Benotzer Diskussioun:Zinneke

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Schreift Är Messagë wgl. *ënnen* derbäi.


Salut,

Hei hannendrun emol d'Koordinate vun de Plazen op déi ech schlecht kommen.

Et ass awer guer näischt wat presséiert. --Les Meloures (Diskussioun) 18:25, 6. Jun. 2012 (UTC)[äntweren]


Joël Baschera, Mulles Dëppekapp[Quelltext änneren]

Moiën, ët deet mir leed mech nët un den Oflaf ze halen, mä ech sin nei hei a fannen nët wou ech Iech kann op Är Froën äntweren.

Ech bezéihe mech op den Artikel iwwer den Auteur Joël Baschera (Künstlernumm Mulles Dëppekapp). Ët gouf gefrot, wou a wéi hie séng Wierker veröffentlecht. De Joël Baschera bréngt séng Gedichter, vertounte Gedichter an Artikelen (meeschtens ennert séngem Künstlernumm Mulles Dëppekapp) zanter 2007 op sénger Säit "http://www.mulles.lu" eraus. Oft gin se da vu do weider verbreet als Artikel. Op der Säit gëtt och méi dozou opgelëscht. Zanter 2015 ass dës Säit verlinkt mam Grupp Spack-O-Mat, well hien séng Lidder mat sénger Grupp ënnert deem Numm erausbréngt an zur Zäit vill Succès domat huet. Et ass awer wichteg, dass een den Artist Mulles Dëppekapp a Spack-O-Mat nët an een Dëppe gehäit, well hien paralell dozou mat aanere Künstler an Club'ën schafft wéi zb. Pit Winandy "Cyber Piper", Sylvia Nels oder d'Chorale Municipale vu Schëffléng (déi iwwregens lo och Lidder aus séngem Repertoire an hire Programm opgeholl hun)

Am Autorelexikon ass hien nët vertrueden an och soss wéineg präsent, wat wierklech schued ass, ma awer dorop zeréckzeféieren ass, dass hien ganz sielen an de grousse Medien ze fannen ass. Et ass awer nët esou wéi wann hien onbekannt a séngem Milieu wier.

Ech perséinlech sin och e klenge Cousin vum J. Baschera a verfollegen séng Saache scho laang. Dofir hun ech och décidéiert, dës Säit ze erstellen. --Joel8225698 (Diskussioun) 15:42, 11. Dez. 2015 (UTC)[äntweren]




Nidderlanden[Quelltext änneren]

An der Diskussioun:Vereenegt Kinnekräich vun den Nidderlanden behaapt een Dir hätt Feeler am Artikel geschtriwwen. --109.132.75.99 20:01, 5. Jun. 2018 (UTC)[äntweren]

Léiwen Här Zinneke,

Är Interventioune si generell moderéiert a gutt oder richteg, an dofir wennen ech mech un Iech. Mee verschidde Leit ënner de lb.Wikipedianer behuelen sech systematesch donieft. Net nëmmen, datt se net waarden, ier se engem d'Aarbecht versch..., mee och am Toun (besserwisseresch, agressiv, domm...). De Les Meloures ass bei ville Leit schonn negativ opgefall. An dann de "klenge Jean-Jacques", deen net allzevill Ahnung huet, vun deem wou en dru geet. Beispill: d'Säit "Vereenegt Kinnekräich vun den Nidderlanden". Do ass ongeféier alles falsch, wat nëmme falsch ka sinn! A wann ech verbessere ginn, da gëtt alles nees op den ale falsche Stand bruecht. Sou eng Wikipedia brauche mer net! Ech hoffen, Dir kënnt verschidde vun Äre Kollege calméieren. Merci am Viraus! Bescht Gréiss, Chris (= fräie Mataarbechter vun enger fräier Enzyklopedie).

@Chris: Moien, vill Konflikter entstinn aus Mëssverständnesser, dem Ignoréieren oder Net-Kenne vu Regelen oder Konventiounen, an heiansdo duerch en net-ugepassten Tounfall. Se kënne verhënnert ginn, andeems ee sech méiglechst kloer ausdréckt; probéiert, sech un d'Konventiounen/Reegelen ze halen, oder sech beméit,se gewuer ze ginn; an den Toufall op engem normale Konversatiounsniveau hält.

