Bibel
D'Bibel (gr. τα βιβλια - Bicher) ass d'Helleg Schrëft vun de Chrëschten. Et handelt sech ëm eng Sammlung vu Bicher a Bréiwer, déi tëscht 1000 v. Chr. an 100 n. Chr. am Mëttelmierraum geschriwwe goufen. Den Inhalt vun dëse Bicher ass ganz verschidden, esou fënnt een z. B. Heldenepen, Gesetzsammlungen, Spréchwierder, Berichter, Erzielungen, Gedichter, Gebieder, Bréiwer. Meeschtens ass den Inhalt mat dem jiddesch-chrëschtleche Gott a Relatioun.
Déi chrëschtlech Bibel besteet aus zwéi groussen Deeler, dem sougenannten Alen Testament an dem Neien Testament. Dat Aalt Testament ass gréisstendeels op Hebräesch geschriwwen an entsprécht der jiddescher helleger Schrëft. D'Neit Testament, dat op Griichesch geschriwwen ass, gëtt just vum Chrëschtentum unerkannt an handelt haaptsächlech vum Jesus. Fir den Islam ass d'Bibel och e wichtegt Buch, awer laang net esou wichteg ewéi de Koran, dee fir d'Muselmanen dat onverfälscht Wuert vu Gott verkierpert.
Am 4. Joerhonnert gouf d'Bibel integral op Latäin iwwersat (Vulgata). Am 16. Joerhonnert huet de Martin Luther d'Originaltexter op Däitsch iwwersat. Am Protestantismus hat d'Helleg Schrëft zënterhier en héije Stellewäert. An der kathoulescher Kierch gouf déi wichteg Roll vun der Bibel beim Zweete Vatikanesche Konzil ënnerstrach: D'Bibel soll net nëmmen als Zitatereservoir gëlle fir Léieren ze justifiéieren, mä als sollech an als Ganzt eescht geholl ginn.
D'Wëssenschaft, déi sech mat der Ausleeung vun der Bibel befaasst, gëtt Exeges genannt. Hei ginn et verschidde Richtungen. Am bekanntesten ass déi historesch-kritesch Exeges, déi den historeschen Entstéiungshannergrond vun den Texter studéiert, sou wéi d'Entstéiung an d'Wuesse vun den eenzelnen Texter, déi a ville Fäll e puer mol modifizéiert an ergänzt gi sinn.
Inhaltsverzeechnes |
D'Bibel op Lëtzebuergesch[änneren]
Am Optrag vun der Kathoulescher Kierch[änneren]
Fir den Ufank vum neie Kierchejoer 2009/2010, dem 1. Adventssonndeg (29. November 2009), huet den Äerzbistum Lëtzebuerg an Zesummenaarbecht mat den Éditions Saint-Paul en Evangeliar op Lëtzebuergesch eraus ginn. An dësem Evangeliar, deen eigentlech en Evangelistar ass, fënnt een d'Evangelientexter vun de Sonndeger a vun de grousse Festdeeg aus der kathoulescher Liturgie. En ass mat 12 Biller vum Jean-Marie Biwer illustréiert. Um Site vun der Kathoulescher Kierch ginn no an no all dës Texter zesumme mat engem "Schlëssel", deen den Zougank zum Bibeltext erliichtere wëll, op de Spaweck gestallt.
Am Aarbechtsgrupp "Iwwersetzung vun der Bibel op Lëtzebuergesch", déi un dësem Evangeliar geschafft hunn, sinn: Claude Bache, Fränz Biver-Pettinger, Jeannot Gillen a Carine Hensgen.
Zur Zäit gëtt et awer nach ëmmer keng komplett Iwwersetzung vun der Bibel op Lëtzebuergesch. Dofir ginn et op mannst dräi Grënn:
- Däitsch war an ass d'Haaptsprooch vun der Kathoulescher Kierch zu Lëtzebuerg. Et ass an där Sprooch, wou gebiet gouf a gëtt, wou d'Paschtéier d'Mass gehalen hunn, an 't ass bis haut nach ëmmer esou, datt däitsch Iwwersetzunge vun der Bibel a lëtzebuergeschsproochege Masse gebraucht ginn.
- Dat geschriwwent Lëtzebuergesch huet sech eréischt zënter dem Sproochegesetz vun 1984 emanzipéiert, wou et méi ëffentlech geschriwwe gëtt.
- Et gëtt keng Grupp, déi eng ganz Iwwersetzung vun der Bibel probéiert huet.
Op bibel.lu, dem Site vum "diözesanesche Bibelservice", gëtt et eng Rubrik "D'Bibel op Lëtzebuergesch".
Aner Usätz[änneren]
Et gëtt och nach aner Versich, d'Bibel oder besser Deeler vun der Bibel op Lëtzebuergesch ze iwwersetzen:
- De Félix Molitor an de Raymond Schaack hunn 1996 d'Psalmen op Lëtzebuergesch iwwersat. Gréissten Deels si se vun dem Martin Buber senger daïtscher Iwwersetzung a vun der franséischer Traductioun vun der Bible de Jérusalem ausgaang. D'Poesie vun dësen Texter op Lëtzebuergesch ukléngen ze loossen ass den Uleies vun dëser Publikatioun. Eng Auswiel vun dëse Psalme fënnt een um Spaweck bei bibel.lu.
