Bibendum

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Bibendum

De Bibendum (ausgeschwat: Bibendom), e Männchen aus Pneuen, ass de Logo vun der franséischer Pneuemark Michelin.

Wéi et dozou koum [änneren]

Michelin Poster 1898.jpg

1894 war d'Weltausstellung zu Lyon am Frankräich. Um Stand vun de Bridder Michelin huet den Édouard e Koup Pneuen vu verschiddene Gréissten bemierkt a sot zu sengem Brudder André: "Wann deen Äerm hätt, da géif en engem Mënsch gläichen". Den André huet déi Wierder gutt verhalen, a wéi em e puer Joer drop e Plakat fir eng Brasserie opgefall ass, wou een e korpulente Mann aus Bayern mat engem Humpen a mam Slogan "Nunc est bibendum" ("Lo soll gedronk ginn") gesinn huet, war d'Iddi fir eng nei Publizitéit gebuer.

D'Bridder Michelin hunn 1898 e Plakat ausschaffe gelooss, wou e Personnage aus Pneue sech drugëtt, mat engem Cocktail aus Neel a Schierbelen ze prosten, an der Inskriptioun: "Nunc est bibendum - À Votre Santé, le pneu Michelin boit l'obstacle !".

De Bibendum war fir d'éischt zesummegesat aus 40 Pneuen, duerno aus 26.

Ëmmer méi Leit hu gemengt, de Pneue-Personnage giff Bibendum heeschen. Michelin huet ufanks versicht, sech géint déi Feelinterpretatioun ze wieren, mä huet se schliisslech acceptéiert, wéi dat näicht gedingt huet an ëmmer méi Leit Bibendum als Numm e Begrëff ginn ass.

Um Spaweck [änneren]

Commons: Bibendum – Biller, Videoen oder Audiodateien