Wat d'"Direkt änneren" betrëfft, sou ass dat kee schlechte Wëlle vu Kengem, wann een am Gaang ass, eng Ännerung ze maachen, an dann den Text tëschnezäitlech vun egem anere g'ännert gëtt. Et gëtt keng technesch Méiglechkeet, ze gesinn, datt een aneren och um Text schafft. Dofir, an dat gouf schonn dacks monéiert, soll een {{EnCours}} an den Text setzen, ier ee gréisser Ännerunge schreift, an dat ewechmaachen, wann ee fäerdeg ass. Sou geet ee Versiounskonflikter aus dem Wee. --Zinneke (Diskussioun) 14:54, 6. Jun. 2018 (UTC)[äntweren]


Ännerungskonflikt[Quelltext änneren]

Merci, léiwen Zinneke, datt Dir sou léif waart, fir en Ännerungskonflikt beim Sarkozy senger Säit ze provozéieren. Dir hutt meng Ergänzungen domat komplett verschass... Ech kommen awer net dorobber zréck an iwwerloossen Iech gär d'Restauratioun vu mengen Ajout'en. Ech weess, Dir schreift lo nees eng laang Tirade géint déi "blöd" IP'en, déi näischt kënnen oder nëmme Vandalismus bedreiwen. Dann eben... D'lb.wikipedia braucht awer Leit, déi mat groussem Asaz a mat Kompetenz Notice schreiwen, respektiv ergänzen oder verbesseren. Mee Dir, an eng Handvoll Möchtegern-Diderot'ë mengt, d'lb,wikipedia wier Är exklusiv Spillwiss. Da bleift ënner Iech - Inzucht war schonn ëmmer gutt fir d'Ëntwécklung. Et ass mer eng Éier, Iech net ze gréissen! -

Wann Dir dee sidd, dee gefillt 50 Mol explizéiert krut, datt een dat net ka gesinn, wann en anere gläichäiteg un engem Artiekl schreift, an een dofir {{EnCours}} soll driwwer schreiwen, fir Versiounskonflikter ze verhënneren, an deen dat nach ëmmmer net bekäppt huet, ass Iech net ze hëllefen. Dass d'Wikipedia "Leit [braucht], déi mat groussem Asaz a mat Kompetenz Notice schreiwen, respektiv ergänzen oder verbesseren, stellt keen a Fro. Vun esou dichtege Leit gëtt awer e Minimum vun engem normalen Ëmgang mateneen erwaart, wat ë.a. eng Akzeptanz vu gemeinsame 'Spillreegele' viraussetzt. Är topeg Bemierkungen um Enn hätt Der Iech och gär spuere kënnen.--Zinneke (Diskussioun) 18:14, 26. Nov. 2019 (UTC)[äntweren]
Dee Mann huet och net bekäppt datt wann een déi Meldung vum Versiounskonflikt kritt, d'Ännerunge jo nach net verluer sinn. Et ass net schwéier fir e Copy/Paste ze maachen. Mä et ass méi einfach topeg Bemierkungen ze maachen, wéi eng Grëtz nozedenken. --Les Meloures (Diskussioun) 11:56, 27. Nov. 2019 (UTC)[äntweren]


=

Hi. Do you know this tool? [1]. It is an easy way to move files to Commons. --MGA73 (Diskussioun) 17:54, 5. Jan. 2020 (UTC)[äntweren]


Hi! Depending on how organized fair use should be on lb.wiki you/someone could make more fair use templates and sub categories. As I see it there are the following:

The first 5 are very hard to replace because a cover or a statue is copyrighted for many years. The last one seems to be used for pictures of people etc and there is a chance that someone find a free photo. So it would perhaps be an idea to put the images in subcategories.

Fichier:St-martin.jpg is in the 3D category. It does not fit the description. :-)

What do you think?

All files should have Schabloun:Information filled out. Also fair use images I think. It would be easier if uploaders add it when they put op the files. But that is another story.

