Bidsina Iwanischwili

Vu Wikipedia
Bidsina Iwanischwili
Gebuertsnumm ბიძინა ივანიშვილი
Gebuer 18. Februar 1956
Nationalitéit Georgien, Frankräich
Aktivitéit Politiker, Geschäftspersoun, Entreprener, Ekonomist

De Bidsina Iwanischwili (georgesch: ბიძინა ივანიშვილი), gebuer den 18. Februar 1956 zu Tschorwila, ass e georgesche Geschäftsmann a Politiker.

Hien ass Milliardär an huet am Dezember 2011 eng Biergerbeweegung gegrënnt, aus där am Abrëll 2012 déi georgesch Oppositiounspartei Georgeschen Dram ervirgaangen ass. Déi huet am Oktober 2012 d'Parlamentswale gewonnen. Zanter dem 25. Oktober 2012 ass hie Premierminister vu Georgien.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Bidsina Iwanischwili – Biller, Videoen oder Audiodateien