Biekerech
|
|||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|
| An anere Sproochen: |
fr: Beckerich de: Beckerich |
||||||
| Land: | |||||||
| Distrikt: | Dikrech | ||||||
| Kanton: | Réiden | ||||||
| Gemeng: | |||||||
| Buergermeeschter: | Camille Gira (déi gréng) | ||||||
| Awunner Uertschaft: | 643 (Juli 2006) |
||||||
| Koordinaten: | 49° 43' 55" N 05° 53' 07" O |
||||||
| Uertschaften - Gemengen - Stied | |||||||
Biekerech ass eng lëtzebuergesch Uertschaft, am Kanton Réiden an Haaptuert vun der Gemeng mat demselwechten Numm.
Inhaltsverzeechnes |
Geographesches [änneren]
Biekerech, vun de Leit aus der Géigend Beekerich genannt, läit um Fouss vun de Sandsteekoppen am Süden, mat den héchste Punkten um Kuelebierg an op der Kräizerbuch. Dëse grousse Wassereservoir mécht sech do duerch ganz vill Quelle bemierkbar déi sou eng gutt Qualitéit hunn datt sech am Huewelerwee eng Industrie installéiert huet, d' S.A. des Eaux minérales de Beckerich, déi d'Biekerecher Waasser kommerzialiséiert.
No Westen an no Norden ass den Dall op, an et kann ee bis op déi éischt Éisleker Koppe gesinn.
D'Quellen ëm Biekerech lafen all op Hitten zou fir do als Näerdenerbaach weider an d'Pall an dann an d'Atert ze lafen.
Et sinn dat:
- am Süden: d'Millebaach, déi hir Quell tëscht Mëlleschbuer an Eeschefeld huet an da fir d'éischt an de Milleweier leeft, wou se nach vun de gefaasste Quelle vum Weier gefiddert gëtt. Op der Millen, déi och Seeërei war, huet se d'Turbinne fir Stroumproduktioun ugedriwwe fir d'Duerf mat Elektresch ze beliwweren, bis d' CEGEDEL dat iwwerholl huet. D'Millen, och nach dacks Waxweileschmille genannt nom Numm vum Proprietaire, ass haut am Besëtz vun der Gemeng.
- am Westen: d'Mollbaach, déi aus zwou Quellen um Flouer beim Kallek ensteet.
De Bauerenhaff, deen net wäit dervun ewech läit, dréit den Numm vun dësem Flouer A Kauleks. Den Numm kënnt dohier well de Sandsteen an dësem Eck besonnesch vill Kallek huet a plazeweis schluetwäiss ass.
Verkéier [änneren]
D'Uertschaft ass un d'Stroossenetz ugestréckt duerch d'Nationalstrooss N24 déi vun Arel op Dikrech féiert, den CR301 vun Ielwen op Ell an den CR304 vu Biekerech op Réiden.
Al Biekerecher Hausnimm [änneren]
- A Kalleks oder a Kauleks: op der Arelerstrooss just virun der Kräizung mam Leewelerwee an dem Wee fir an d'Giischerhiel.
- A Jékels oder och Beim Belsch : bei der Kierch, an An Ënnescht-Jékels: am Réidenerwee. (Zwéin Häff déi der Famill Parries gehéiert hunn haut am Besëtz Origer)
- A Kabes: Déi fréier Schmëdd an Epicerie, an der Dikrecherstrooss bei der Gemeng wou et an de Kéchereck geet.
- A Brouder: Vis-à-vis vun der Gemeng. En duebelt Haus dat zwéi Bridder gehéiert hat. Dat lénkst gouf och nach a Schmatts genannt.
- A Growen: op der Kräizung vun der Arelerstrooss an dem Ellerwee.
- A Glueden:
- An Huesen:
- A Schmatten: déi fréier Wiertschaft Holtgen
- A Léitnants:
- An Zäeren: gouf ofgerappt, haut ass do d'Parkplaz virun der Kierch.
- A Wäisses: den éischte Baurenhaff (Reding) riets wann e vu Palle kënnt
- A Luddes: nieft Jékels vis a vis vun der Kierch.
- A Bréckels:
- A Schanen:op der Arelerstross nieft Growen
- A Fabesch:
- A Lukaassen oder och Beim Lukas, dat fréiert Haus Reuter J.P. hannert dem Bëschelchen
- An Nuckessen d'Heemechtshaus vum Egide Thein.
Nimm vu Stroossen a Plazen am Duerf [änneren]
- Op der Schounk
- Suebelwee
- Am Gréngewee
- Am Gronn
- Am Kächereck
- Op der Leng
- Groussgaass
- Burgaass
- Beim Fräiheetsbeemchen
- Hanner dem Bëschelchen
Industrie [änneren]
- S.A. des Eaux minérales tëscht Biekerech an Huewel
Bekannt Leit [änneren]
- Nicolas Bosseler, Resistenzler, Historiker a Schoulmeeschter.
- Camille Gira, Buergermeeschter an Deputéierten.
- Émile Stockreiser, amerikaneschen Air-Force-Offizéier, zu Biekerech gebuer.
- Egide Thein, Offizéier, Diplomat a Geschäftsmann.
Kuckeswäertes [änneren]
Bibliographie [änneren]
- Berbeć, S., 1992. Approche typologique de l'architecture rurale au grand-duché de Luxembourg. Publications nationales. Ministère des affaires culturelles. 169 S. ISBN 2-87984-002-3. (Cf. Biekerech S. 9-24).
Kuckt och [änneren]
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëtzebuerger Kantonen
- Lëtzebuerger Distrikter
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Biekerech – Biller, Videoen oder Audiodateien |