I think I will focus on the free files first. Thank you for deleting! --MGA73 (Diskussioun) 16:52, 27. Jan. 2020 (UTC)[äntweren]


Hi! Could you help me check this photo? It was originally GFDL but was changed to Fair use. If the architecht was Mathias Adam and he died in 1936 the building should be out of copyright now. --MGA73 (Diskussioun) 12:16, 9. Abr. 2020 (UTC)[äntweren]

Hi MGA73,
No the building is called after Mr Adam, not built according to his plans (Article says depicted school was built in 2004). Needs therefore to keep FU. Best regards, --Zinneke (Diskussioun) 13:07, 9. Abr. 2020 (UTC)[äntweren]
Thank you! Okay but I checked a few other FU-files and some could be moved to Commons and other files should be deleted. --MGA73 (Diskussioun) 13:12, 9. Abr. 2020 (UTC)[äntweren]

Moving files to Commons[Quelltext änneren]

Hi! As you know I try to move as many files to Commons as possible.

I just found out that Luxembourg had a very liberal copyright law in 1996 so that means we do not have to worry much about the URAA restauration date. So perhaps many of the files in Kategorie:Domaine-Public-Bild, al can be moved to Commons.

Do you know how to figure it out? --MGA73 (Diskussioun) 15:32, 12. Abr. 2020 (UTC)[äntweren]

Thank you for deleting a lot of files that was allready on Commons. It makes it so much easier when the categories are cleaned out! --MGA73 (Diskussioun) 05:36, 20. Abr. 2020 (UTC)[äntweren]

Unused non-free files[Quelltext änneren]

User:Zinneke and User:Les Meloures Here is a list on files that seems to be non-free and not used in an article: https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Benotzer:MGA73/Sandbox&oldid=2274140

Non-free files should only be allowed if they are used in an article. So they should be checked and deleted or added to an article. Could you have a look? --MGA73 (Diskussioun) 17:17, 15. Abr. 2020 (UTC)[äntweren]

'n Owend,
Déi follgend Fichieren hunn ech iertümlecherweis als net-fräi eropgelueden; déi sollten op Commons geréckelt ginn. Merci.

Deen hei gëtt net gebraucht, well eng aner Foto am Artikel ass. Ka wéinst menger geläscht ginn:

GilPe (Diskussioun) 20:19, 15. Abr. 2020 (UTC)[äntweren]

Hi GilPe! We need a free license before we can move any files to Commons. So you need to add Cc-by-sa-4.0 for example. --MGA73 (Diskussioun) 21:05, 15. Abr. 2020 (UTC)[äntweren]
OK. done! GilPe (Diskussioun) 15:58, 16. Abr. 2020 (UTC)[äntweren]
GilPe they are moved to Commons now. Feel free to check if the information is correct.
Great work with the deletions User:Zinneke! --MGA73 (Diskussioun) 20:26, 16. Abr. 2020 (UTC)[äntweren]
I made a new list. A shorter one :-D --MGA73 (Diskussioun) 21:31, 16. Abr. 2020 (UTC)[äntweren]



Normalerweis ginn ech jo d'Quellen als Foussnout un, mee hei bezéie sech 10 Alineae op de Mersch als Source, ech ka jo net gutt iwwerall derhannert schreiwen datt et alt nees um vselwechten ass. De Mersch ass jo als Literatur verlinkt.

Et geet duer, hannert den 1. Saz als Foussnout ze schreiwen: "Quell vun dësem Kapitel, wou net anescht uginn, Mersch an der Literatur."

Just 1 Alinea ass um Schoellen respektiv vum Merjai selwer, dee wäert ech elo gesonnert als Source mat Foussnout kennzeechnen. Den Neyen koum deemno 1882 stënterlech mat der Hierschuel geschäert, obwuel e 40 Joer virdru bäi sengem Brudder am Märjendall war nodeems deen d'Kierch an d'Graf plattgemaach huet, wat en dunn awer net gestéiert huet, et ass jo alles méi schéi ginn.

