Bernd Eichinger
De Bernd Eichinger, gebuer den 11. Abrëll 1949 zu Neuburg an der Donau a gestuerwen de 24. Januar 2011 zu Los Angeles, war en däitsche Filmproduzent, -regisseur an Dréibuchauteur.
Nom Studium op der Film- an Teleehéichschoul zu München huet hien 1979 Parte vun der Produktiouns- an Distributiounsfirma Constantin FIlm iwwerholl a gouf hiren Directeur exécutif. Hie blouf dat bis 2005. Hien huet an e puer FIlmer selwer Regie gefouert, ass awer virun allem bekannt als Produzent vun ë. a. Literaturverfilmungen, dacks an internationale Koproduktiounen, ewéi Der Name der Rose, Die unendliche Geschichte, Wir Kinder vom Bahnhof Zoo, Das Parfum, Das Geisterhaus, asw.
Aner bekannt vun him produzéiert Filmer sinn Der bewegte Mann, Der Untergang an Der Baader-Meinhof-Komplex.
| Commons: Bernd Eichinger – Biller, Videoen oder Audiodateien |