Betty Fischer

Vu Wikipedia
Betty Fischer
Gebuer 12. Oktober 1887
Wien
Gestuerwen 12. Januar 1969
Wien
Nationalitéit Éisträich
Aktivitéit Sänger

D'Betty (oder och Wetty; fir richteg Barbara) Fischer, gebuer den 12. Oktober 1887 zu Wien an och do gestuerwen den 12. Januar 1969, war eng éisträichesch Operettesopranistin, déi als "Lercherl von Hernals“ bekannt war.

D'Betty Fischer hat fir Néiesch geléiert, mä hat méi Goût fir d'Sange wéi fir d'Bitzen. Si huet Coursë geholl an hir Stëmm als Sopran mat iwwer dräianenghallef Oktaven ausgebilt. Si ass ë. a. noenee beim Raimundtheater beim Ronacher a beim Theater an der Wien opgetrueden, wou se hir éischt Roll als Valencienne an Die lustige Witwe hat.

Si stoung dacks mam Hubert Marischka zesummen op der Bün, an huet Tournéeën duerch ganz Europa gemaach. Well si Jiddin war, ass si 1933 emigréiert an eréischt 1947 hannescht op Wien gaangen. Wärend hirem Exil huet si vun 1938 un (bis?) zu Lëtzebuerg gewunnt.

Wéi se nees zu Wien war, ass se nëmme méi nach seelen opgetrueden. Si ass an héijem Alter, praktesch vergiess, gestuerwen.

1999 gouf zu Wien-Hernals de Betty-Fischer-Weg no hir genannt.