Bildstabiliséierung

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Bildstabiliséierung ass an der Fototechnik eng Method fir Verwackelungsonschärften ze vermeiden.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Funktiounsprinzipien

Et ginn dräi Methode fir d'Bildstabiliséierung ënnerscheet, déi jeeweils ënner proprietäre Bezeechnunge vun der Fotosindustrie ugebuede ginn.

[änneren] Optesch Bildstabiliséierung

De Mechanissem vun der Bildstabiliséierung kann entweder am Objektiv oder beim Bildsensor ënnerbruecht sinn. Bildstabiliséierungsobjektiver gi vu Canon, Leica, Nikon, Tamron, Sigma a Panasonic ugebueden, eng sensorbaséiert Bildstabiliséierung bidden ënner anerem Pentax, Sony a Fujifilm. Bei der optescher Bildstabiliséierung gëtt entweder de Bildkrees iwwer dem Bildsensor (bei der Realiséierung am Objektiv) oder de Bildsensor ënnert dem Bildkrees (bei der Realiséierung am Gehais) verréckelt.

[änneren] Mechanesch Bildstabiliséierung

Déi mechanesch Bildstabiliséierung kann duerch d'Stëtze vum Fotoapparat, ee Stativ oder och iwwer e Gyro-Stabilisator duerchgeféiert ginn.

[änneren] Elektronesch Bildstabiliséierung iwwert Beliichtungszäitupassung

Déi elektronesch Bildstabiliséierung gëtt haaptsächlech a Videokameraen agesat. Mais och an de Fotoapparate fënnt een Ëmsetzungen, déi meeschtens op dem Noschäerfe vun de Biller oder op enger automatescher Empfindlechkeetserhéichung vum Sensor baséieren.

Commons: Image stabilization – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen