Bernard Giraudeau

Vu Wikipedia
Bernard Giraudeau
Gebuertsnumm Bernard René Giraudeau
Gebuer 18. Juni 1947
La Rochelle
Gestuerwen 17. Juli 2010
15. Arrondissement
Doudesursaach Kriibs
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Conservatoire national supérieur d'art dramatique
Aktivitéit Schrëftsteller, Filmproduzent, Filmregisseur, Dréibuchauteur, Kannerbuchauteur, Filmschauspiller, Schauspiller, Regisseur
Famill
Bestuet mat Anny Duperey
Kanner Sara Giraudeau, Gaël Giraudeau

De Bernard Giraudeau, gebuer den 18. Juni 1947 zu La Rochelle, a gestuerwen de 17. Juli 2010 zu Paräis, war e franséische Schauspiller, Filmregisseur, Dréibuchauteur, Produzent a Schrëftsteller.

De Giraudeau ass 1963 an d'Franséisch Marinn gaangen, wou en e puer Joer laang op verschiddene Schëffer ronderëm d'Welt matgefuer ass. Duerno huet e Schauspillerei geléiert.

Deux hommes dans la ville (1973) war deen éischte Film, an deem e matgespillt huet, an 1987 huet hien eng éischt Kéier selwer Regie gefouert. Hien huet Texter vu Fotobicher, Kannerbicher a Romaner geschriwwen. Ausserdeem huet hie verschidde Lauschterbicher opgeholl.

Déi lescht Jore vu sengem Liewe war hie mat Kriibs geplot an ass dann och doru gestuerwen. Hie war 18 Joer laang mat der Schauspillerin Anny Duperey zesummen, si haten 2 Kanner.

Filmographie als Schauspiller[änneren | Quelltext änneren]

Filmographie als Regisseur[änneren | Quelltext änneren]

Documentairen[änneren | Quelltext änneren]

  • The travels of Bernard Giraudeau
  • 1992 - La Transamazonienne
  • 1999 - Un ami chilien
  • 1999 - Chili Norte - Chili Sure
  • 2003 - Esquisses philippines

Bibliographie[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Bernard Giraudeau – Biller, Videoen oder Audiodateien