Bernard Haal

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer de Chrëschtentum ass eréischt just eng Skizz Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Bernard Haal
Gebuer 25. November 1832
Gestuerwen 5. Oktober 1913
Nationalitéit Lëtzebuerg

De Michel Bernard Haal, gebuer de 25. November 1832 zu Gréiwemaacher a gestuerwen de 5. Oktober 1913 an der Stad, war e Lëtzebuerger kathoulesche Geeschtlechen.

Den Haal huet 1864 de Kathoulesche Geselleveräi gegrënnt, vun deem hie fënnef Joer President war, ier säi Brudder François déi Charge iwwerholl huet. Vun 1866-1869 war hien Dirigent vun der Maîtrise. De Bernard Haal gouf 1869 Professer am Kolléisch a war vun 1876 un Dechen an Doumpropst an der Stad.

1869 huet hien d'Sonndesblietchen an d'Liewe geruff. Op seng Initiativ gouf an de Joren 1886-1888 d'Paschtoueschhaus nieft der Méchelskierch gebaut.

Um Belair ass eng Strooss nom Bernard Haal genannt.