Bernhard Schmidt (Optiker)

Vu Wikipedia
Bernhard Schmidt
Gebuer 30. Mäerz 1879 jul.
Gestuerwen 1. Dezember 1935
Nationalitéit Däitschland, Estland
Aktivitéit Astronom, Physiker
Den Alfred-Jensch-Teleskop, déi weltgréisst Schmidt-Kamera

De Bernhard Schmidt, gebuer den 30. Mäerz 1879 op der estescher Insel Naissaar, a gestuerwen den 1. Dezember 1935 zu Hamburg war een op astronomesch Optik spezialiséierten däitschen Optiker. No him ass d'Schmidt-Teleskop genannt, dat och als Schmidt-Kamera oder Schmidt-Spigel bezeechent gëtt.

Liewen a Wierk[änneren | Quelltext änneren]

Als Jugendlechen hat de Bernhard Schmidt beim Spille mat Schéisspolfer seng riets Hand verluer. Trotz där Behënnerung huet hie sech net nëmmen duerch theoreetesch Kenntnesser, mä virun allem och bei der Hierstellung vu perfekte Lënsen a Spigelen ervirgedoen.

De Bernhard Schmidt hat ufanks zu Mittweida geschafft. Nieft der Hierstellung vu verschiddene grousse Spigelen an Objektiver fir astronomesch Instrumenter gouf hien och dozou erugezunn, disponible Optike duerch Retuschen ze verbesseren. Sou koum hien och mat dem Observatoire vun Hamburg-Bergedorf a Kontakt. Do huet hien du vun 1926 un, als fräie Mataarbechter geschafft.

Zu Hamburg hat hien e komplett neiaartegt Spigelteleskop erfonnt, dat haut Schmidt-Spigel, Schmidt-Teleskop oder och Schmidt-Kamera genannt gëtt. D'Schmidt-Kamera huet wéinst dem grousse Bildwénkel an héchster Bildqualitéit bis an d'Ecker vun der Fotoplack bal wäit Verbreedung an der Astrofotografie fonnt. Méiglech war den Erfolleg vum Schmidt-Teleskop och doduerch, well de Schmidt drop verzicht hat, seng groussaarteg Iddi als Patent unzumellen.

Éierungen[änneren | Quelltext änneren]

Nom Schmidt ass den Asteroid (1743) Schmidt genannt. Och de Schmidtweg am Hamburger Staddeel Bergedorf ass nom Bernhard Schmidt genannt.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

Schmidt Musée am Hamburger Observatoire, Bergedorf
  • Ein lichtstarkes komafreies Spiegelsystem. in Centralzeitung für Optik und Mechanik 52 (1931) S. 25-26 und in den Mitteilungen der Hamburger Sternwarte in Bergedorf, Bd. 7 Nr.36, Online erhältlech

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Richard Schorr: Bernhard Schmidt. Astronomische Nachrichten Nr. 6171, Januar 1936 Bd. 528
  • Arthur Arno Wachmann: Das Leben des Optikers Bernhard Schmidt. in: Sterne und Weltraum 1962/2, S. 28-32
  • Rolf Riekher: Fernrohre und ihre Meister. 2. Auflage. Verlag Technik, Berlin 1990, S. 321-326, ISBN 3-341-00791-1
  • Siegfried Marx, Werner Pfau: Himmelsfotographie mit Schmidt-Teleskopen. Urania-Verlag, Leipzig 1990, 167 S., 97 Abb., ISBN 3-332-00214-7
  • Erik Schmidt: Optical Illusions: The Life Story of Bernhard Schmidt, the Great Stellar Optician of the Twentieth Century. Teaduste Akadeemia Kirjastus, 1995, ISBN 9985501020.
  • Erik Schmidt: Minu Onu Bernhard Schmidt. Ilmamaa, 2002, ISBN 9985770617.
  • Barbara Dufner: Den Himmel fest im Blick, Eine wissenschaftliche Biografie über den Astro-Optiker Bernhard Schmidt. Franz Steiner Verlag, Stuttgart 2002, 337 S., ISBN 3-515-08097-X,
  • Erik Schmidt: Bernhard Schmidt 1879–1935. 2004.
  • J. Schramm, Sterne über Hamburg - Die Geschichte der Astronomie in Hamburg, 2. überarbeite und erweiterte Auflage, Kultur- & Geschichtskontor, Hamburg 2010, ISBN 978-3-9811271-8-8

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie