is here "infected". --Otets ♣ 12:17, 30. Okt. 2021 (UTC)[äntweren]

Salut, ech hat dir virun e puer Deeg eng Mail gemaach. --Les Meloures (Diskussioun) 08:15, 23. Okt. 2017 (UTC)[äntweren]

An ech hunn der lo grad virun e puer Minutte geäntwert (ok, no dengem Message hei driwwer) ;) --Otets ♣ 09:37, 23. Okt. 2017 (UTC)[äntweren]

Infobox-Léisung[Quelltext änneren]

Hei eppes wat der hëllefe kéint:

{{#ifeq:Catherine Fabienne Dorléac|Catherine Deneuve||Catherine Fabienne Dorléac}}

Ech weess lo net op wéi e Probleem s de uspills. Déi dote Syntax kennen ech, ech hu se z.B. beim label41 vun der Infobox Biographie agesat. Wou kéint déi nach hëllefe mengs de? --Otets ♣ 09:46, 27. Okt. 2017 (UTC)[äntweren]

Ass elo méi opfälleg gemaach:) --Soued031
Ech kennen zwar just souvill vun deene Schabloune wéi eis Kaz (mer hu keng), awer et ass just de label41 deen e Problem mécht.
D'Schabloun:Infobox Biographie rifft Schabloun:Infobox mat méi wéi engem Wäert fir de Parameter "label41" op. --Les Meloures (Diskussioun) 10:41, 27. Okt. 2017 (UTC)[äntweren]
Stëmmt. Dat ass awer beim Gebrauch vun der Schabloun:Infobox Biographie kee Problem, well do keng Feelermeldung kënnt mee just dee leschte Wäert vum Parameter "Aktivitéit" kontrolléiert gëtt. Ech giff am léifsten (i) keng Feelermeldung hunn, (ii) net just dee leschte Wäert kontrolléiere mee se all, an (iii) sollt et fonctionnéiere mee dat mécht et leider just beim Michelle Alves a beim Ljudmila Wladimirowna Radtschenko, awer z.B. net beim Sky du Mont. De Sënn sollt sinn: Wann d'Aktivitéit déi vun engem Model, Schauspiller oder Filmschauspiller ass, da soll d'Oefoarf ugewise ginn. Also sou:
{{#ifeq:Aktivitéit|Model|Oefoarf|}}
--Otets ♣ 11:10, 28. Okt. 2017 (UTC)[äntweren]
Allgemeng hunn ech den Androck, datt souguer wann d'Syntax richteg ass, trotzdeem heiansdo d'Wäerter vu Wikidata net importéiert ginn. Beim label60 fonctionnéiert d'Uweise vun de Parameter P580 a P582 souguer keng eenzeg Kéier souwäit ech weess. --Otets ♣ 11:33, 28. Okt. 2017 (UTC)[äntweren]
Aktivitéiten: Nee du kontrolléiers falsch mä du kontrolléiers mat dat richtegt. D'Aktivitéite sinn eng Lëscht wou dran eng Unzuel un Text/Zeecheketten (String (en)) sinn.Den ifeq ka just 2 Zeechekette comparéieren e gëtt also net mat enger Lëscht eens. Dat heescht du muss e Schlapp programméieren an d'Lëscht een nom aneren opmaachen an all Kéier kontrolléiere mam ifeq. Problem: de "Wiki-Skript" (keng Anung wéi et heescht) schéngt keng Schläpp ze kennen awer Lua schonn. Et muss een also e Lua Skript schreiwen deen eng Aktivitéitslëscht als Parameter kritt. De Skript kuckt no ob ee vun den PXXX dran ass wa jo da gëtt en en "true" zréck. Da kanns du an der Schabloun en "ifeq" benotze fir ze kontrolléieren ob en true ass wa jo gräifs du dann op d'Aefaarf/Héicht/asw.
Ufanksdatum, Schlussdatum, asw...: Jo déi sinn net einfach ze fänken ech krut dat hi beim SITCK seng Infobox Moundkrater. Wann et nach ëmmer net geet da mengen ech misst ee mat der "neier" Wikidata-Schabloun spillen (gëtt beim Gebuertsnumm benotzt) déi schéngt méi prezis Saachen z'erméiglechen ass awer méi schwéier ze benotzen.
Feelermeldung: Déi ass einfach ze léisen dat heescht einfach datt s du en labeln/datan (n steet fir iergendeng Zuel) 2-mol benotzt hues. Du muss also ee vun de Labelen/Daten eng aner Zuel ginn an de Problem ass geléist.
Iwwerschreiwung vu lokalen Donnéeë mat Wikidata: Déi sinn de Base net gutt... Du muss dat sou gesinn wann ee googelt ginn déi Donnéeën déi op Wikidata sinn op der viischter Säit vun de Sichmaschinnen ugewisen oder vun engem Sproochassistent gelies. Du solls dat also op e strikte Minimum reduzéieren: d. h. just Biller erlaben iwwerschriwwen ze ginn.
Och lokal erlaben ass schlecht: Et soll een och d'Leit "zwéngen" op Wikidata z'änneren amplaz hinnen et z'erlaben d'Nationalitéit asw. lokal z'ernimmen... wat bréngt et eis Donnéeë just fir eis ze behalen ;). E erlaabt eis och Feeler ze fannen.
Et wier net schlecht wann ech dech kuerz kontaktéiere kéint d'Saache si méi einfach sou z'erklären. Mäi Skype ass mäin Numm, fir d'Handysnummer muss du mer eng Mail schreiwen ;)
Ass gemaach.
--Soued031
Lua programméiere kann ech net. Gëtt et net schonn op enger anerer Wiki sou Skript, dee mer knäipe kéinten?
Ech hu fir de Bezéiungsufank a Bezéiungsenn lo deng Syntax geholl di s du beim Gebuertsnumm benotzt hues. Beim Tom Cruise z.B. geet et trotzdeem net (dee war e puer Mol bestuet, just d'Nicole Kidman gëtt ugewisen).
Beim Nationalitéit iwwerschreiwen hunn ech un de Michel Theato geduet. Fir en Editwar op Wikidat dëscht der lb-wiki an dem Rescht vun der Welt ze vermeiden. Do kéinten d'Gemidder séier hëtzeg ginn, an eng lokal Léisung kascht keng Nerven an Zäit.
--Otets ♣ 12:38, 28. Okt. 2017 (UTC)[äntweren]
Ruff mech un ;) --Soued031
Ech hat d'Mail falsch verschéckt elo ass et gemaach.

