Betelgeuse (Stär)
| Stär Betelgeuse | |
|---|---|
| Numm a Stärebild | |
| Numm | Betelgeuse α Orionis |
| Stärebild: | Orion |
| Daten | |
| Equinoxe | J2000.0 |
| Rektaszensioun | 05h 55m 10.3052s |
| Deklinatioun | + 07° 24' 25,426" |
| visuell Magnitude | + 0,3 bis 0,9 mag |
| Spektralklass: | M1-2 Ia-Iab |
| verännerleche Stärtyp | My-Cephei-Stär |
| Astrometrie | |
| Radial Vitesse: | + 21,0 ± 0,9 km/s |
| Parallax | 7,63 ± 1,64 mas |
| Distanz | 427,28 Lj |
| Absolut Hellegkeet | - 5,0 bis -5,3 mag |
| Physikalesch Eegeschaften | |
| Mass: | zirka 20 M☉ |
| Radius: | 662 R☉ |
| Liichtkraaft: | zirka 55.000 L☉ |
| Uewerflächentemperatur | 3450 K |
| Aner Bezeechnungen | |
| ADS | ADS 4506 |
| Bonner Duerchmusterung | BD +07°1055 |
| Bright Star Catalogue | HR 2061 |
| Flamsteed-Bezeechnung | 58 Orionis |
| Henry-Draper-Katalog | HD 39801 |
| Hipparcos-Katalog | HIP 27989 |
| SAO-Katalog | SAO 113271 |
| Tycho-Katalog | TYC 129-1873-1 |
D'Betelgeuse, och α Orionis genannt, Synonyme: Beteguex; Betelgeuze; Beteiguex; Beteigeuze; Al Mankib, ass e Stär am Stärebild Orion. Hie gëtt och de Schëllerstär vum Orion genannt.
Inhaltsverzeechnes |
Den Numm [änneren]
Den Numm staamt vum („Yad al-Jawzā“, „Hand vum Stärebild Zwilling“, „Hand vun der Risin“). Dësen Numm fënnt ee schonns am Buch vun de Fixstärekonstellatiounen vum arabeschen Astronom Abd ar-Rahman as-Sufi († 986).
Mat bloussem A gesäit een déi rout Faarf vum Stär, genee wéi och beim Planéit Mars. Si sinn allen zwéi mat Krich a Verbindung bruecht ginn. Well de Betelgeuse, deen éischte Stär vum Stärebild Orion ass, deen iwwer dem Horizont eropkënnt, gouf hien an der Antikitéit och den „Ukënneger“ genannt.
Weider Bezeechnungen a verschiddene Sproochen a Kulturkreesser sinn:
- Al Dhira (den Aarm),
- Al Mankib (d'Schëller)
- Al Yad al Yamma (déi riets Hand)
- Ardra (Hindi),
- Bahu (Sanskrit),
- Bed Elgueze
- Beit Algueze
- Besn (op Persesch) (den Aarm),
- Beteigeuze
- Beteiguex
- Betelgeuze (Bet El-geuze),
- Betelgeza (Slowenesch),
- Betelguex
- Gula (Euphratesch),
- Ied Algeuze (Orions Hand),
- Klaria (Koptesch) (Äermchen)
- Yedelgeuse
- 平家星 (Japan)(Heikeboshi Der Stern von Heike-Clan)[1][2],
Eegeschaften [änneren]
De Betelgeuse ass e Risestär an gëtt am Hertzsprung-Russell-Diagramm an d'Klass vun de roude Risestären agedeelt. De Betelgeuse huet ongeféier den 600-fachen Duerchmiesser vun eiser Sonn an huet ongeféier déi 10.000-fach gréisser Liichtkraaft. Vun eiser Äerd aus gesinn ass de Betelgeuse deen zéngthellste Stär.
Dëse Stär ass vu groussem astronomeschen Interesse. Säi Radius war deen éischten, dee mëttels Interferometrie bestëmmt gouf. Et huet sech heraus gestallt, datt hien tëschent 290 Mio km an 480 Mio km schwankt. Doduerch schwankt och d'Hellegkeet vum Betelgeus tëschent +0,3 an +0,6 m mat enger hallefregelméisseger Period vun 2070 Deeg (μ-Cephei-Typ). An eist Sonnesystem iwwerdroen, géif de Stär bei senger gréisster Ausdeenung nach d'Ëmlafbunn vum Planéit Jupiter beréieren. Hien ass niewent der Mira deen eenzege Stär, dee vun der Äerd aus mat déierzäiteger Teleskoptechnik als Fläch observéierbar ass.
D'Distanzbestëmmung vum Betelgeuse huet sech wéi bei alle Stären, déi wäit ewech sinn, am Ufank als schwiereg erwisen. Laang Zäit ass gemengt ginn d'Distanz wier ëm 700 Liichtjoer. Eréischt mat Hëllef vum Satellit Hipparcos huet se sech méi genee op 430 Liichtjoer (131 Parsec) bestëmme gelooss. Neisten Analyse vun Hipparcos-Daten deiten op eng méiglecherweis méi héich Distanz vu ronn 640 Liichtjoer (197 Parsec) [3].
Zukunft als Supernova [änneren]
No gängeger Meenung vun Astronomen wäert de Stär Betelgeuse als Supernova zu Enn goen. Iwwer den Zäitraum, wéini dëst Ereegnes ze erwaarden ass, ginn d'Meenungen wäit auseneen: d'Zäitspan läit tëschent 1000 an 100.000 Joer.
Eng Supernova op der Betelgeuse wier op eiser Äerd immens hell ze gesinn a géif de ganzen Nuetshimmel iwwerstralen. Bei roude Risen vum Typ Betelgeuse kann kann een bei enger Supernova duerchschnëttlech vun enger 16.000-facher Liichtkraaftsteigerung ausgoen. De Betelgeuse erstraalt am Moment mat ronn 0,5 mag um Stärenhimmel, bei enger Supernova géif déi visuell Hellegkeet −9,5 bis −10,5 mag erreechen, wat enger absoluten Hellegkeet vu −15,1 bis -16,1 entsprécht. Dat ass d'Liichtkraaft vum Hallefmound.
Referenzen [änneren]
- ↑ "en:Daijirin" p.2327 ISBN:4385139024
- ↑ en:Hōei Nojiri"Shin seiza jyunrei"p.19 ISBN: 9784122041288
- ↑ Graham M. Harper, Alexander Brown, and Edward F. Guinan, A New VLA-Hipparcos Distance to Betelgeuse and its Implications, The Astronomical Journal 135, 4 (Abrëll 2008), pp. 1430–1440. Zesammefaassung
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Betelgeuse – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Kuckt och [änneren]
- ABC vun de Stären
- Gréisst Stären
- Noost Stären
- Hellst Stären
- Verännerlech Stären
- Hallefregelméisseg verännerlech Stären
- Konstellatioun
- Hyperris