Schlass Berwart

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Berwarter Schlass)
Schlass Berwart
D'Berwarts Schlass 1868
Land Lëtzebuerg
Gemeng Esch-Uelzecht
Plaz Esch-Uelzecht
Datum vum Bau 1280 (julianesch)
Ofgerappt oder zerstéiert 1954
D'Schlass 1832 (Aquarell vum Jean-Baptiste Fresez).
Alen Tuerm vun de Wirtschaftsgebaier vum Berwarter Schlass

D'Berwarter Schlass (oder Berwarts Schlass) war e Schlass zu Esch-Uelzecht, dat 1954 ofgerappt gouf. Haut steet op dëser Plaz de Centre de recherches vun der ARBED, an dem zanter 1998 den Technoport Schlassgoart ënnerbruecht ass, dee vum CRP Henri-Tudor bedriwwe gëtt.

Geschichtleches[änneren | Quelltext änneren]

De Bau vun der Buerg Berwart léisst sech op d'Joer 1280 zeréckdatéieren. Well déi Géigend zimmlech suppeg ass, war se gutt gëeegent, fir op dëser Plaz eng Waasserbuerg ze bauen. Hire strategesche Wäert hat se duerch hir Lag no op der Grenz tëscht de Grofschafte Bar a Lëtzebuerg. D'Famill Berwart gouf eng éischt Kéier 1292 ernimmt. Si blouf bis 1397 zu Esch, duerno gouf hir Herrschaft aneschtwuers verierft. D'Schlass huet awer weiderhin hiren Numm behalen.

1558 gouf d'Schlass vun den Truppe vum Herzog vu Guise zerstéiert a verbrannt. 1621 gouf et nei opgebaut. 1721 huet den Heinrich vu Schauwenburg d'Wirtschaftsgebaier nees opbaue gelooss. Dës Wirtschaftsgebaier goufen eréischt 1973 ofgerappt, just den Entréestuerm gouf stoe gelooss, et ass den Tuerm, deen och haut nach do steet.

1763 huet den Anton-Josef vu Schauwenburg erëm en neit Schlass op den ale Fëllementer baue gelooss, dëst gouf awer alt nees zerstéiert, wéi 1794 franséisch Revolutiounstruppen an d'Éisträicher bei Kämpfereien vun Esch net méi vill ganz gelooss hunn.

1805 huet de Fräihär vu Schauwenburg d'Schlass, oder wat dovu Rescht war, dem franséische Militärdokter J.P Frémion verkaaft, deen et sengersäits, der Metzer Famill Prunot viruverkaaft huet. 1869 huet d'SA Metz & Cie d'Schlass an en Deel vun de Lännereien opkaaft. Op de Lännereien huet se d'Metze Schmelz, déi spéider Arbed Schëffleng, opgeriicht. D'Schlass gouf d'Residenz vun den Direktere Léon Metz an Hubert Muller-Tesch.

1905 ass e Feier am Schlass ausgebrach; et gouf alt nees opgebaut, an den Daach gouf ausgebaut. Nom Doud vum Léon Metz 1928 stoung d'Schlass meeschtens eidel.

Wärend der däitscher Besatzung am Zweete Weltkrich, tëscht 1942 an 1944 gouf et benotzt, fir ënner der Bezeechnung Lager Schloss sougenannten "Ostarbeiter" anzequartéieren, d. h. Leit aus de vum Däitsche Räich besaten Territoiren a Länner an Osteuropa, déi zwangsëmgesidelt a forcéiert goufen, an de Schmelzen a Minièren ze schaffen. Och nom Ofzuch vun de Besatzer blouwen déi Leit nach bis zu Enn vum Zweete Weltkrich an déi Méint duerno do wunnen, ier se nees bei sech heem konnten[1].

Nom Krich ass d'Schlass ëmmer méi delabréiert. 1954 huet d'Arbed et ofrappe gelooss. Fir d'Cinquantenairesfeierlechkeeten, 1956, fir d'Geschicht vun der Stad ze wierdegen, huet missen eng Kuliss vum Schlass opgeriicht ginn[2]. D'Wirtschaftsgebaier aus dem 18. Joerhonnert goufen, wéi schonn ernimmt, 1973, bis op den Entréestuerm, ofgerappt.

Nodeem dësen Tuerm bal 20 Joer eleng an der Landschaft stoung, goufen 1992 vun do aus zwou Verbindungsgalerien un en neit administratiivt Gebai vun der Arbed geluecht, dat hannendrun, op der Plaz vum ale Schlass, no Pläng vum Kölner Architektebüro Gottfried Böhm opgeriicht gi war.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Schlass Berwart – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Aner sou Lageren zu Esch waren Holzbaracken zu Raemerech, zu Lalleng a bei der Minière Heinzebierg. Zu den Ostarbeiter, kuckt: Fernando Ricardo Baptista Barra: "Les 'Ostarbeiter' dans la sidérurgie luxembourgeoise (1942-1945)." In: Terres rouges. Histoire de la sidérurgie luxembourgeoise, tome 1. Collection dirigée par Charles Barthel et Josée Kirps. Luxembourg: Centre d'études et de recherche européennes Robert Schuman, Ministère d'´État, Archives nationales du Luxembourg, Ministère de la culture, de l'enseignement et de la recherche, 2009, S.16-70.
  2. Esch im Zeichen seiner Fünfzigjahrfeiern. Revue N°51 vum 17. Dezember 1955 S.10.