Salut,

Wat huet eng Partei an der Infobox vu Leit verluer déi net politesch engagéiert sinn??

--Les Meloures (Diskussioun) 13:38, 28. Okt. 2017 (UTC)[äntweren]

Lol wou? --Soued031

Wa mer e Skript hätten deen d'Aktivitéiten eenzel ofgräift, dat kéinte mer kontrolléiere wee Politiker ass an d'Partei just bei deem uweise loossen. Sou gëtt se awer nach bei jidderengem ugewise wou dat op Wikidata agedroen ass. De Les Meloures huet dat wuel beim Sky du Mont gesinn. --Otets ♣ 13:49, 28. Okt. 2017 (UTC)[äntweren]
Schéngt e Feeler op Wikidata ze sinn. Mol kucke wat do weider diskutéiert gëtt. --109.134.31.34 15:46, 28. Okt. 2017 (UTC)[äntweren]


Kuch mol w.e.g. op Diskussioun:Millefeuille --Les Meloures (Diskussioun) 21:35, 31. Okt. 2017 (UTC)[äntweren]

Placeholder fir Fotoen[Quelltext änneren]

Dat was du lo méchs war an der Këscht automatiséiert bis een et sabotéiert huet !! --Les Meloures (Diskussioun) 15:19, 16. Nov. 2017 (UTC)[äntweren]

Ma du hues nawell Recht. Ech erënnere mech vague, datt den Zinneke keng realistesch Kamera als Placeholder wollt, wat och effektiv net schéin do ausgesäit. Lo hunn ech dann eis Schabloun "Foto gewënscht" mat hirer gezeechenter Kamera geholl an an d'Schabloun "Infobox Geographie" agebaut. --Otets ♣ 15:39, 16. Nov. 2017 (UTC)[äntweren]
Kuck der dat do mol un. Wat hälls de dovun?
https://query.wikidata.org/#%23Luxembourgian%0ASELECT%20%3Fitem%20%3FBild%20%3FVirnumm%20%3FFamilljennumm%20%3FGebuertsdatum%20%3FStierfdatum%20WHERE%20%7B%0A%20%20%3Fitem%20wdt%3AP31%20wd%3AQ5.%0A%20%20%3Fitem%20wdt%3AP27%20wd%3AQ32.%0A%20%20OPTIONAL%20%7B%20%3Fitem%20wdt%3AP735%20%3FVirnumm.%20%7D%0A%20%20OPTIONAL%20%7B%20%3Fitem%20wdt%3AP734%20%3FFamilljennumm.%20%7D%0A%20%20OPTIONAL%20%7B%20%3Fitem%20wdt%3AP569%20%3FGebuertsdatum.%20%7D%0A%20%20OPTIONAL%20%7B%20%3Fitem%20wdt%3AP570%20%3FStierfdatum.%20%7D%0A%20%20OPTIONAL%20%7B%20%3Fitem%20wdt%3AP18%20%3FBild.%20%7D%0A%7D%0AORDER%20BY%20%3FBild

-Les Meloures (Diskussioun) 17:03, 16. Nov. 2017 (UTC)[äntweren]

Et gëtt deemno 3524 Lëtzebuerger ouni Bild op Wikidata. War et dat wat s de mer wolls soen? --Otets ♣ 19:54, 16. Nov. 2017 (UTC)[äntweren]

Infobox Biographie[Quelltext änneren]

Ech gesinn d'Këscht gefält der ;). Ech hu just ee klenge Problem wann d'Këschten iwwerall agesat ginn ouni ze kucke wat op Wikidata feelt oder nach net iwwersat ass. (Soss kéinte mer einfach e Bot rulle loossen ;)) Soss Merci fir d'Iwwersetzunge vun den Aktivitéiten PS: männlech Form gëtt et och an uewe soll bei den Aktivitéiten als éischt den "Neutrum" sinn ausser et gëtt keen (wat sou gutt wéi ëmmer de Fall ass). --Benotzer:Soued031

