Biischtebënner
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Biischtebënner war deen, dee fréier, doheem oder an enger Fabréck, Biesemen oder Biischten gebonn huet. Wann haut vun engem Biischtebënner, am Géigesaz zum Biesemsbënner, Rieds geet, ass dat awer souzesoen ëmmer an engem iwwerdroenën Sënn, fir een mat enger niddreger, discutabler Origine ze bezeechnen, ee mat deem net vill lass ass. D'lëtzebuergesch Riedensaarten spigelen dat, wéi beim Dëppegéisser, haut rëm:
- Saufe wéi e Biischtebënner
- Fluche wéi e Biischtebënner