Bernard Lovell

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Bernard Lovell (Jodrell Bank, Universitéit vu Machester)
Parabolantenn vum Lowell-Teleskop

Den Alfred Charles Bernard Lovell, gebuer den 31. August 1913 zu Oldland Common, Gloucestershire, England a gestuerwen de 6. August 2012 [1] war e briteschen Astronom a Pionéier vun der Radioastronomie.

Inhaltsverzeechnes

Liewen [änneren]

De Bernard Lovell hat Physik zu Bristol beim Professer Arthur Mannering Tyndall (18811961) studéiert. No sengem Studienofschloss am Joer 1934 hat hie nach weider zwee Joer gefuerscht, fir 1936 seng Promotioun ze kréien. am selwechte Joer goung hie no Manchester, wou hien eng Dozenteplaz fir ee Joer krut. 1937 gouf hie Member vun der Fuerschungsgrupp, déi sech mat der kosmescher Stralung beschäftegt huet.

Während dem Zweete Weltkrich schafft de Lovell am TRE vun der britescher Loftwaff (RAF) an entwéckelt wäertvoll Methode fir d'Uwendung vum Radar bei der Erkennung vu Kamffiger a bei der Navigatioun. Fir dës Aarbechten kritt hien nom Zweete Weltkrich den Order of the British Empire.

Nom Enn vum 2. Weltkrich schafft de Lovell nees wëssenschaftlech. Hie konnt sech en ausgemusterte mobile Radar besuergen a mat deem senger Hëllef d'kosmesch Stralung ënnersichen. Nodeems een erkannt hat, datt d'elektresch Stroosssebunn zu Manchester d'Ursaach fir d'Interferenzen waren, ass d'Fuerschungsgrupp mat hiren Instrumenter no Jodrell Bank op en oppent Feld geplënnert. Kuerz Zäit spéider huet d'Universitéit Manchester d'Installatioun vun enger fester Anlag um Feld iwwerholl an och bei der Hierstellung vum éischte Radioteleskop matgemaach. 1951 gouf de Lovell schliisslech Professer op der Universitéit Manchester. Op där Plaz ass hie bis zu senger Pensioun 1980 bliwwen.

Éierungen [änneren]

Wierker [änneren]

  • Science and Civilisation. (1939)
  • World Power Resources and Social Development. (1945)
  • Radio Astronomy. (1952)
  • Meteor Astronomy. (1954)
  • The Story of Jodrell Bank. (1968)
  • Out of the Zenith. (1973)
  • Emerging Cosmology. (1980)
  • The Jodrell Bank Telesopes. (1985)
  • Voice of the Universe : Building the Jodrell Bank Telesope. (1987)
  • Astronomer by Chance. (1990)

Kuckt och [änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Referenzen [änneren]