Ok, ech kucken dat da bei deer nächster Fournée. --Otets ♣ 20:38, 20. Nov. 2017 (UTC)[äntweren]
Ech hunn dat lo beim Jenny Warling gemat. Mee beim Les Meloures senger Kompetitiounsklass erlaabt e mer näischt ze späicheren wann ech mat "bis 55kg" geschäert kommen. Wéi kann een do Saachen aginn? --Otets ♣ 17:12, 21. Nov. 2017 (UTC)[äntweren]
Ech verstinn dech net sou ganz o.o. Et geet dach alles? --Benotzer:Soued031
Da versich emol beim Jenny Warling d'Kompetitiounsklass "bis 55kg" als nei Ausso bäizesetzen. --Otets ♣ 17:39, 21. Nov. 2017 (UTC)[äntweren]
Ah sou ech hu verstanen. Du brauchs fir d'Kompetitiounsklass eng Wiki-Säit déi ëm déi Kompetitiounsklass geet an deem Sport an dacks hunn déi en Numm. Ech hu just Judo gemaach mä ech mengen déi hunn en Numm an déi heeschen mengen ech net "bis 55 kg". Hei e Beispill: https://www.wikidata.org/wiki/Q24040 (fir Boxer). En Tipp: Fir erauszefanne wéi eppes benotzt gëtt dréck op Kompetitiounsklass an dréck op Linken op dës Säit da gesäis wou dee "QXXX" benotzt gouf oder du fënns scho Beispiller op der Säit vum "QXX" selwer. Wann déi Wikisäit op Wikidata net gëtt da kann een "Elementer" (=QXXXX) erstellen a se da nennen an da verlinken. Pass awer do mega op maach datt d'Iwwersetzung op EN/FR/DE och existéiert a verlink et mat puer Säiten a sief der sécher datt d'Iwwersetzung stëmmt. Beispill: https://www.wikidata.org/wiki/Q24852087 --Benotzer:Soued031
Jo, dat bei de Boxer hat ech gesinn. Mee wann ech bei den allgemenge Gewiichtsklassen op "Linken op dës Säit" klicken, da kënnt do net vill. Do misst ech dann effektiv nei Elementer erstellen, mee dat schéngt komplizéiert, dat halen ech mer fir eng aner Kéier, ier ech do nach alles falsch man. --Otets ♣ 18:59, 21. Nov. 2017 (UTC)[äntweren]
Wann alles an der Infobox soll richteg ugewise ginn, da muss een op Wikidata och kucken op alles eng lëtzebuergesch Etiquett huet, soss klappt dat net. --Les Meloures (Diskussioun) 19:00, 24. Nov. 2017 (UTC)[äntweren]
Jo, dat hunn ech scho gemierkt. Wa mer opfält datt keng Gebuertsplaz ugewise gëtt, da ginn ech se op Wikidata iwwersetzen. --Otets ♣ 19:22, 24. Nov. 2017 (UTC)[äntweren]
Ok mä dat gëllt och fir déi aner Etiketten, net nëmme fir Gebuertsplaz. --Les Meloures (Diskussioun) 07:55, 25. Nov. 2017 (UTC)[äntweren]
Lo hues de vu mär souguer eng Foto vum Fausti fir Wikidata kritt, gesäis de mol. --Otets ♣ 14:40, 25. Nov. 2017 (UTC)[äntweren]
Villmools merci awer dann. Mä besser wier nach wa s'an engem valble Verhältnes gekroppt wier. --Les Meloures (Diskussioun) 15:32, 25. Nov. 2017 (UTC)[äntweren]
Vu datt en net eleng op der Foto war, ass et besser net méiglech gewiescht. --Otets ♣ 13:26, 26. Nov. 2017 (UTC)[äntweren]

Share your experience and feedback as a Wikimedian in this global survey[Quelltext änneren]

WMF Surveys, 18:40, 29. Mäe. 2018 (UTC)[äntweren]

Reminder: Share your feedback in this Wikimedia survey[Quelltext änneren]

WMF Surveys, 01:39, 13. Abr. 2018 (UTC)[äntweren]

Your feedback matters: Final reminder to take the global Wikimedia survey[Quelltext änneren]

WMF Surveys, 00:48, 20. Abr. 2018 (UTC)[äntweren]

Et wier flott wann s de dech kéins decidéire fir Standardlëtzebuergesch amplaz Minetter ze schreiwen. No 15 Joer Wikipedia misst dat dach bal méiglech sinn. --Les Meloures (Diskussioun) 18:52, 3. Sep. 2020 (UTC)[äntweren]

