Bic (Schreifgeschir)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Disambig.svg Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Schreifgeschir allgemeng. Fir aner Bedeitunge vum Wuert "Bic", kuckt w.e.g. Bic.
E Bic, ganz an an seng eenzel Deeler zerluecht.
Spëtzt vun engem Bic mat der Bëmmelchen op där Tëntespure sinn. Dee wäisse Stréch entsprécht 1 mm.
Spëtzt vum Bic, wéi se iwwer de Pabeir rullt.

E Bic ass e Schreifgeschir, dat eng viskos Tënt, déi séier dréchent, aus enger Patroun iwwer eng Bëmmelchen op Pabeier iwwerdréit.

De lëtzebuergeschen Ausdrock ass e Begrëffsmonopol, deen op d'Marque BIC zréckgeet. De Bic geet op Patenter aus dem 19. Joerhonnert zréck, gouf awer eréischt duerch Masseproduktioun nom 2. Weltkrich allgemeng verbreet.

Wéi funktionéiert e Bic?[änneren | Quelltext änneren]

Wann ee mat engem Bic iwwer Pabeier sträicht, dréint sech d'Bëmmelchen, hëlt sou Tënt vu bannen aus der Minn op an iwwerdréit se op der anerer Säit op de Pabeier. D'Bëmmelchen ass aus engem extrem haarde keramesche Material (Wolframcarbid, Markennumm Widia), dat sech net liicht ofnbotzt. Déi meescht Bicken hunn e Mechanismus mat enger Fieder, mat deem een d'Minn kann an e Gehais eranhuelen. Domat verhënnert een, datt een ongewollt Tënt op Material iwwerdréit, wou dat net gewollt ass (Kleeder, asw.). Jee no gewënschter Déckt huet d'Bëmmelchen en Duerchmiesser vun 0,7 bis 1,4 Millimeter, bei ganz rengen och alt emol just 0,2 Millimeter.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Scho vum Galileo Galilei gëtt et eng Skizz, op där eng Zort Virleefer vum Bic ze gesinn ass. Éischt Patenter gëtt et am 19. Joerhonnert. De László József Bíró a säi Brudder Georg, hunn zu Budapest d'Grondform vum haiotege Bic entwéckelt an 1938 an Ungarn patentéiere gelooss.

Den Duerchbroch vum Bic koum duerch de britesche Geschäftsmann Henry George Martin. deen dem Bíró d'Patent ofkaf huet an zesumme mam Frederick Miles 1944 zu Reading déi éischt Fabréck gebaut huet, fir Bicken en masse produzéieren ze loossen. 1945 hat den Amerikaner Milton Reynolds déiselwecht Iddi an huet ënner dem Numm Reynolds' Rocket Bicken an den USA produzéiere gelooss. Deemools waren se nach sou Deier wéi eng Fëllfieder. Well e Problemer mat der Qualuitéit hat, huet en der Dausende missen zréckhuelen, a seng Firma goung 1951 faillite.

De Fransous Marcel Bich hat et eraus kritt, wéi ee verhënnere kann, datt d'Bicke sabbelen. Enn vun den 1950er Joren huet hie säi BIC erausbruecht, dee geduecht war, ewech geheit ze ginn, wann en eidel wier, an huet domat dem Bic als Masseprodukt de Wee opgemaach.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Bic (Schreifgeschir) – Biller, Videoen oder Audiodateien