- De Francis Hierzig huet an de Joren 2001-2003 "Dem Herrgott säin Wuert" erausginn, wou hien a 4 Bänn d'Liesunge vun de Sonndeger aus den 3 Liesjoren A, B an C, ewéi och d'Liesunge fir d'Fester uechter d'Joer a fir aner Feierlechkeeten op Lëtzebuergesch iwwersat huet a jeeweils och op Lëtzebuergesch ageféiert huet.
- Den Dieter Zimmer an den Oswald Oesch verëffentlechen zënter 2010 op evangelium.lu ënnert den Titel Bibel fir alleguer eenzel Bicher aus dem Neien Testament op Lëtzebuergesch. Bis elo sinn dat d'Markusevangelium, d'Bréiwer un d'Galater, d'Epheser an d'Philipper.
D'Bicher aus der Bibel[änneren]
Lëscht vun de Bicher aus der Bibel (no der Reiefolleg vun der TOB (traduction oecuménique de la Bible)):
Aalt Testament[änneren]
Pentateuch[änneren]
- Genesis
- Exodus
- Levitikus
- Numeri
- Deuteronomium
Prophéitebicher[änneren]
Éischt Prophéiten[änneren]
- Josua
- Riichter
- Samuel 1
- Samuel 2
- Kinneken 1
- Kinneken 2
Lescht Prophéiten[änneren]
- Jesaia
- Jeremias
- Ezechiel
- Hosea
- Joël
- Amos
- Abdias
- Jonas
- Micha
- Nahum
- Habakuk
- Zefania
- Haggai
- Zacharia
- Maleachi
Aner Bicher[änneren]
- Psalmen
- Job
- Sprachwierder
- Rut
- Lidd vun de Lidder
- Kohelet
- Lamentatiounen
- Ester
- Daniel
- Esra
- Nehemia
- Chronik 1
- Chronik 2
Deuterokanonesch Bicher[änneren]
Dës Bicher sinn op Griichesch geschriwwen an zielen dofir net fir de jiddesche Kanon an och net fir d'protestantesch Bibel.
- Ester (griicheschen Deel)
- Judith
- Tobit
- Makkabäer 1
- Makkabäer 2
- Wäisheet
- Jesus Sirach
- Baruch
- Bréif vum Jeremias
Neit Testament[änneren]
Evangelien[änneren]
- Matthäus
- Markus
- Lukas
- Johannes
Apostelgeschicht[änneren]
Bréiwer vum Paulus[änneren]
- Réimer
- Korinther 1
- Korinther 2
- Galater
- Epheser
- Philipper
- Kolosser
- Thessaloniker 1
- Thessaloniker 2
- Timotheus 1
- Timotheus 2
- Titus
- Philemon
Bréif un d'Hebräer[änneren]
Kathoulesch Bréiwer[änneren]
- Jakobus
- Péitrus 1
- Péitrus 2
- Johannes 1
- Johannes 2
- Johannes 3
- Judas
Offenbarung[änneren]
Literatur[änneren]
- Evangeliar op Lëtzebuergesch, Groussformat, gebonnen, 28 x 39 cm, 514 Säiten, éditions saint-paul, 2009, ISBN 978-2-87963-765-5. Handformat, gebonnen, 14 x 19,5 cm, 518 Säiten, éditions saint-paul, 2009, ISBN 978-2-87963-766-2.
- Dem Herrgott säi Wuert, Aféierung an d'Liesunge vun de Sonndeger an de Festdeeg am Kierchejoer: mat engem Versuch vum Francis Hierzig, d'Liesungstexter op Lëtzebuergesch z'iwwersetzen, 4 Bänn, 2001-2003, Lëtzebuerg, Sankt-Paulus-Dréckerei, Luxembourg, F. Quintus bibnet.lu
- D'Psalmen op Lëtzebuergesch, iwwersat vun de Professere Félix Molitor a Raymond Schaack mat Psalmen-Illustratioune vum Marc Chagall, Eis Sprooch, Extra-Serie, Nr. 18, 1995/1996, Sankt-Paulus Dréckerei, Lëtzebuerg.
- Verziel mir aus der Bibel, Dem Jesus säi Liewen , fir Kanner, Publications Zack, Info-Video-Center, Editions Saint-Paul, Lëtzebuerg, 1996, ISBN 2-87963-253-6
Kuckt och[änneren]
Um Spaweck[änneren]
| Commons: Bibel – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- D'Evangelium op Lëtzebuergesch
- Sichen am Evangelium op Lëtzebuergesch
- bibel.lu - De Service Biblique vun der Kathoulescher Kierch
- Bibel fir alleguer op Lëtzebuergesch
- D'Bibel a 70 Sproochen an a méi wéi 180 Iwwersetzungen
- Bibleserver.com - "Ihre Bibel im Netz!"
- D'Bibel online an der Iwwersetzung vum Martin Luther
- Verschidden aner däitsch Bibeliwwersetzungen