Déi allermeescht Saache sinn net express, ech kennen zwar bal all Koinè-Particularitéiten (ausser "zwéin", dat ass eng grammatesch Saach di mär net kennen), mee wann ech net oppasse wéi e Spëtzbouf dann entwutscht engem awer nach e Wuert. An den Diskussiounen (sou wéi op dëser Plaz), wou ech net un de Koinè gebonne sinn, do schreiwen ech natierlech mäin Dialekt. An da muss ech zouginn, datt et eng drëtt Kategorie gëtt, Artikelen iwwer Themen aus dem Süden, wou ech Wierder déi mer entwutscht sinn an déi mer herno awer nach opgefall sinn trotzdeem net verbessert hu well et sou immens gräisslech kléngt am Koinè - an deer Kategorie kann ech mech effektiv "besseren" andeems ech déi Wierder dann trotzdeem an de Koinè ännere ginn. --Otets ♣ 19:25, 3. Sep. 2020 (UTC)[äntweren]
Resalut, wa mer eng Wikipedia a Lëtzebuerger Sprooch hunn, da soll iwwerall, an net nëmmen an den Artikelen korrekt geschriwwe ginn. Eng propper Sprooch soll onst Aushänkschëld op der ganzer Wiki sinn. Et ass jo och onst Zil datt méi a bessert Lëtzebuergesch geschriwwen a geschwat a gelies soll ginn. Dat schlecht Lëtzebuergesch egal wou op der Wiki fällt natierlech iwwerall bei Nosichen am Internet op an d'Wikipedia soll do wierklech mam gudde Beispill virgoen a sou vill wéi méiglech feelerfräi sinn.
Ps: Et ass trotzdeem flott datt s de nees e bësselchen aktiv bass. --Les Meloures (Diskussioun) 19:36, 3. Sep. 2020 (UTC)[äntweren]
Korrekt, propper, besser... Dat si sécher Wierder, déi ee fir d'Artikele gebrauche kann a muss. Et ass evident datt mer eis op een Dialekt eenege musse wa mer e gemeinsame Projet upaken. De Choix wéi een dat soll si gouf an der éischter Hallschent vum 20. Joerhonnert gemat, wu ouni prezis Critèren opzestelle gesot gouf, den Dialekt aus dem Uelzechtdall tëscht Dummeldeng a Miersch wier eis Koinè, an dat huet sech och fir offiziell Schrëftsaachen op Landesniveau weiderhi sou gehalen. Well d'Bier praktesch scho geschielt war, gouf zu mengem Verdross mee aus wuel gudde Grënn fir eis Wikisartikelen och de Koinè geholl. Un deen ass sech als eenzegen ze hale well soss giff an engem Artikel matzen am Saz vun engem op deen aneren Dialekt gespronge ginn an et wier fir kee méi e flëssege Liesfloss garantéiert. Et ass evident. D'Diskussiounssäiten dogéint gehéiere stricto sensu net zur Enzyklopedie, wann een d'Wiki als Buch mat ville Bänn giff erausginn da giff een d'Diskussiounssäiten net mat erausdrécken. Si si wichteg fir datt d'Benotzer Aspekter vun den Artikelen ënnert sech diskutéiere kënnen, mee dat war et dann och: d'Wikipedianer schreiwen ënnnert sech. An ënnert eis kënne mer jo wuel sou schwätzen a schreiwe wéi eis de Mond gewues ass. En Norddäitschen huet vläit Problemer e Bayer ze verstoen, mee wann net grad een aus dem Eisléck wëlles huet ze weisen datt en d'Lëtt verkuebele kann dann dierft et bäi eis net zu Problemer bäim Versteestemech kommen. Et kann och keng Dialektännerunge matzen am Saz gi well keen deem anere seng Sätz verännere geet - dat wat gesot gouf gouf sou gesot wéi et erauskoum an alles aneschters wier Zitatverfälschung. Beim Diskutéieren ass anescht wéi bäi den Artikelen all Dialekt nees gläichberechtegt, d'Sproochegesetz vun 1984 imposéiert keen Houlëtzebuergesch, d'Reglement vun 1999 weist drop hin datt et Schreifweisregele sinn déi fir all Dialekt ze gebrauche sinn, an och den CPL huet net als Missioun fir de Lëtt en Houlëtzebuergesch z'imposéiere mee fir sech ëm d'Schreifweis ze këmmeren. Natierlech kann eng Diskussiounssäit och vun enger Sichmaschi fonnt ginn, an natierlech soll dowéinst och op den Diskussiounssäite feelerfräi geschriwwe ginn. Mee en Dialekt ass kee Feeler, eng falsch Schreifweis vum Dialekt wier e Feeler. Zum Schluss kommen ech o net derlaanscht, fir eis eege Wiki ze zitéieren: "En Iertum wier et awer elo, ze mengen, et däerft een also nëmme méi an der Koinè schreiwen; de Contraire ass richteg, well dem Robert Bruch seng Orthographie erlaabt et, an all eisen Ënnermondaarten ze schreiwen; d'Koinè ass eenzeg an eleng do, fir Leit déi, sief et als Schrëftsteller oder och als Verfaasser vun offiziellen Texter, eng allgemeng Sprooch brauchen a fir d'Sprooch no baussen ze stabiliséieren. Sou herrlech Ënnermondaarte wéi déi vun Iechternach, Veianen, Klierf oder Réimech opzeginn, wier eng Veraarmung vun eiser Sprooch." --Otets ♣ 21:43, 3. Sep. 2020 (UTC)[äntweren]
Du wëlls einfach net bekäppen datt d'Wikipedia eng Enzyklopedie ass, bei där an alle Beräicher déi korrekt Lëtzebuerger Schreifweis soll gebraucht ginn. Soll all déi Aarbecht déi bis lo an deem Sënn gemaach gouf, hifälleg sinn. An am Contraire zu denger Opfaassung, soll et just dem Schrëftsteller erlaabt sinn e Personnage an engem Dialekt schwätzen ze loossen wann dat fir seng Geschicht wichteg ass. Mä wann s de mengs du wiers méi glécklech wann s de Goart, Poart, Moon, Fro, Pied, Moart, lung, ... etc kanns schreiwen da wëll ech dengem grousse Gléck net am Wee stoen. --Les Meloures (Diskussioun) 22:00, 3. Sep. 2020 (UTC)[äntweren]
Ech gebrauche jo déi korrekt Lëtzebuerger Schreifweis a mengem Dialekt an den Diskussiounen. Mär schwätze wuel laanschtenee well fir dech e richteg geschriwwent Dialektwuert e falsch geschriwwent Houlëtzebuergeschwuert ass. Mee vu datt et keen Houlëtzebuergesch gëtt, ass e richtegt geschriwwent Dialektwuert grad sou richteg geschriwwe wéi e richteg geschriwwent Koinèwuert, well Koinè och just en Dialekt ass, wann och deen hautdesdaags am meeschte gebrauchten an deen eenzeg gebrauchten an eisen Artikelen. Du kanns mer awer gär erkläre wéi eng Oarbecht duerch net-Koinè-Dialekter op Diskussiounssäiten de Sënn verléiere giff, well dat hunn ech net begraff. D'Wuert Mon hei driwwer ass awer falsch geschriwwen, ech hat mat engem un der Uni rieds dee mer gesot huet d'Reglement vun 1999 hätt dofir keng richteg Schreifweis an ech kéint dowéinst meng eegen erfannen, mee wi ech haut beim CPL gesinn hunn datt den "o" vu Mon eigentlech genee deeselwechten ass wéi am Wuert Loft, do mengen ech datt ech mat der Verwiesselungsgefor am Saz "de Mon ësst Mon" einfach liewe muss. Aus Virwëtz wollt ech nach froe wat s de mat Pied gemengt hues, ass dat d'Méizuel vu Pad oder hunn ech en Dialektwuert bäizeléieren (nodeems datt ech gëscht en alen Dialekttext fonnt hu weess ech datt ech eigentlech richteg schappeg schwätzen)? --Otets ♣ 22:45, 3. Sep. 2020 (UTC)[äntweren]
Majo de Problem vun den Dialekter ass eben datt se net gläichméisseg d'selwecht optrieden. Sou gëtt z. B. Pied op verschiddene Plazen am Minett an och zu Iechternach fir Päerd gesot. D'Päerd huet och keng Méizuel et gëtt awer op op verschiddene Plaze Päerder oder souguer Päerderen gesot. Wat de Mon (fir Mann) ugeet sou ass dat och net iwwerall d'selwecht. Am Kënzeger an Areler Streech héiert et sech éischter wéi Maun un. Zu Bierkerech ass eng Maus an en Haus, eng Mos an en Hos, den Hues ass en Hös etc. Hues de iwwerhaapt (am Éislek soe se: hass de) déi nei Schreifreegele matkritt. Wann net da schreif dem Sproochenzenter da kriss de se geschéckt.
Awer Dialekt hin oder hier ass keng Basis fir eng Diskussioun iwwer korrekt Schreifweis am Kontext vun enger Enzyklopedie. Do sollte besonnesch Adminne sech drun halen, wa se sech fir zwéi Su als sollech wëlle betruecht gesinn. --Les Meloures (Diskussioun) 09:05, 4. Sep. 2020 (UTC)[äntweren]


