Bernard Bot
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Bernard (Ben) Bot, gebuer den 21. November 1937 zu Batavia an Hollännesch-Indien, dem haitege Jakarta am haitegen Indonesien, ass zënter dem 3. Dezember 2003 hollänneschen Ausseminister an der zweeter Regierung Balkenende.
Hien ass de Nofolger vum Jaap de Hoop Scheffer, deen den 1. Januar 2004 d'Funktioun vum NATO-Generalsekretär iwwerholl huet. De Bernard Bot ass Member vum Chrëschlech-Demokrateschen Appel (CDA).
| Commons: Bernard Bot – Biller, Videoen oder Audiodateien |