Betty Fontaine

Vu Wikipedia
Betty Fontaine
Gebuer 31. Mee 1977
Nationalitéit Lëtzebuerg

D'Betty Fontaine, gebuer den 31. Mee 1977 zu Ettelbréck[1], ass d'Patronne vun der Brasserie Simon zu Wolz.

Si ass d'Duechter vum Jacques Fontaine an d'Enkelin vun der Jacqueline Simon, déi virdru, bis 2003, d'Wëlzer Brauerei Simon geleet hunn.

D'Betty Fontaine, déi op der Uni vu Léck Diplomingenieur an der Elektromechanik gi war (1997-2003) an duerno op der Uni vun Nanzeg (Nancy II) nach een Diplom a business administration gemaach huet, ass mat 26 Joer Chef vum Brauereibetriib Simon ginn.

Vun 2005 bis 2006 war si Presidentin vun der Fédération des brasseurs luxembourgeois.

Am Juli 2012 gouf d'Betty Fontaine an de Conseil d'administration vun der Lëtzebuerger Zentralbank ernannt,[2],[3] am September 2014 huet si hir Demissioun agereecht.[4] Doropshin huet de Regierungsrot den 28. November 2014 d'Affekotin Simone Retter an de Conseil ernannt.[5]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. paperjam.lu
  2. wort.lu
  3. Lëscht vun de Membere vum Conseil d'administration vun der Banque Centrale op www.bcl.lu
  4. Il n'y a plus de femme à la Banque centrale, paperjam.lu, 8. Oktober 2014
  5. Simone Retter fait son entrée à la BCL , paperjam.lu 1. Dezember 2014