Salut:
Ech hu gesinn du hues eng Interventioun op Copmmons gemaach wéinst dem Ëmbenenne vunde Fichieren. Hues du nach ëmmer net bekäppt datt d'Lëtzebuergesch Sprooch egal wou se op der Wiki gebraucht gëtt soll eng eenheetlech Schreifweis hunn. Den Edson an ech ware vun der Lb: Wikigemeinschaft domat beoptraagt ginn all d'Feeler sou gutt wéi méiglech an de Projeten ze verbesseren (eng Aarbecht déi mer lo iwwer dräi Joer maachen). Dat ass och gutt gelaf bis du lo wéinst dengem Minettsdialekt en Hoer an der Zopp fënns. Et geet net aleng duer datt een e puer Joer net matspillt an näischt matkritt, fir dann alles op d'Kopp dréinen ze goen a par force säin Dialekt wëllen duerchsetzen. Mir sinn an enger Enzyklopedie a Lëtzebuerger Sprooch a wann de net wëlls vestoen wat mat der korrekter Schreifweis alles zesummenhänkt dann as et besser du méchs näischt méi. Hal déch wgl. do drun a so dem Benotzer op Commons wgl. datt e soll weiderfuere mat ëmbenennen soss froen ech hei um Staminet eng Decisioun wéi et soll mat der Sprooch weidergoen. Mir geet dat Gedialekts lo duer. Schwätz a schreif mat denge Kollege wéi s de wëll, awer vergiess däin Dialekt hei op der wiki an och an den anere Wikiprojeten. En plus sinn an deenen Ëmbenennungen déi ech proposéiert hunn och nach aner Feeler dran déi anengems solle verbessert ginn wat lo dann net gemaach gouf. --Les Meloures (Diskussioun) 12:48, 12. Sep. 2020 (UTC)[äntweren]
Géif et op Commons beim Rename-Tag eng Diskussiounssäit ginn, dann hätt ech do diskutéiert, mee déi gëtt et entweder net oder si ass gutt verstoppt. De Sujet ass net sou einfach wéi s du en duerstells, d'Lëtzebuergescht ass zwar duerch d'Gesetz vun 1984 kloer als Sprooch genannt, mee vu datt et keen Houlëtzebuergesch gëtt ass net definéiert wat da lo déi Sprooch ass. U sech sinn all d'Dialekter gläichberechtegt, kee vun hinne ka vu sech behaapten eleng d'Sprooch duerzestellen. Ech huelen elo e bësse méi wäit aus, d'Kommissioun déi den Dictionnaire vun 1906 geschafen huet, déi wollt u sech en Dictionnaire vun alle lëtzebuergeschen Dialekter man, mee well dat aus verschiddene Grënn net ze bewältege war hu sech op ee vun deenen Dialekter beschränkt, offiziell deen aus dem Uelzechtdall mee d'Uelzecht geet duerch sou vill Dialektregiounen, sou datt mat Ulzechtdall eigentlech de Streech tëscht Dummeldeng a Miersch gemengt ass (wat de Robert Bruch bestätegt huet, op d'mannst fir seng eegen Oarbecht). Ouni e spezielle Grond unzegi firwat den an deem Streech geschwatenen Dialekt sech am beschten eegent gouf deen dann als Koinè duergestallt. Een hat e jo musse sinn, a firwat net deen, dat ass alles och sou an der Rei (well et eben net Staadter ass). Domat ass déi offiziell Geschicht vun der Koinè awer och schonn um Enn. Praktesch gesi gouf et natierlech e Fortgank, op RTL Televisioun, rtl.lu a gréisstendeels RTL 92,5 hu se d'Koinè gewielt, wann eis Regierung iwwerhaapt op Lëtzebuergesch schreift dann ass et an der Koinè, a vu datt mer op der Wiki fir e Projet wu jiddereen dru matschafft een Dialekt hu misse wiele gouf et och hei d'Koinè. Offiziell ass awer wi gesot ni eppes geschitt, et gëtt kee Reglement, kee Gesetz an och keng Autoritéit déi jee gesot hätt d'Koinè wier elo d'Houlëtzebuergescht. Domat ass a bleift offiziell all Dialekt ëmmer nach gläichberechtegt, eng Standardsprooch gëtt et offiziell net. Eng verbindlech Schreifweis gëtt et dogéint schonn, an zwar zënter 1975, wou et en Arrêté ministériel gouf, an 1999 mam Reglement. Elo sinn déi abrogéiert an e Gesetz gëtt der CPLL d'Autoritéit fir d'Schreifweis verbindlech fir all Mënsch festzeleeën. Wuelgemierkt, d'Schreifweis. D'CPLL huet ni d'Autoritéit kritt en Houlëtzebuergescht ze bestëmmen, dee Pouvoir huet se net an dat moosst se sech sou wäit ech weess o net un. D'CPLL leet just Schreifweisregele fest, a vu klengen Ausnamen ofgesinn (déi een um Internet noliese ka well ech hat der Uni eng Fro dozou gestallt) kënnen déi Schreifweisregelen och 1:1 fir all d'Dialekter vum Lëtzebuergesche gebraucht ginn. Natierlech gëtt d'CPLL hir Beispiller an der Koinè, mee dat heescht weder datt just d'Koinè déi Schreifweisregele gebrauchen dierft a misst, nach heescht et datt just d'Koinè geschriwwen a geschwat dierft ginn. An engem Wuert: d'Schreifweisregele vun der CPLL gëlle fir all d'Dialekter. Ween Escher schreift a "Kaart" op de Pabeier bréngt, deen huet kloer e Schreifweisfeeler gemat, dee muss verbessert ginn. Grad wéi e Stadter dee "Koart" schreift, deen huet och e Schreifweisfeeler gemat. Op een elo "Kaart" oder "Koart" muss schreiwen hängt also dervun of, a wéi engem Dialekt ee schreift. An dat bréngt eis zum Punkt: wéi en Dialekt schreift ee wou? Op der Wiki kloer d'Koinè, d.h. ween an engem Artikel "Koart" schreift, deen huet dat zwar fir den Escher Dialekt richteg geschriwwe mee net fir d'Koinè a vu datt e soll am Artikel Koinè schreiwe kann ee souwuel soen en hätt sech am Dialekt vergraff wéi een och soe kéint en hätt sech an der Schreifweis vergraff (och wann d'Genes wuel just déi éischt Variant ka sinn, mee egal). Vu datt all déi Grënn, déi eis dozou gefouert hu fir d'Artikele just een Dialekt an zwar d'Koinè zouzeloossen (an engem Projet wu jiddereen alles ännere ka giff et onlieserlech gi wa matzen am Saz den Dialekt wiessele géif, verschidden Dialekter wieren net verständlech fir all d'Lieser un déi d'Wiki sech rit, an et giff fir en offiziellt Wierk en plus net grad seriö ausgesinn), net op Diskussiounen zoutreffen (et editéiert keen deem anere seng Sätz, e Message rit sech net un d'Allgemengheet mee just un eng eenzeg Persoun oder e ganz limitéierte Grupp vu Leit, d'Diskussioune sinn net Deel vun der Enzyklopedie well bäi enger gedréckter Versioun wiere se net mat derbäi), gëtt et och kee Grond bäi Diskussiounen d'Koinè ze fuerderen. Elo wat Fichiersnimm op Commons ugeet. Fir unzefänken, ech mengen net datt iwwer e ganzt Joer gekuckt net mol eng Dosë Leit meng Fichiersnimm liesen, déi kucken d'Bild a liesen alt och emol d'Bildbeschreiwung op Commons wann et héich kënnt, mee dat war et, mer diskutéieren hei e Sujet deen deene mannsten iwwerhaapt jee opfale wäert. Zum Sujet selwer, Commons erlaabt all Sproochen an all UTF-8 Alphabeter. Wann ech enger Flouerkoart e Fichiersnumm op Kisuaheli giff ginn, mat armenesche Buschtawe geschriwwen, da wier dat zwar geckeg mee u sech eendeiteg op Commons erlaabt. Wann der dat léiwer wier... Mee zréck zu eise Schof wéi de Fransous seet: wat ass fir Commons eng Sprooch? Déi erlaben Alemannesch, wat weder linguistesch nach per Gesetz eng Sprooch ass, mee just en Dialekt, also faasst Commons scho vu sech aus de Begrëff Sprooch relativ wäit. Och wann et an der Praxis Tendenzen zur Vereenheetlechung gëtt, eis Sprooch ass offiziell ëmmer nach just d'Gesamtheet vu sengen Dialekter, keen Dialekt steet per Gesetz iwwer deem aneren. Op Commons also vu Schreifweisfeeler ze schwätzen ass laanscht d'Thema. D'Thema ass, wéi en Dialekt fir Commonsfichiere gebraucht däerf ginn: se all, oder just een an an deem Fall wier et d'Koinè. Kucke mer dofir nees no de Grënn déi eis op der Wiki zum Koinè bruet hunn: et editéiert keen deem anere seng Fichiersnimm well dat just speziell Leit op Commons däerfe man, u wee sech e Fichiersnumm rit doriwwer kann een diskutéiere well op Commons ka kaum ee Lëtzebuergesch a wee Lëtzebuergesch kann dee kuckt seelen de Fichiersnumm, an op méi wéi een Dialekt an de Fichiersnimm seriö ass dat rit sech och dru ween déi Fichiersnimm liest sou datt dat op de virëgte Punkt nees erausleeft. Mer kënnen doriwwer schwätze wann ech dech haut uruffen. --Otets ♣ 14:50, 12. Sep. 2020 (UTC)[äntweren]