Eng aner Fro, du hues dee Saz erausgestrach, wéi seng Fra zu senger Aktivitéit stung. Dat hunn ech net erfonnt, dat schreift de Mersch, an dee seet souguer datt seng Kanner an Enkelen och net frou war iwwer seng Geschichtsléift. Dat ass zwar lo net dat allerwichtegst an enger Biographie, mee ech duet et wier trotzdeem interessant wéi säin engst Ëmfeld seng Aktivitéit gesinn huet, well ech war erstaunt wéi ech gelies hunn datt déi net nëmmen net houfreg ware mee au contraire dueten et wier besser e giff säi Beruff voll ausliewen.
--Otets ♣ 23:36, 8. Okt. 2020 (UTC)[äntweren]

@User:Otets Moien, ech hunn et erausgestrach, well dat näischt an enger Enzyklopedie verluer huet. Och vill aner Detailer, sou 'stëmmungsvoll' se sinn, si grenzwäerteg fir op d'Wiki. Och beim Stil muss de oppassen: Keng Vermutungen, kee "mer", keng geblimmelecht Sprooch. Dat ka vläit e bësse frustrant sinn, mawa mer eis seriö wëllen huelen als Enzyklopedie, musse mer dat uwenden...--Zinneke (Diskussioun) 10:22, 9. Okt. 2020 (UTC)[äntweren]



Asiatesch Infrastruktur-Investitiounsbank[Quelltext änneren]

Salut,

Du has do eng Kategorie nockucken dragesat déi ofgelaf ass. Gëtt déi verlängert? --Les Meloures (Diskussioun) 10:04, 4. Abr. 2021 (UTC)[äntweren]


Numeréierung an de Lëschte vun nationale Monumenter[Quelltext änneren]

op d'Diskussioun:Lëscht vun de klasséierte Monumenter kopéiert

lëtzebuerger vs. lëtzebuergesch[Quelltext änneren]

Salut Zinneke, wat ass richteg: lëtzebuerger oder lëtzebuergesch Geseemsmëschung ? Merci am viraus, Christian Ries (Diskussioun) 09:04, 2. Jun. 2021 (UTC)[äntweren]

Moie @Christian, Ausser dass "Lëtzebuerger" grouss a "lëtzebuergesch" kleng geschriwwe gëtt, an ech net weess, wat ech mer dorënner genee virstelle soll, kann ech just allgemeng äntweren, dass "Lëtzebuerger" gewéinlech eng méi 'hoheitlech' oder 'formell' Konotatioun huet wéi 'lëtzebuergesch' (wat all méigleche Bezuch op Lëtzebuerg ausdrécke kann). Bei Geseems géif ech dofir éischter zu deem leschten tendéieren, et sief, et wier eng Zort staatlech approuvéierte Label oder änleches, da kinnt een evtl 'Lëtzebuerger' soen (wéi zB beim 'Lëtzebuerger Botter'). --Zinneke (Diskussioun) 10:02, 2. Jun. 2021 (UTC)[äntweren]
Villmools Merci Zinneke! Christian Ries (Diskussioun) 06:55, 3. Jun. 2021 (UTC)[äntweren]

Cc-by-sa-4.0[Quelltext änneren]

Hi! Thanks for removing GFDL from the list of licenses. I noticed you also updated 3.0 to 4.0 and while it is correct that the latest version is 4.0 I think they stopped having versions for each country.

When I look at https://wiki.creativecommons.org/wiki/License_Versions it seems there is an international license now: {{Cc-by-sa-4.0}} https://creativecommons.org/licenses/by-sa/4.0/deed.en

The license at {{Cc-by-sa-3.0-lu}} links to https://creativecommons.org/licenses/by-sa/3.0/lu/deed.en but there is no https://creativecommons.org/licenses/by-sa/4.0/lu/deed.en --MGA73 (Diskussioun) 19:10, 20. Jun. 2021 (UTC)[äntweren]

Vandalismus 87.65.83.203[Quelltext änneren]

Hallo. 87.65.83.203 ass e Vandal Benotzer.

