Bettenduerfer Millen

Vu Wikipedia
Bettenduerfer Millen
Koordinaten 49° 52’ 29.38’’ N
      06° 13’ 18.81’’ O

D'Bettenduerfer Millen, och nach Zettinger Mille genannt[1], ass eng fréier Bannmille vu Bettenduerf. Déi éischt Spuere vun enger Mille zu Bettenduerf ginn op d'Joer 1338 zeréck[1].

De leschte Mëller hat versicht, seng Produktioun op Nuddelprodukter ëmzestellen, mä dat huet iergendwéi net gezu gehat a sou ass de Betrib reegelrecht d'Baach erofgaangen.

An den 1960er Joren huet ee Rollluedefabrikant vun Dikrech d'Mille kaaft. D'Millesteng an d'Zännrieder sinn erausgeflu an an d'Plaz koum e Stroumgenerator. De Rescht vum Gebai ass als Lager gebraucht ginn.

Deen nächste Keefer war eng Veianener Famill, déi awer net un enger Exploitatioun intresséiert war, just d'Wunnhaus dat zur Mille gehéiert huet gouf benotzt.

An den 1980er Joren huet de Jean-Paul Baatz d'Mille kaaft, fir do e Geschäft mat Accessoirë fir de Schéisssport opzemaachen. An där Zäit gouf och de Stroumgenerator nees an d'Rei gesat, deen en Iwwerschoss erziilt deen an d'ëffentlecht Netz agespeist gëtt. D'Wunnhaus huet de Baatz an den 1990er Joren nokaaft. De Silo aus dem Joer 1938[1] mat enger Héicht vu siwe Stäck[1] war duerno an den Hänn vun der Mierscher Silosgenossenschaft, gouf deels och vun der Klengbettener Mille benotzt an ass 2020 fir de symboleschen Euro vun der Gemeng Bettenduerf kaaft ginn.

De 14. Abrëll 2023 gouf d'Millen als nationale Kulturpatrimoine klasséiert.[2]

Iwwerdeems sinn Aarbechten am Gaang, d'Waasserkraaftwierk duerch den Abau vu Kaplan-Turbinnen ze moderniséieren an an d'Rei ze setzen. Och eng Fëschtrap an en neit Wier gi gebaut, Am Gebai vun der Mille selwer sollen eng 13 Wunningen ageriicht ginn.[3]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 Denkmalschutz bremst Bettendorf. www.wort.lu (18.11.2021). Gekuckt de(n) 22.11.2021.
  2. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).
  3. "Neues Kapitel für die alte Mühle von Moestroff." wort.lu [w+], 06.09.2023.