Du has proposéiert fir mech unzeruffen. Firwat méchs de dat net?
All däin Affekotegeschreifs kanns de op denger Aarbecht maachen. Hei sollen d'Decisioune vun der lb:Wikigemeinschaft repektéiert ginn. Et schwätz kee méi vu Koiné hei, hei geet et nach just ëm aktuell korrekt Schreifweisen déi diskussiounslos z'akzeptéiere sin (bis op e puer Ausnamen déi och ënner de Leit déi hei am grousse Stil verbessert hunn diskutéiert goufen an ënner anerem och dem Sproochekommitee regelméisseg matgedeelt ginn).
Wann s de eppes un der Schreifweis wëlls änneren da maach dat an de Gremien déi dofir zoustänneg sinn, an net hei. Hei sinn déi Diskussiounen zanter Joren ofgeschloss. Du verstees net oder wëlls einfach net verstoen ëm wat et geet. Dat deet mer leed fir dech, well ech hat dech fir méi clever gehalen.
Et geet och guer net drëms wat op Commons erlaabt ass oder net. Et geet drëms datt Fichieren déi a Lëtzebuergescher Sprooch verfaasst goufen eng korrekt harmoniséiert Schreifweis kreien. Wat der Däiwel stéiert dech do drun. Mengs de Fichier wier duerno net deeselwechten oder wat? --Les Meloures (Diskussioun) 15:06, 12. Sep. 2020 (UTC)[äntweren]