Hei sinn d'Beweiser:

Ech hunn hien hei : https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Benotzer_Diskussioun%3A87.65.83.203&type=revision&diff=2352332&oldid=2305734 an hei : https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Benotzer_Diskussioun%3A87.65.83.203&type=revision&diff=2352336&oldid=2352332 gewarnt. Villmools Merci am Viraus. Gréiss. --2A01:CB00:B51:3E00:B183:3844:756D:B22A 13:11, 23. Jun. 2021 (UTC)[äntweren]

Moien, a merci. Ech gesinn net direkt, wat do Vandalismus soll sinn; héchstens, dass dat alt nees een ass, dee mat engem Iwwersetzerprogramm hantéiert. Dat bësse wat do steet schéngt mer faktuell richteg ze sinn, ech hunn et awer net iwwerpréift. --Zinneke (Diskussioun) 08:01, 24. Jun. 2021 (UTC)[äntweren]
Moien, ech hätt näischt dergéint wann den 87.65.83.203 rëm eng Kéier kontrolléiert gëtt. Den Toun deen des Persoun ouni Attack mengersäits opsetzt, fannen ech net korrekt fir Wikipedia. R2lx (Diskussioun) 20:59, 31. Okt. 2021 (UTC)[äntweren]


Xavier BETTEL & DEA-Plagiat[Quelltext änneren]

Här Zinneke, d'lb.wikipedia schéngt ganz regierungsfrëndlech ze sinn. Éischtens iwwerhëlt se sklavesch - d. h. onkritesch - déi dacks lächerlech oppoléiert offiziell "Biographie" vun de Ministeren a Staatssekretären, an zweetens huet se net de Courage, contrairement zur de.wikipedia oder fr.wikipedia, fir komplett an éierlech ze sinn. All Versuch d'Copy-Paste-Affär z'erwäne gëtt direkt réckgängeg gemaach. De Bettel, dee mol gesot huet, e géif d'Onéierlechkeet net verdroen, verdéngt net a Schutz geholl ze ginn, sou sympatesch wéi en sech och gëtt. An als Jurist wousst e scho laang viru sénger Maîtrise, datt knäipen, ofschreiwe, kompiléieren..., ouni Referenzen a Foussnouten, géint d'Autorerecht verstéisst an akadeemesch net an der Rei ass. Natierlech kann een op d'"Uerteel" vun der Uni vun Nanzeg waarden, mee ech ka mer gutt virstellen, datt dee ganz "salomonesch" wäert ausfalen. De X. B. huet jo scho behaapt, datt dee mëndlechen Deel séng éischter schappeg schrëftlech Aarbecht gerett hätt (Wer's glaubt, wird selig!). Ier et normalerweis zu engem mëndlechen Deel kënnt, muss dat Schrëftlecht mol scho positiv, formell an inhaltlech, ofgeseent ginn. Schliesslech war en DEA (deen haut duerch de Master 2 ersat ass) eng raisonnéiert a strukturéiert Virbreedung op eng méiglech Dokteraarbecht. Do huet ee musse weisen, datt e vill gelies a vill iwwerluecht hat, datt ee schonn een zolitten Abléck an der Matière hat, an dat huet sech an de bibliographesche Referenzen erëmgespigelt. Hei hu mer engersäits mat engem Versoe vum responsable Proff ze dinn, dee - virwat och ëmmer - séng Aarbecht net seriö gemaach huet, AN anerersäits mat engem handfeste Plagiat, deen als dat vu genuch erfare Leit erkannt ginn ass, egal wat an e puer Woche vun Nanzëg zréckkënnt. Dat Ganzt ass net z'akzeptéieren, oder hutt Dir Är Diplomaarbecht och plagiéiert? D'Wouerecht ass net ëmmer schéin, mee se huet hir Plaz an der lb.wikipedia, an an dësem Fall ganz besonnesch, well de betraffene Plagiator déi penibel Geschicht op d'liicht Schëller hëlt amplaz sech an aller Daitlechkeet z'entschëllegen a Konsequenzen ze zéien.

Gréiss, V.B.

