Bidasoa

Vu Wikipedia

De Río Bidasoa ass e Floss an Nordspuenien an op der Grenz mat Frankräich.

Seng Quell ass an der Géigend vun der Uertschaft Errazu an Navarra, an e leeft bei Hondarribia (Gipuzkoa) an d'Bucht vun Txingudi am Golf vu Biskaya. De Bidasoa ass 66 Kilometer laang, déi lescht 10 dovu maachen d'Staatsgrenz tëscht Spuenien a Frankräich.

D'Fasaneninsel, op Spuenesch Isla de los Faisanes am ënneschten Deel vum Floss ass neutralen Terrain. Op där Insel gouf 1659 de Pyrenäe-Fridden geschloss.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Bidassoa – Biller, Videoen oder Audiodateien