Bernard Werber
De Bernard Werber, gebuer de September 1961 zu Toulouse, ass e franséische Schrëftsteller, dee ënnert anerem fir seng Trilogie Fourmis bekannt ass.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Biographie
Vum Alter vu 14 Joer u schreift de Bernard Werber Geschichte fir e Fanzine. No sengem Studium gëtt hie Wëssenschaftsjournalist. Zéng Joer dono schafft hien als Schrëftsteller.
Säi Stil kinnt een als eng Mëschung vun Abenteurroman, Science-fiction a philosophescher Erzielung bezeechnen. An deene meeschte vu senge Romaner spréngt hien tëschent Erzielung (gewéinlech méi wéi een Erzielstrnag) a wëssenschaftlechen Artikelen hin an hir. Do derbäi kënnt nach, datt d'Romaner a Novellen ënnertenee vernetzt sinn, a verschidde Personnagen aus deem engem an engem anere kënnen opdauchen.
[änneren] Bibliographie
[änneren] D'Fourmis-Trilogie
- Les Fourmis, 1991. Säi gréisste Succès: iwwer 2 Millioune Mol verkaaft, an an iwwer 30 Sproochen iwwersat.
- Le Jour des fourmis, 1992
- La Révolution des fourmis, 1996
[änneren] D'Trilogie vun den Thanatonautes
- Les Thanatonautes, 1994
- L'Empire des anges, prix Jules-Verne, 2000
- Nous les dieux am ganze sinn 3 Bänn geplangt, deen éischten, L'île des sortilèges, koum am Oktober 2004 eraus. Nach net eraus sinn Le souffle de l'histoire a Le dernier mystère.
[änneren] D'Trilogie Père de nos Pères
En drëtte Roman, deen dem Term Trilogie giff säi Sënn ginn, léisst nach op sech waarden.
[änneren] Experimentell Bicher
- L'Encyclopédie du savoir relatif et absolu, 1993
- Le Livre du voyage, 1997
- Le Livre secret des fourmis, 2002
- Nos amis les humains, 2003
[änneren] Novellen
- L'Arbre des possibles, 2002
[änneren] Bande dessinéeën
- Exit, 1999
- Exit II - Le deuxième cercle, 2000
- Exit III - Jusqu'au dernier souffle, 2002
- Les Enfants d'Ève, kënnt 2005 eraus.
[änneren] Filmer
- La Reine de nacre, 2003
- Les Humains, a Produktioun.
[änneren] Theaterstécker
[änneren] Linken
[änneren] Kuckt och
[änneren] Um Spaweck
| Commons: Bernard Werber – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- (fr) www.bernardwerber.com - Op sengem Website kann een ënner anerem un engem "Arbre des possibles" selwer mattschaffen. Et geet dorëms, all méiglech Szenarioe festzehalen, wéi d'Zukunft fir d'Mënschheet kéint ausgesin. Dës Szenarioe kënnen souwuel pessimistesch wéi optimistesch sinn, an den "Arbre des possibles" erméiglecht et dono natierlech, all méiglech Verknüpfungen tëscht deenen verschiddenen Szenarioen hierzestellen.