Moien Här oder Mme V.B.,
Just kuerz; Wikipedia ass net 'iergend-eppes-frëndlech'; déi Leit déi hei schreiwen an déi d'Saach viru brénge wëllen, si beméit, dass dat wat hei steet enzyklopeedesche Critèren entsprécht. Dat heescht: Artikele si sachlech, mat Quelle beluecht (am Bettel Artikel ass déi Quell déi vu gouvernement.lu, well do säin CV steet; bei Deputéierten ass dat dacks den CV vu chd.lu, asw.) an op eng allgemeng Beschreiwung vum Sujet ausgeluecht. Ech hunn Är Ännerung réckgängeg gemaach, well se a) formell/stilistesch esou wéi se stung net dohi gepasst huet, se mat enger Foussnout beluecht war déi net gepasst huet, a well déi 'Copy-Pate-Affär' net an engem Bäisaz zu de graffe Liewensdate gehéiert.
Stellt sech d'Fro: Gehéiert dat an en eegent Ënnerkapitel? Dat kann een op der Diskussioun:Xavier Bettel diskutéieren, eventuell do en Textentworf virschloen. Haalt just dat hei am A: Roll an Zweck vu Wikipedia ass net, fir Polemik ze maachen, héchstens, wann dat relevant genuch ass, eng Polemik ze beschreiwen. Deemno, kuerz: Ween huet dat opgedeckt, ween huet dozou wou eng relevant Stellung geholl, wat seet d'Uni, wat dee Betraffenen, a wat ass d'Konsequenz vun der Saach...
A fir Är Ënnerstellung (déi ech zimlech dernieft fannen) hei kloer ze stellen: Nee, ech hu meng Diplomaarbecht net plagéiert, all meng Quelle si mat Foussnouten a Literaturanhang beluecht wéi dat sech gehéiert. A jo, déi Plagiatsgeschicht wäert den Här Bettel nach laang verfolgen, mee Meenung huet hei awer näischt verluer; wann ech meng politesch Analysen oder Iwwerleeunge wéilt publizéieren, maachen ech dat op anere Plaze wéi op Diskussiounssäite vu Wikiepedia.
Gréiss, --Zinneke (Diskussioun) 21:03, 27. Nov. 2021 (UTC)[äntweren]
Tjo, an antëscht wot awer nach ëmmer keen déi penibel Geschicht vum plagiéierten DEA z'erwähnen, een onverdéngten Diploom op deen de Xavier schliesslech verzicht huet, well e keng Loscht hat, e Minimum vu seriéiser Recherche a vun anstänneg referenzéierter Redaktiounsaarbecht ze leeschten. Déi fr.wikipedia an déi de.wikipedia hunn do awer méi Couraasch a Respekt virum potenzielle Lieser! Mee an der lb.wikipedia sinn s'ebe méi regierungsfrëndlech. Iwwregens, de grousse Wikipedia-Oberguru, deen aus der Bamschoul, huet näischt aneschtes fäerdegbruecht, wéi d'Säit ze späeren! Aarmt Lëtzebuerg!
Gréiss, V.B.
-------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------- 2A01:CB10:8044:A000:BCDA:6852:2EE5:A3D2 14:37, 26. Mäe. 2022 (UTC)[äntweren]


How we will see unregistered users[Quelltext änneren]

Hallo!

Du erhältst diese Nachricht, da du Administrator in einem Wikimedia-Wiki bist.

Wenn heute jemand unangemeldet eine Bearbeitung in einem Wikimedia-Wiki vornimmt, zeigen wir dessen IP-Adresse an. Wie viele von euch bereits wissen, werden wir dies in der Zukunft nicht mehr tun können. Dies ist eine Entscheidung der Rechtsabteilung der Wikimedia Foundation aufgrund der Änderung von Normen und Vorschriften zum Datenschutz im Internet.

Statt der IP-Adresse zeigen wir eine maskierte Identität. Als Admin wirst du weiterhin auf die IP zugreifen können. Es wird auch neue Benutzerrechte für diejenigen geben, die die vollständigen IPs von unangemeldeten Benutzern sehen müssen, um Vandalismus, Belästigung und Spam bekämpfen zu können ohne Admin zu sein. Kontrollierer werden ebenfalls Teile der IP sehen können, auch ohne dieses Benutzerrecht. Wir arbeiten auch an besseren Werkzeugen zur Unterstützung.