Koart Minettsbaseng.jpg[Quelltext änneren]

Entschuldige das ich nicht auf Letzeburgisch schreibe, aber würde es möglich sein die Karte auf Niederländisch zu übersetzen? Flüsse: Moezel, Maas; Städte: Nancy, Thionville, Rumelange, Differdange, Esch-sur-Alzette usw. Eine alternative könte nur die Minettebeckenpolygonen als svgkarte sein. Hans Erren (Diskussioun) 13:26, 13. Sep. 2020 (UTC)[äntweren]

Wurde gemacht, ist jetzt auf Commons. --Otets ♣ 16:54, 13. Sep. 2020 (UTC)[äntweren]

Vielen Dank! Hans Erren (Diskussioun) 17:51, 13. Sep. 2020 (UTC)[äntweren]

Läsche vu Säiten[Quelltext änneren]

Moien
Zanter wéini ginn Diskusiounssäiten einfach sou geläscht? --87.65.83.203 12:48, 7. Okt. 2020 (UTC)[äntweren]

Ech weess, dat sollte se wuel net. Mee wann op enger Diskussiounssäit just op Schreiffeeler higewise gëtt, aplaz se selwer ze verbesseren, dann denke ech mer datt déi Plaz besser fräigehale gëtt fir déi wichteg Diskussiounen zum Contenu an den Aussoen am Artikel selwer, well do kéint een effektiv diskutéieren a weidersiche wann ee Sourcen an Zäit hätt. --Otets ♣ 13:09, 7. Okt. 2020 (UTC)[äntweren]

