Berner Rundfahrt
| Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann der Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Berner Rundfahrt, och Tour de Berne, ass eng Vëloscourse vun engem Dag, déi an der Schwäiz am Kanton Bern gefuer gëtt. D'Streck ass ca. 170 km laang.
Vun Ufank un gouf d'Course fir Elitecoureuren an Amateuren organiséiert. Vun 1968 un goufe Kategorië fir Debutanten, Junioren an Amateure vu niddregem Niveau agefouert. 1984 koum d'Dammecourse derbäi an eng Kategorie Master.
2003 gouf d'Course a Form vun engem Profi-Omnium disputéiert, dee sech aus engem Eenzelzäitfueren vun enger Ronn an engem Kritérium zesummegesat huet. De Schwäizer Fabian Cancellara huet déi zwou Eenzelepreuve fir sech entscheet an huet esou och de Profi-Omnium gewonnen.
2005 gouf d'Härekompetitioun fir Profien an den UCI Europe Tour an der Kategorie 1.1. opgeholl, gouf awer schonns dat Joer duer net méi gefuer.
Vun do u war d'Dammekompetitioun d'Haaptepreuve vun der Organisatioun, an huet vun 1998 bis 2009 fir d'Damme-Weltcoupe gezielt.
Zënter 2008 gëtt eng Course fir Espoiren (U23) organiséiert.
Nimm vun der Course [änneren]
- Nordwestschweizer Rundfahrt
- Zënter 1992 : Berner Rundfahrt