Wenn du die Seite noch nicht gesehen hast, kannst du auf Meta mehr lesen. Wenn du sicherstellen möchtest, keine technischen Änderungen in den Wikimedia-Wikis zu verpassen, kannst du den wöchentlichen technischen Newsletter abonnieren.

Wir haben zwei Möglichkeiten vorgeschlagen, wie diese Identität funktionieren kann. Wir würden uns über deine Rückmeldung freuen, welche Möglichkeit für dich und dein Wiki am besten funktionieren würde, jetzt und in der Zukunft. Du kannst es uns auf der Diskussionsseite wissen lassen. Du kannst in deiner Sprache schreiben. Die Vorschläge wurden im Oktober veröffentlicht und wir werden nach dem 17. Januar entscheiden.

Danke. /Johan (WMF)

18:17, 4. Jan. 2022 (UTC)


Schabloun:Infobox Film nei[Quelltext änneren]

Salut, huet do eppes net richteg funktionnéiert? --Les Meloures (Diskussioun) 16:29, 23. Mee 2022 (UTC)[äntweren]

Moien, jo, honnerte vu Filmer haten als Distrubuteur Netflix do stoem. Do hunn ech déi Variabel ewechgeholl. --Zinneke (Diskussioun) 21:54, 23. Mee 2022 (UTC)[äntweren]
Ah, bon. Ass Netflix da keen Distributeur ? Wann net, da wier et vläicht derwäert dat op de Wikidata ze diskutéieren, oder eventuell mat den anere Benotzer vun der Schabloun. Wann een dat eraushëlt gi jo och all déi aner Informatioune verluer. Et gëtt jo och vläicht Méiglechkeeten dat an der Schabloun ze konditionnéieren, amplaz déi ganz Informatiounszeil erauszehuelen. --Les Meloures (Diskussioun) 06:30, 24. Mee 2022 (UTC)[äntweren]
Ech hu bei den éischten 10 nogekuckt, keen dovun ass op Netflix ze fannen - op d'mannst an eise Géigenden. Wann Netflix déi Filmer eventluel an Australien a sengem Katalog hätt, ma net an Europa, ass déi Informatioubei eis am beschten iwwerflësseg, am schlëmmste falsch. Dofir hunn ech dat einfach ewech gemaach; et waren der ze vill. Wann s du s'all iwwerpréife wëlls a bei Wikidata vun Hand änneren, ass dat natierlech och méiglech.--Zinneke (Diskussioun) 09:31, 24. Mee 2022 (UTC)[äntweren]
Ech gleewen dat gär, mä wat ass méi wichteg, datt wéinst enger, wéis du sees quasi iwerflësseger Informatioun, all déi aner och eliminéiert ginn, oder eng aner Léisung ze sichen oder well Wikipedia a Wikidate eeben international generell weltwäit Informatiounen deelen dat einfach a Kaf huelen. Fir méch ass déi radikal Aktioun net gutt an ech fannen d'Approche fir eng aner Léisung ze siche besser. --Les Meloures (Diskussioun) 09:45, 24. Mee 2022 (UTC)[äntweren]


Fort Wedell[Quelltext änneren]

Salut

Ech hunn der e Plang vum Fort iwwer Mail geschéckt. --Les Meloures (Diskussioun) 16:48, 25. Aug. 2023 (UTC)[äntweren]


The Signpost: 4 December 2023[Quelltext änneren]

News, reports and features from the English Wikipedia's newspaper

The Signpost: 24 December 2023[Quelltext änneren]

News, reports and features from the English Wikipedia's newspaper

The Signpost: 10 January 2024[Quelltext änneren]

News, reports and features from the English Wikipedia's newspaper

Salut, solle mer net "Groningen" den Artikel iwwer d'Stad nennen, a "Groningen (Homonymie)" d'Säit fir op d'Ofleedunge vun deem Numm ze verweisen? All aner Saache si jo no der Stad genannt. Bei anere Stied ass dat jo och esou.

