Bergues

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Bergues
Blason de la ville de Bergues (59) Nord-France.svg
Land Flag of France.svg Frankräich
Regioun Blason Nord-Pas-De-Calais.svg Nord-Pas-de-Calais
Departement Blason Nord-Pas-De-Calais.svg Nord
Arrondissement Dunkerque
Kanton Bergues
Code Insee 59067
Postcode 59380
Koordinaten 50° 58' 09" N
02° 26' 06" O
Fläch  132 ha
Bevëlkerung  4 306 Aw.  (1999)


Bergues, op Hollännesch Sint-Winoksbergen, ass eng franséisch Stad a Gemeng am Blootland am Nord an der Regioun Nord-Pas-de-Calais.

Bergues läit op enger Héicht vu 6 Meter am Duerchschnëtt, mat engem Minimum vun engem Meter an engem Maximum vun 22 Meter.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] D'Awunner

D'Awunner gi Berguois genannt.

[änneren] Nopeschgemengen

Coudekerque
Bierne Compass card (de).svg Hoymille
Socx Quaëdypre

[änneren] Bergues am Film

Bergues gouf 2008 duerch de Film Bienvenue chez les ch'tis vum Dany Boon bekannt, dee sech haaptsächlech zu Bergues afspillt.
An deem Film ginn d'Leit gleewe gelooss, d'Awunner vu Bergues géifen den Dialekt Ch'ti schwätzen. Tatsächlech gëtt do awer flämesch geschwat. Nodeems de Film erauskoum, huet sech an der Stad en Tourismus entwéckelt, dee se bis dohinner net kannt huet. Bei touristesche Féierungen, déi meeschtens vum Klackespiller, dem Jacques Martel vu Bergues geleet ginn, gëtt een da gewuer, datt nëmmen eng Koppel an der ganzer Gemeng den Dialekt schwätzt, dobäi schwätzt d'Fra de Ch'ti an de Mann de Ch'timi, d'Sprooch vun de Biergaarbechter déi op dem Ch'ti baséiert.

[änneren] Kuckeswäertes

[änneren] Um Spaweck

[änneren] Kuckt och

Commons: Bergues – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen