Bernard Plossu

Vu Wikipedia
Bernard Plossu
Gebuer 26. Februar 1945
Da Lat
Nationalitéit Frankräich, Franséisch Indochina
Aktivitéit Fotograf

De Bernard Plossu, gebuer de 26. Februar 1945 zu Đà Lạt am Süde vum Vietnam, ass e franséische Fotograf. De gréissten Deel vu sengem Wierk besteet aus Reesreportagen.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Bernard Plossu huet vun 1951 bis 1962 zu Paräis studéiert. Hie fänkt ganz fréi mat der Fotografie un: 1958 reest e mat sengem Papp an d'Sahara, ausgerëscht mat engem Kodak Brownie Flash, an 1965 mécht e sech a Mexiko am Kader vun enger englescher Expeditioun fir den Urwald vun Chiapas ze fotograféieren.

Doropshi mécht en eng ganz Rei Faarf-Reportage bei de Maya-Indianer an an den USA.

1970 realiséiert hien eng Aarbecht iwwer Indien, wou d'Iddi vun den „séquences surbanalistes“ opkënnt. Dobäi handelt et sech ëm banal Sequenzen déi am Fong surrealistesch sinn.

Hie mécht weiderhi vill Reese fir Faarf-Reportagen ze maachen. 1975 ass e fir déi éischt Kéier am Niger. Vun do un fotograféiert hien nëmmen nach Schwaarz-Wäiss a mat enger 50 mm-Festbrennwäit.

1978 kënnt säi Jong, de Shane, deen e reegelméisseg fotograféiert, op d'Welt. 1983 fänkt en un ze molen a mat der Agence Fotowest zesummen ze schaffen. Säin zweete Jong, de Joaquim, kënnt 1986 op d'Welt a säi Meedchen, d'Manuela, am Joer 1988.