Bescht Gréiss Zinneke (Diskussioun) 13:37, 24. Jan. 2024 (UTC)[äntweren]

Wier et net vläicht gutt gewiescht op eng Äntwert ze waarden dann hätt ech der dat kéinten explizéieren firwat ech dat net sou gemaach hunn. Et goung haaptsächlech drëms fir all d'Linken eenheetlech ze hunn a fir eng Iwwereneestëmmung mat der nl. Wiki a mat de Wikidaten ze kréien. Wann natierlech keen dat wëll dat wëll, dann eeben net. Mam Resultat datt och d'Këscht net méi richteg agebonnen ass. --[[[Benotzer:Les Meloures|Les Meloures]] (Diskussioun) 13:54, 24. Jan. 2024 (UTC)[äntweren]
Entschëlleg, wann ech ze séier war, mee ech hu missen eppes anescht maachen. Wann d'Hollänner et iwwerkomplizéiert maache wëllen, musse mir dat net nomaachen. D'Wikidata kann ee jo op déi jeweileg Säit upassen. Eis Säit "Groningen" entsprécht "Groningen (stad)" bei den Hollänner, "Groningen (Homonymie)" der hollännescher Säit "Groningen", a "Groningen (gemeente)", "Groningen (Gemeng)" (wann een dee schreiwe wëll). Eis Artikelen heesche jo och net "London (Stad)" oder "Roum (Stad)", just, well et eng Abberzuel Entitéiten oder Saache gëtt, déi dono genannt sinn, a fir déi et dofir Homonymie-Säite gëtt. Zinneke (Diskussioun) 14:24, 24. Jan. 2024 (UTC)[äntweren]


Datumsformat in Luxemburg[Quelltext änneren]

Hallo Zinneke, ihr scheint keine "Fragen zur Wikipedia" zu haben. Ich frage mal dich als einen der aktivsten User hier (mangels Lëtzebuergesch-Kenntnissen frage ich auf Deutsch, aber antworte ruhig auf Luxemburgisch - was ich nicht verstehe, wird Google richten können): Bei Schabloun:Internetquell ist das Datumsformat kaputt (siehe etwa die Einbindungen in Satirpartei). Das behindert eure Artikelarbeit ganz beträchtlich. Ich möchte in der deutschen Wikipedia fragen, ob es jemand richten kann - aber dazu müsste ich erst Gewissheit haben, welches Datumsformat ihr hier bevorzugt. Im Artikel Standardmodell sind die manuell gesetzten Daten in verschiedenen Formaten. Ich nehme an, ihr bevorzugt analog zur Deutschen Wikipedia "1. Januar 2000" - oder doch anders? 1. 1. 2000? 01/01/2000? --KnightMove (Diskussioun) 12:20, 31. Jan. 2024 (UTC)[äntweren]

Hallo KnightMove, es gibt meines Wissens keinen direkten Vorzug (au3er vielleicht die Ablehnung des amerikanischen Formats, da kontra-intuitiv und verwirrend). In den Quellenangaben benutze ich, weil's am schnellsten geht, meist YYYY-MM-DD; ausgeschrieben entspricht es in der Tat dem deutschen (1. Januar 2024), was, je nach verfügbarem Platz (z.B Tabellen) auch mal auf 1. Jan. 2024 abgekürzt wird.
Bescht Gréiss, Zinneke (Diskussioun) 12:37, 31. Jan. 2024 (UTC)[äntweren]

The Signpost: 31 January 2024[Quelltext änneren]

News, reports and features from the English Wikipedia's newspaper

The Signpost: 13 February 2024[Quelltext änneren]

News, reports and features from the English Wikipedia's newspaper

The Signpost: 2 March 2024[Quelltext änneren]

News, reports and features from the English Wikipedia's newspaper

The Signpost: 29 March 2024[Quelltext änneren]

News, reports and features from the English Wikipedia's newspaper

Thanks for your Benvenuto[Quelltext änneren]

First of all thank you for your warm benvenuto! I'm from Italy and I don't know Luxembourgaise. I'm a contributor of wikisource in minor languages, such as Dolomitic Ladino and Romancio. I.ve made copy and paste on wikisource in the language spoken in Luxembourg, I hope that somebody will help me and correct my mistakes. Thank you Mizardellorsa (Diskussioun) 20:04, 6. Abr. 2024 (UTC)[äntweren]