Bewegungsequatioun
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
(Virugeleet vu(n) Beweegungsequatioun)
Eng Bewegungsequatioun ass eng mathematesch Equatioun, déi d'Bewegung vun engem Objet beschreift.
Gewéinlech besteet eng Bewegungsequatioun aus der Acceleratioun vum Objet, a Fonctioun vu senger Positioun, Vitesse, Mass an aus alle Variabelen, déi déi Elementer affektéieren. Déi Equatioun gëtt virun allem an der klassescher Mechanik benotzt, a gëtt ënner der Form vu sphäresche Koordinaten, zylindresche Koordinaten a cartesesche Koordinaten representéiert, a se respektéiert Bewegungsgesetzer vum Newton.