Bernard Arnault

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Bernard Arnault

De Bernard Arnault, gebuer de 5. Mäerz 1949 zu Roubaix an Nordfrankräich, ass e franséischen Industriellen. Säi Papp Jean Arnault war Besëtzer vun der Baufirma "Ferret-Savinel".

De Bernard Arnault huet en Ingenieurstudium op der Ecole Polytechnique zu Paräis absolvéiert. Nodeems hien 1971 an dem Papp seng Firma erageklomme war, iwwerriet hien deen, déi ëffentlech Bauaktivitéiten ze verkafen. De Rescht vun der Firma hunn se an eng Immobiliegesellschaft ëmgewandelt. Ënner dem Numm "Férinel", huet dës a Vakanzimmobilien op der Côte d'Azur investéiert. 1978 gouf de Bernard Arnault Chef vun der Entreprise.

1981 ass hien op New York City geplënnert, fir "Férinel" an Amerika opzebauen. Dono, vu 1984 un, entwéckelt hie sech zu engem aggressiven Investisseur a Frankräich. Sou huet hie, nom Kaf vum maroden Textilgrupp "Boussac", deen no kuerzer Zäit zerschloen, an nëmmen d'Luxusmark "Christian Dior" an d'Traditiounsgeschäft "Le Bon Marché" gehalen. No enger haarder Ëmstrukturéierung verkeeft hien déi zwéi Betriber, mat engem kräftege Profit, un de Grupp "Prouvost".

1988 keeft hie sech an d'Luxusholding LVMH ( Louis Vitton-Moët-Hennesy) an, fir schlisslech 1989 PDG vum Grupp ze ginn.

2006 grënnt hie mam belschen Industriellen Albert Frère eng Joint Venture, déi an europäesch Entreprisen investéiert.

Hien zielt zu de räichste Leit vun der Welt.

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen