Bierger vum éiwege Liicht

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Als Bierger vum éiwege Liicht hu fréier Selenographen a Selenodeten déi Moundbierger resp. héich Kraterränner an der Géigend vum Moundnordpol a Südpol genannt, deenen hir Spëtzte bal ëmmer am Sonneliicht sinn.

Beim Südpol sinn se deelweis mat de Leibniz-Bierger identesch. Et zielen awer och e puer Biergketten „hanner“ de grousse Kratere Manzinus a Moretus dozou. Beim Nordpol sinn et Kraterränner a Spëtzten am Beräich vun de Moundkratere Byrd, Peary, Nansen an Hermite.

Opfälleg sinn d'Bierger vum éiwege Liicht virun allem bei schmueler Moundsichel, wou si schonn mat klengen Teleskopen als hell Punkten déi aner Säit vun der Schietgrenz (Terminator) erschéngen, sech also vun der nach donkeler Ëmgéigend däitlech ofhiewen.

Mat mëttelgroussen Teleskopen (vun Aachtzöller un) si schonn eenzel Kraterrand- resp. Biergspëtzte auszemaachen. An dëse Regioune plangen d'Astronomen en Observatoire opzeriichten, deen net vun ierdeschem Streeliicht a Funkverkéier gestéiert gëtt. Am gënschtegste wier et um Rand vun der Moundrécksäit, mä da misst d'Telemetrie iwwer Moundsatellite geschéien. Als Energiequell bitt sech d'Solarenergie un.

D'Däller tëscht Héichten op déi d'Sonn vun der Säit fält leien ëmmer am Schiet, wat och interessant Opschlëss versprécht. Tëscht 1996 an 1999 konnte Radar- a Spektrometer-Miessunge vun de Moundsonde Clementine a Lunar Prospector d'Existenz vun Waasseräis op béide Polen noweisen. – Méiglecherweis ass d'Äis am Regolith vun der Mounduewerfläch enthalen, et kéint awer och a ronn 50 cm Déift kleng Äislënse formen. Béid Méiglechkeete wiere fir d'Raumfaart vu groussem Intressi.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]