Bezierk Pankow

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Bezierk Pankow [ˈpaŋkoː] ass deen drëtten a meescht bevëlkerte Verwaltungsbezierk vun der Bundeshaaptstad Berlin. Am Kader vun der Verwaltungsreform 2001 huet den deemolege Bezierk Pankow mat de Bezierker Prenzlauer Berg a Weißensee fusionéiert, an ass flächeméisseg gewuess.

Geographesch Lag [änneren]

Pankow läit am Nordoste vu Berlin a grenzt un d'Bezierker Lichtenberg, Friedrichshain-Kreuzberg, Mitte a Reinickendorf grad esou wéi un d'Brandenburger Landkreeser Oberhavel a Barnim.

Ënnerdeelung vu Pankow [änneren]

Pankow ass ganz ënnerschiddlech bevëlkert. Zwee Drëttel vun der Bevëlkerung wunnen an den dräi gréissten Deeler: Prenzlauer Berg, Pankow (Deel vum Bezierk Pankow) a Weißensee.

De Prenzlauer Berg ass de fënneftmeescht besidelten Deel vu Berlin, während Blankenfelde a Stadtrandsiedlung Malchow déi zwou Plaze sinn, wou sech déi mannste Leit néiergelooss hunn (just ee Prozent vun der Bevëlkerung vum Bezierk Pankow), an dat obschonns déi zwee Deeler ee Fënneftel vun der Fläch vum Bezierk ausmaachen.

Um Spaweck [änneren]

Commons: Bezierk Pankow – Biller, Videoen oder Audiodateien