Berwinne
D'Berwinne oder och Berwine , op limburgesch Berweng, op hollännesch Berwijn ass eng belsch Baach an de Provënze Léck a Limburg. Et ass e rietsen Niewefloss vun der Meuse.
Si huet hir Quellen op enger Héicht vun 271 Meter, an enger Zoch tëscht de Lieu-diten Birven a La Vlamerie, südëstlech vun der Uertschaft Aubel an eng ronn 2 km Loftlinn südlech vum Amerikanesche Militärkierfecht vun Henri-Chapelle. Se leeft vu do aus praktesch de ganzen Zäit no Westen, laanscht oder duerch d'Uertschafte Mortoux, Bombaye, Dalhem, Berneau a Mouland. Eng ronn 2 km westlech vu Mouland leeft se beim Barrage vu Lixhe an d'Meuse. D'Berwinne ass ronn 26 km laang.
Et ass de gréisste Waasserlaaf am Pays de Herve, an a sengem Dall läit d'Abtei vum Val-Dieu.
Seng Haaptnieweflëss sinn de Bolland, d'Bel an de Ruisseau d'Asse.
| Nieweflëss vun der Meuse | |
|---|---|
| Lénks : Alyse - Andon - Aroffe - Bar - Burnot - Dieze - Ennemane - Faux -Féron - Forges - Geer - Gelbressée - Hermeton - Houyoux - Leffe - Légia - Mehaigne - Méholle - Molignée - Raam - Récourt - Sambre - Saônelle - Saulx - Scance - Sormonne - Vair - Vence - Viroin - Voer - Wame - Wiseppe - Yoncq | |
| Riets : Berwinne - Bocq - Creuë - Flambart - Givonne - Goutelle - Geul - Houille - Hoyoux - Julienne - Kuer - Lesse - Mouzon - Niers - Ourthe - Roer - Rupt - Samson - Semois - Swalm - Vrigne | |
| Kuckt och : Baseng vun der Meuse | |
| Commons: Berwijn – Biller, Videoen oder Audiodateien |