Beta Pictoris

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
HST-Foto vum Beta Pictoris
Numm β Pictoris
Stärebild: Pictor (Pic)
Daten
Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 05h 47m 17.088s
Deklinatioun - 51° 03' 59.45"[1]
visuell Magnitude + 3,85 mag
Spektralklass: A3 V
Astrometrie
Radial Vitesse: (20,0 ± 0,7) km/s[2]
Parallax (51,44 ± 0,12) mas[3]
Distanz (63,41 ± 0,15) Lj
Absolut Hellegkeet +2,4 mag
Aner Bezeechnungen
CD −51° 1620
Bayer-Bezeechnung β Pictoris
Bright Star Catalogue HR 2020
Henry-Draper-Katalog HD 39060
Hipparcos-Katalog HIP 27321
SAO-Katalog SAO 234134
Tycho-Katalog TYC 8099/1392/1
GJ 219

De Beta Pictoris (β Pictoris oder kuerz β Pic) ass den zweethellste Stär am Stärebild Pictor. De masseräiche gliddege Stär läit op enger Distanz vu ronn 63 Liichtjoer a spillt an der Geschicht vun der Astronomie eng bedeitend Roll. De Stär ass Member vum β-Pictoris-Bewegungskoup deem en och den Numm gëtt.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

1983 gouf mam Infraroutsatellit IRAS eng Stëbsschéif um Beta Pictoris entdeckt, ee Joer méi spéit gouf déi mat engem äerdgebonnenen Teleskop fotograféiert. D'Stëbscheif huet e Radius vu 400 astronomeschen Eenheeten. An der Stëbscheif kéinte sech méiglecherweis Planéite formen. 1995 hu Fotoe vum Hubble-Weltraumteleskop drop higedeit datt de bannenzegte Beräich vun der Scheif gebéit kéint sinn. Nei Hubble-Space-Teleskop-Observatiounen mat der héichopléisender Advanced Camera for Surveys konnten noweisen, datt d'Scheif a Wierklechkeet aus zwou op 4 Grad gebéite Stëbscheiwe besteet déi aneneelafe. En Erkläerungsmodell ass d'Unhuele vun engem Planéit oder Brongen Zwerg vun 20 Jupitermassen, deen de Stär ëmkreest.[4]

Op enger Foto, opgeholl am Joer 2003 mam VLT gouf no beim Beta Pictoris en Objet fonnt, deen als Planéit mat ongeféier aachtfacher Jupitermass ugesinn gëtt, deen awer op Fotoen déi duerno gemaach goufen, net méi do ass. Méiglecherweis ass en Duerchgank vun deem Objet fir e liichten Hellegkeetsoffall vum Beta Pictoris am Joer 1981 verantwortlech, a schonn an enger 1995 publizéierter Analys vun op La Silla gewonnenen Donnéeë vum Observatoire vun der Universitéit Genf opgefall war.[5][6][7] Sollten d'Observatiounen tatsächlech zesummenhänken, sou wier den nächsten Duerchgank tëscht September 2013 an Dezember 2020 z'erwaarden. Astronomen hoffen elo op weider Observatiounen an de kommende Joren, fir déi Hypothes ze bestätegen an den nächsten Duerchgank méi genee viraussoen ze kënnen. Zudeem wär de Beta Pictoris domat dee bis elo hellste Stär mat engem Transit-Planéit a géif sou gutt Méiglechkeete fir Ënnersich vun der Planéitenatmosphär bidden.[8]

Am Juni 2010 hat d'ESO gemellt, datt d'NACO-Instrument um VLT den Objet nees detektéiert huet an zwar op der anerer Säit vum Stär. Doduerch gouf fir d'éischt d'Bewegung vun engem Exoplanéit ëm säin Zentralstär direkt observéiert an et gëllt als sécher, datt et sech beim observéierten Objet tatsächlech ëm den ugehollene Planéit handelt a net ëm en Artefakt oder ëm e Stär am Hannergrond. An den nächste Jore wäert sech de vollen Ëmlaf vum Planéit ëm de Stär erausstellen. Aus der Siicht vun der ESO steet awer net fest, ob de Planéit vir oder hanner dem Zentralstär laanschtgewandert ass, well dat mat de Biller net z'ënnerscheeden ass.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Commons: Beta pictoris – Biller, Videoen oder Audiodateien

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Hipparcos-Katalog (ESA 1997)
  2. Pulkovo radial velocities for 35493 HIP stars
  3. Hipparcos, the New Reduction (van Leeuwen, 2007)
  4. T. Althaus.: Zwei Staubscheiben um Beta Pictoris. In: Sterne und Weltraum. 8/2006, Spektrum Verlag, ISSN 0039-1263
  5. Rufener, F.: "Catalogue of stars measured in the Geneva Observatory photometric system (fourth edition)"; in: Astronomy and Astrophysics Supplement Series (ISSN 0365-0138), Vol. 78, Nr. 3, Juni 1989, S. 469ff.
  6. Lecavelier Des Etangs et al.: "β Pictoris: evidence of light variations"; in: Astronomy and Astrophysics, Vol. 299, S. 557, 1995
  7. Verpasste Entdeckerehre – Artikel bei der FAZ, vom 8. April 2009
  8. Erste Planetenbeobachtung schon 1981? – Artikel bei astronews.com, vum 31. Mäerz 2009