Dat huet dach näischt mam Prinzip ze dinn, a wann da just eng Vegaangenheetsform verbessert gëtt an dann de Saz nach méi grujelech ausgesäit ass och kengem gehollef. --87.65.83.203 13:24, 7. Okt. 2020 (UTC)[äntweren]

Da verbesser de Saz sou wéi s de mengs am Artikel selwer. A wann s de onbedingt drop häls datt eng Diskussiounssäit op éiweg ongeheier wichteg Schreiffeeler an enger aler Versioun vum Artikel festhält, da log dech an an huel se zréck, dat mécht menger Meenung zwar éischtrer schlecht wéi gutt, mee ech wëll doriwwer net streiden. --Otets ♣ 13:32, 7. Okt. 2020 (UTC)[äntweren]

Et ass eifach datt de Saz sou kee Sënn mécht, liicht dat der net an, an ech wees och net wats de genee wolls soen soss géif ech et verbesseren. --87.65.83.203 13:41, 7. Okt. 2020 (UTC)[äntweren]
PS och wann ech ee Benotzernumm hätt kéint ech déi Säit net zréckhuelen, dat kann nëmmen een Admin sou wäit wéi ech weess. --87.65.83.203 13:41, 7. Okt. 2020 (UTC)[äntweren]

Ah, ech duet du wiers en Admin dee sech just net ageloggt hätt. Ech hunn de Saz lo nach eng Kéier geännert. Lo gutt? --Otets ♣ 14:20, 7. Okt. 2020 (UTC)[äntweren]

Moien, et wier gutt, du giffs d'Quellen als Referenz mat Foussnout uginn, net just iergendwéis am Commentairesfeld. Merci, --Zinneke (Diskussioun) 20:07, 8. Okt. 2020 (UTC)[äntweren]

Am neie Joer[Quelltext änneren]

Al Guddes gewënscht awer fir wat muss ee bei véierzeg etc op d'Eifeler Regel oppassen? --Les Meloures (Diskussioun) 17:35, 3. Jan. 2021 (UTC)[äntweren]

Ech hat dat vun 2006 eriwwergeholl, do hu se drop higewisen, well bäi 41, 42, etc. den "n" viru véierzeg ewechfält. Mee u sech ass et evident, du kanns deen Hiwäis och nees ewechhuelen. --Otets ♣ 01:38, 20. Aug. 2021 (UTC)[äntweren]

Translation request[Quelltext änneren]

Hello.

Can you translate and upload the article en:Azerbaijanis in Luxembourgish Wikipedia? It certainly does not need to be long and detailed.

Yours sincerely, Multituberculata (Diskussioun) 16:45, 31. Okt. 2021 (UTC)[äntweren]

Hi. I could but I won't, at least not in a new future, notably because I do not effect external tasks but just my own, and I have currently other priorities. --Otets ♣ 17:37, 16. Dez. 2021 (UTC)[äntweren]

How we will see unregistered users[Quelltext änneren]

Hallo!

Du erhältst diese Nachricht, da du Administrator in einem Wikimedia-Wiki bist.

Wenn heute jemand unangemeldet eine Bearbeitung in einem Wikimedia-Wiki vornimmt, zeigen wir dessen IP-Adresse an. Wie viele von euch bereits wissen, werden wir dies in der Zukunft nicht mehr tun können. Dies ist eine Entscheidung der Rechtsabteilung der Wikimedia Foundation aufgrund der Änderung von Normen und Vorschriften zum Datenschutz im Internet.

Statt der IP-Adresse zeigen wir eine maskierte Identität. Als Admin wirst du weiterhin auf die IP zugreifen können. Es wird auch neue Benutzerrechte für diejenigen geben, die die vollständigen IPs von unangemeldeten Benutzern sehen müssen, um Vandalismus, Belästigung und Spam bekämpfen zu können ohne Admin zu sein. Kontrollierer werden ebenfalls Teile der IP sehen können, auch ohne dieses Benutzerrecht. Wir arbeiten auch an besseren Werkzeugen zur Unterstützung.

Wenn du die Seite noch nicht gesehen hast, kannst du auf Meta mehr lesen. Wenn du sicherstellen möchtest, keine technischen Änderungen in den Wikimedia-Wikis zu verpassen, kannst du den wöchentlichen technischen Newsletter abonnieren.

Wir haben zwei Möglichkeiten vorgeschlagen, wie diese Identität funktionieren kann. Wir würden uns über deine Rückmeldung freuen, welche Möglichkeit für dich und dein Wiki am besten funktionieren würde, jetzt und in der Zukunft. Du kannst es uns auf der Diskussionsseite wissen lassen. Du kannst in deiner Sprache schreiben. Die Vorschläge wurden im Oktober veröffentlicht und wir werden nach dem 17. Januar entscheiden.

Danke. /Johan (WMF)

18:17, 4. Jan. 2022 (UTC)

Wikiiessen 2022[Quelltext änneren]

Léiwe Wikikolleeg,

Ech invitéieren dech e Samschden, den 29. 1. 2022 op eist Wikiiessen mat uschléissender Generalversammlung vu Wikimedia Lëtzebuerg. Weider Detailer stinn um Staminee. Ech géif mech freeën. --Sultan Edijingo (Diskussioun) 15:19, 22. Jan. 2022 (UTC)[äntweren]