Beruffschamber
Zu Lëtzebuerg sinn d'Beruffschamberen offiziell, gesetzlech Organer, deenen hire Komitee obligatoresch vun alle Memberen aus der Branche gewielt gëtt, déi d'Intérête vun der Branche vertrieden an deenen eng Beroderroll zoufällt. Bei der Ausaarbechtung vu gesetzleche Bestëmmungen, déi hir Membere betreffen, gëtt hiren Avis gefrot.
Et gëtt fënnef Beruffschamberen zu Lëtzebuerg:
- d'Chambre de commerce (Handelskammer)
- d'Chambre des métiers (Handwerkskammer)
- d'Chambre d'agriculture (Landwirtschaftskammer)
- d'Chambre des fonctionnaires et employés publics (Staatsbeamtenkammer)
- d'Chambre des salariés
[änneren] Geschicht
Den 10. Juli 1920 gouf d'Gesetz vum 28. Juni 1920 iwwer d'Grënnung vun enger Chambre de travail op Walbasis am Mémorial publizéiert. Dat Gesetz gouf awer net an där Form ëmgesat an 1924 duerch dat neit Gesetz iwwer d'Beruffschamberen ofgeschaaft an ersat.
1924 goufen et, op Basis vum Gesetz vum 4. Abrëll 1924 iwwer d'Grënnung vu gewielte Beruffschamberen, fënnef Beruffschamberen. Et waren dat:
- d'Chambre de commerce (Handelskammer)
- d'Chambre des artisans (Handwerkerkammer)
- d'Chambre d'agriculture (Landwirtschaftskammer)
- d'Chambre des employés privés (Privatbeamtenkammer)
- d'Chambre de travail (Arbeiterkammer)
Duerch Gesetz vum 12. Februar 1964 gouf d'Chambre des fonctionnaires et employés publics als sechst Beruffschamber gegrënnt.
Den 1. Januar 2009 gouf op Basis vum Gesetz vum 13. Mee 2008 iwwer d'Aféierung vum Eenhheetsstatut fir Salariéen am Privatsekteur d'Chambre des salariés gegrënnt. Si ass aus der Fusioun vun der Chambre des employés privés mat der Chambre de travail erfirgaangen.
[änneren] Um Spaweck
- Hir Aufgaben an hire Funktionnement
- Loi du 28 juin 1920, portant création d'une chambre de travail à base élective (fr)
- Loi du 4 avril 1924, portant création de chambres professionnelles à base élective (fr)
- Arrêté grand-ducal du 8 octobre 1945, portant réorganisation du statut de la Chambre des Artisans (fr)
- Loi du 12 février 1964 ayant pour objet de compléter la loi du 4 avril 1924, portant création de chambres professionnelles à base élective par la création d’une chambre des fonctionnaires et employés publics (fr)
- Loi du 13 mai 2008 portant introduction d’un statut unique pour les salariés du secteur privé... (fr)