BiblioLux

Vu Wikipedia
Dëse Sproochen- a Linguistikartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

BiblioLux ass eng Online-Bibliographie fir lëtzebuergesch Linguistik a Form vun enger duerchsichbarer Datebank.

De Projet Lëtzebuerger Linguistik-Bibliographie[änneren | Quelltext änneren]

De Projet leeft op der Université du Luxembourg, Section d'Etudes Luxembourgeoises an Zesummenaarbecht mat der Universität Trier, Forschungsstelle für Sprachen und Literaturen Luxemburgs.

D'Leit déi un dësem Projet schaffe sinn d'Claudine Moulin, de Peter Gilles (Leedung vum Projet), d'Natalia Filatkina, de Fausto Ravida an de Falko Klaes.

D'Aarbechte vun dësem Projet bestinn dora fir an enger Datebank d'Referenze vu wëssentschaftleche Publikatiounen déi mat der lëtzebuergescher Linguistik vum Ufank 19. Joerhonnert bis an d'Géigewaart ze dinn hunn, ze sammelen. Dëst geschitt andeems Kataloge vun enger Rei Bibliothéiken, Fachbibliographien an Aufsätz duerchgekuckt ginn. D'Referenzen déi an d'Datebank erakommen, ginn, souwäit d'Publikatiounen zougänglech sinn, unhand vun den Originalschrëftstécker iwwerpréift, mat Stéchwieder komplétéiert a katalogiséiert.

Zil vum Projet ass et fir eng Plattform unzebidden, bei där een online an dëser bibliographescher Datebank Referenze siche kann.

Praktesch Informatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • BiblioLux gëtt engem d'Méiglechkeet Publikatioune mat engem oder méi Begrëffer sichen ze goen. Et huet een dobäi dräi Optioune fir d'Sich ze maachen:
    • ee Begrëff fannen
    • all Begrëffer fannen
    • dee geneeën Ausdrock fannen
  • Fir d'Resultater vun der Sich ze klasséieren huet een dräi Optiounen:
    • Auteur, Titel
    • Auteur, Joer, Titel
    • Joer, Auteur, Titel

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]