Bildung

Vu Wikipedia

Bildung (vu Mhd. Bildunga, Schöpfung, Gestalt) bezeechent d'Formung vum Mënsch duerch seng geeschteg Fäegkeeten.

De Begrëff bezitt sech souwuel op de Prozess (sech bilden), wéi och op den Zoustand (gebilt sinn). Déi zweet Bedeitung entsprécht allerdéngs engem bestëmmte Bildungsideal, wat eeben am Laf vum Bildungsprozess ugestrieft gëtt. Een Zeeche vu Bildung, dat bal alle Bildungstheorien entsprécht, ass e reflektéiert Verhalen zu sech selwer, zu Aneren an zu der Welt.

De modernen, dynameschen a ganzheetleche Begrëff steet fir en Entwécklungsprozess, dee sech duerch d'ganzt Liewen zitt an duerch deen de Mënsch seng geeschteg, kulturell a liewenspraktesch Fäegkeeten an och seng perséinlech a sozial Kompetenzen erweidere kann.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]