Biereninsel
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Biereninsel ass eng 178 km² grouss Insel an der Barentséi tëscht dem Nordkap a Spitzbergen. Se gehéiert zu Norwegen, an zesumme mat der Inselgrupp Spitzbergen bilt se den Territorium Svalbard.
D'Insel gouf den 10. Juni 1596 vun den hollännesche Séifuerer Willem Barents a Jacob van Heemskerk entdeckt.
Nom Spitzbergenvertrag vun 1920, koum d'Insel ënner norwegesch Souveränitéit. Virdrunner war se Niemandsland.